Volkswagen T-Roc Cabriolet

© Volkswagen
-
De PLUS
- Aussen-Design
-
De MINUS
- Tristen Interieur
Den eenzege Cabriolet, dee VW nach am Programm huet, ass en SUV.
De Serge Pauly huet déi ongewéinlech Kombinatioun T-Roc Cabriolet getest. Seng Conclusioun: VW kann decapotabel, schued dass se keen "normale Cabrio" méi am Programm hunn.
Et gouf Zäiten, do hat VW dräi Cabrioen parallel am Programm: den Eos, de Golf Cabrio, de Beetle Cabrio. Déi goufen een nom aneren agestallt, ze vill Nischeproduit, rentéiert sech net, Stréch drënner. Elo gëtt dann den T-Roc Cabriolet aus dem Hutt gezaubert. Sécher, de klenge SUV T-Roc verkeeft sech wéi waarm Bréidercher, mä op een deen Erfolleg och op eng decapotabel Versioun ëmleede kann? D'Beispill vum RangeRover Evoque Cabrio, dee jo mëttlerweil och gestoppt gouf, weist dass d'Clientele dann awer zeréckhalend op esou en Open-Air-SUV reagéiert.
D'VW-Strategen kréien also mol eng Datz vun dir, mä wéi schneiden dann d'Designer of?
Zimmlech gutt. Esou e SUV-Cabrio gesäit zwar e bëssen ongewinnt aus, mä den T-Roc ass à la base scho keen ellenen Auto, an d'Cabrio-Versioun gefält mir ästhetesch esouguer nach e Stéck besser. Et si knackeg kompakt Proportiounen. En ass e bësse méi flaach wéi den normalen T-Roc. D'Form vum Verdeck ass och ganz reusséiert. E Spoiler um klenge Mallendeckel suergt bei eisem Testauto nieft aneren R-Line-Accessoire fir e relativ sportleche Flair. De Cabriolet ass iwwregens en Zweedierer, och dat gesäit guer net esou verkéiert aus.
E SUV mat nëmmen zwou Dieren. Ass dat wierklech praktesch?
D'Diere sinn natierlech zimmlech laang. Fir do an enke Parkplazen eran- an erauszeklammen, muss ee sech schonn zimmlech diebelen a verrenken. A wann den Daach zou ass, ass och de Wee op d'Réckbänk e bëssen ëmständlech. Mä bon, wann ee bis dra sëtzt, profitéiert ee vir vun engem gudde Raumgefill. Op der Réckbänk ass d'Kappfräiheet iwwerraschend gutt. Nëmme fir d'Knéie ass iergendwéi keng Plaz méi. An der Mall verléiert een natierlech e bësse Plaz, mä si ass awer nach grouss genuch. Wichtegen Detail: d'Mall ass ëmmer d'selwecht grouss, egal op d'Verdeck op oder zou ass. Een Nodeel vun esou engem héije SUV-Cabrio ass mir awer opgefall: et brauch ee relativ vill Kraaft fir de Mallendeckel zouzejummen...
Beim Verdeck brauch een awer keng Muskelkraaft?
Nee, vollekeltresch, Knäppchen drécken, 9 Sekonne waarden, esouguer iwwert dem Fuere bis Tempo 30. An da kann een déi frësch Loft genéissen... Op d'mannst vir. Ech hu mir soen gelooss, dass et hannen nawell zimmlech lëfteg ass.
D'Finitioun wäert typesch VW sinn?
Wat och ëmmer dat heescht... Bei VW dominéiert zënter e puer Joer de roude Bic, a beim T-Roc gesäit een dat schonn zimmlech gutt. Vill haarde Plastik, Elementer déi net ganz passgenee agebaut sinn. Do mécht och de Cabrio leider keng Ausnam. Et ass nach alles zolidd, mä net méi esou Premium, wéi een dat vläicht nach virun fënnef Joer gewinnt war. Ofgesinn dovunner, dass ech den Interieur alles an allem e bëssen triste fannen, ze vill schwaarz, ze vill sober, grad beim Cabrio hätt een do e bësse méi Pepp erabrénge kënnen.
Wéi fiert sech den decapotabelen T-Roc dann?
Den normalen T-Roc huet schonn net déi schlechtste Stroosselag. Sportlech direkt, kombinéiert mat genuch Confort. Och d'Lenkung ass relativ direkt. An ech war agreabel iwwerrascht, dass sech de Cabrio ganz änlech fiert. D'Stroosselag huet mir direkt gefall, bei Motor-Boite hunn ech e bësse gebraucht, fir waarm domadder ze ginn. Ech hat e 1500er, 150 Päerd, mat 7-Gang.DSG. Déi Kombinatioun huet eng gewësse Schwächt beim Ufueren, an och wann ee mol ruckaarteg acceleréiere muss, leeft dat alles net ganz esou geschmeideg of. Deem relativ klenge Motor feelt et fir esou e groussen Auto awer un Dréimoment, d'Boite verléiert do dann d'Schlappen. Wann een awer gemittlech fiert, gläichméisseg acceleréiert, da maachen déi 150 Päerd e gudden Androck.
Mir mussen nach e klengen Ëmwee iwwert d'Präislëscht maachen!
Basis 30.800, mam 1500er Motor minimum 33'400 Euro. Eise vollequipéierten Testauto 48'000 Euro. Jee no Equipement a Motor kascht de Cabrio 5 bis 6.000 Euro méi wéi den normalen T-Roc.