Genee op den Dag vun haut feiert de Range Rover säi 50. Gebuertsdag.

Den 17. Juni 1970 gëtt deen éischten Range Rover offiziell devoiléiert. En halleft Joerhonnert si si elo schonn ronderëm de Globus ënnerwee, a maachen ëmmer eng gutt Figur. De Christian Schmit huet deen aktuelle Range Rover, an ee vun der éischter Generatioun zesummebruecht.

Automag: 50 Joer Range Rover

Chic um Boulevard a viru Schlässer a Buergen, oder ganz usprochsvoll duerch Deck an Dënn, e Range Rover mécht ëmmer eng gutt Figur, a beherrscht béides, an dat an allen Härelänner. Vläicht ass dat och d’Geheimnis vum Erfolleg zanter 50 Joer.

D’Entwécklung vum Range Rover fänkt schonn 1966 un. Charles Spencer King an Gordon Bashford heeschen déi zwee Ingenieuren, déi d’Iddi haten. Eng Kräizung aus kraaftvollen Offroader a confortabeler Limousine.

3 Joer drop sinn déi éischt Prototyppen op Testfaart gaangen, an eben op engem 17. Juni gouf en dunn offiziell presentéiert.

De Novum vun deemools, eng onverwiesselbar Optik, anescht wéi gängeg Offroader ass bis haut bliwwen. Elegant kanteg an ëmmer mat deem néidege Prestige.

Fir de Fotoshooting „Old meets new“ war en 1994er Modell ugetrueden, a Jaguar Land Rover hat eegens den Topmodell Range Rover Autobiography Long Wheel Base op Lëtzebuerg geliwwert.  Eng Versioun, mat där de William an d’Kate, oder méi richteg, de ganze britteschen Haff gären ënnerwee ass. Luxus bis an de klengste Karosserie-Wénkel. Eng confortabel Fiederung, permanent 4X4-Traktioun an Top-Fuerleeschtungen, an en zwee gedeelten Hayon gouf et, a gëtt et nach ëmmer. Déi Parallelle gesäit och de Proprietär vum 94er Range, den Thimothey Cuignet.

Gutt erhalen Exemplairen aus der éischter Serie hu sech rar gemaach. Fir eisereen ass et och en Dram, den 186.000 Euro Range Rover mam 4,4 Liter V8 Sound ze beweegen. Beim Landadel, Jeeër, Police a Protex war de Range séier beléift. Eréischt no 11 Joer koum e Facelift mat méi Luxus a 4 Dieren.

Rekordverdächteg sinn och 24 Joer Bauzäit bis zum Modell-Wiessel. Iwwerhaapt ass de Range Rover mat senge 50 Joer eréischt an der 4. Serie, a konnt laang säi Status vum Modell ouni direkte Konkurrent halen. Den éischten Trounfollger koum am Joer 1994. Déi zweet Generatioun gouf schonn ënnert der Regie vu BMW produzéiert, déi de Rover Group iwwerholl hat.

E Genoss ass déi elektronesch gesteiert Loftfiederung, déi automatesch d’ Buedem Fräiheet dem Terrain upasst.

Vum Erfolleg verwinnt, sollten awer mat der 2. Generatioun méi moer Zäiten ubriechen. „Number three“, déi sollt erëm bei der Fan-Communautéit op grouss Resonanz stoussen. Eng onverwiesselbar Silhouette sollt ëmmer nees den Design definéieren. Och ënnert d’Hauf koumen no an no méi staark a souverän Motricen. De brittesche Charme mat Confort a Luxus suergen bis haut fir en nobelen Ambiente.

2013, mat der 4. Generatioun gouf de Range Rover dunn net nëmme bei d’Visagistin, mee och an d’Kuer geschéckt, a sollt 400 kg ofspecken. Den héijen Standard fir d’Elite-SUV gouf nach eng eng Kéier ugehuewen. Natierlech hat sech antëscht am Segment vun de Luxus-Offroader vill gedoen, mee e Range Rover spillt och als Klassiker a senger eegener Liga.

Happy Birthday, an cheers op déi nächst 50!