Audi A6 Hybrid
-
De PLUS
- Plazverhältnisser am Auto
- Display-Opléisung
- Immens roueg
-
De MINUS
- Gangwiessel
- Schaukel-Beweegung beim Stoe-Bleiwen
Den Audi A6 ass an der Tëschenzäit schonn an der 8ter Generatioun ukomm.
Do kënnege sech eng ganz Rëtsch Innovatiounen un – wat genee um neien A6 geännert huet, dat huet de Paul Origer fir eis an engem Alldagstest erausfonnt.
Am stännege Konkurrenzkampf géint BMW a Mercedes, huet Audi nees all Regëster gezunn. Deen neien A6 ass struppevoll mat modernster Elektronik an Technik, virun allem ass awer seng Plattform nei – schliisslech stoung d’Elektrifikatioun bei der Generatioun Nummer 8 am Laaschtenheft ganz uewen.
Déi gréisste Changementer
Et ass e bësse wéi wann d’Bomi op Besuch koum. Oh wat bass du grouss ginn! Genee dat hunn ech mer gesot, wéi ech an deen neien Audi A6 geklomme sinn. 7 mm méi Längt an 12 mm méi Breet sinn zwar elo net d’Welt, mee insgesamt kënnt den Uewerklass-Audi sengem gréissere Brudder A8 relativ no. Och am Design, dee besonnesch d’Breet betount an den A6 relativ geduckt dohierkomme léisst. Méi Gréisst kënnt natierlech dem Banneraum zegutt. Och hei ass net onbedéngt méi de Grëff zum A8 néideg. Et sëtzt ee wonnerbar am A6, egal op hannen oder vir. Been- a Kappfräiheet sinn absolut an der Rei. D’Mall ass mat 530 Liter ok, beim Hybrid si knapp 405 Liter awer näischt fir déck Wallissen. Vill Gehierschmalz huet Audi an de Geräischkomfort gestach. Alles wat kéint Kaméidi maachen, gouf effikass erausgefiltert. Eenzeg d’Wanterpneue vun eisem Testauto waren nach ee klenge Stéierfacteur.
Navi an Infotainment
Am Fong fir mech net esou e relevant Thema, mee beim A6 kommen ech net derlaanscht. Hei ass nämlech de Festival vun de Screens. Fonkelnei ass den MMI touch response. Wat heescht dat? Alles, spréch Navi, Infotainment a Klima geet iwwer 2 Touchscreens an der Mëtt. Duerch eng haptesch Réckmeldung huet een awer d’Impressioun, op ee Knäppchen ze drécken. Dat fonctionéiert ganz gutt wann och en Touchscreen awer ëmmer oflenkt. Zum Gléck gëtt et de gudden ale Knäppchen awer nach fir de Volume vum Radio an aner wichteg Funktiounen. Natierlech kritt een op Wonsch nach mam Virtual Cockpit een drëtte Screen fir d’Instrumenter, respektiv elo och een Headup Display. Bei alle 4 Displays begeeschtert déi piekfein Opléisung an déi Hellewull vu Funktiounen. Besonnesch faszinant ass den Navi mat Online-Routeplanung, deen den Tempomat am Viraus programméiert an dem Chauffeur quasi ëmmer déi richteg Vitesse astellt. Leider nëmme quasi, dacks gouf dat eent oder anert Schëld iwwersinn oder war net am Navi hannerluecht.
Den Undriff
Et ass esouwäit... och den A6 kënnt als Plugin-Hybrid. Eisen Testauto war ee 55 TFSI e quattro. Am Kloertext heescht dat een 2.0 TFSI 4-Zylinder Bensinner mat 252 Päerd, kombinéiert mat engem Elektromotor vun 105 kW – Systemleeschtung guer net emol esou schlecht 367 Päerd. Gekoppelt ass dat ganzt un eng 7-Gang-S-tronic an, natierlech den Allradundriff Quattro. An der Praxis ass et wierklech eng faszinant Motorisatioun. 50 km reng elektrescht Fuere si brauchbar, d’Reegelung tëscht Verbrenner an Elektro fonctionéiert ganz gutt an onopfälleg. Leeschtung vermësst ee wierklech zu kengem Zäitpunkt an d’Traktioun ass ëmmer optimal. Wat och begeeschtert, ass natierlech dat komplett lautloost fueren am E-Modus, zemools mat der extremer Rou am A6 eng perfekt Kombi.
E puer Bemöll ginn et awer och... dee ganzen Undriff fonctionéiert leider net ruckfräi. Den E-Motor fiert iwwert d’S-tronic. Dat ass gutt fir den nidderege Verbrauch, et spiert een d’Gangwiessel awer zimmlech gutt. Nach méi stéierend ass et, wann ee bei sportlech dynamescher Fuerweis erofbremse muss, do ruckt et deelweis hefteg. An der Uewerklass fir mech een No-Go. Gestéiert huet och een zimmlech staarkt Schaukele wann ee stoe bleift. A gefeelt huet mer och ee Modus, fir d’Batterië wärend dem Fueren ze lueden. Am Fong schued, well soss huet mer den Hybrid-Undriff immens gutt gefall. Och Fuerspaass kann opkommen, esoulaang et riichtaus geet. Enk Serpentinnen an der Äifel sinn awer definitiv net dem A6 säi Revéier – ze grouss an ze schwéier.
D’Präisser
Oder loosse mer soen, d’Käschten. Spuersam ënnerwee si kann een. Trotz Speck a Form vun iwwer 2 Tonne Gewiicht komme mat Hëllef vu Seegelfunktioun a Rekuperatioun labber 5 - 6 Liter Moyenne an och emol manner zesummen, voll Batterie virausgesat. Sinn déi platt, da sinn trotzdeem gutt ënner 10 Liter méiglech, wann een op der däitscher Autobunn d’Kierch am Duerf léisst. Déi ganz Technik huet trotz allem awer hire Präis. Dee klengen Hybrid 50 TFSI e start bei 60, eisen Test-A6 55 TFSI e bei Minimum 70.000 Euro. An déi vill kleng a grouss technesch Innovatioune kaschten natierlech och, esou dat emol séier un den 100.000 Euro ka gekraazt ginn.