BMW 8er Gran Coupé

© BMW
-
De PLUS
- Motor
-
De MINUS
- Net grad praktesch
Den 8er Coupé ass dee warscheinlech flottste BMW-Modell. Elo gouf dës Schéinheet an d'Längt gezunn.
De Serge Pauly huet den 8er Gran Coupé probéiert. Am 850i treffen Eleganz a Power openeen.
Och wann een als Autosjournalist neutral muss sinn, ech ka mir virstellen, dass een trotzdeem seng Lieblingsmarquen oder -modeller huet... Du hues mir grad erzielt, dass Du schonn als Bouf Fan vum 8er BMW wars?
90er Joren, den E31, virun allem den 850i, deemools nach mat 12 Zylinder, a Klappluuchten... dat war wierklech d'Kategorie Dramauto. 1999 war awer Schluss domadder, eréischt e puer Joer drop huet BMW mam 6er erëm e grousse Coupé erausbruecht. Mëttlerweil gouf de 6er duerch den 8er ersat. An dat ass a mengen Aen wierklech dee schéinste Modell an der aktueller BMW-Gamme, an déi Schéinheet gouf elo eben och an d'Längt gezunn. Vu 4m84 op 5m08, plus 24 Zentimeter, fäerdeg ass de 8er Gran Coupé.
An déi Verlängerung ass dem 8er gutt bekomm?
Op den éischte Bléck natierlech als 8er ze erkennen: grouss Calendre, schmuel Luuchte vir, och beim Hënneschte falen déi scho bal filigran Luuchten op, kombinéiert mat de relativ grousse Auspuffblenden, relativ breet Schëlleren. Et ass déi selwecht Mëschung tëscht Eleganz a Sportlechkeet, déi een och beim 8er Coupé erëmfënnt. Si sinn allen zwee aus engem Goss, mä do wou de Coupé e bësse méi knackeg ass, sinn d'Ligne beim Gran Coupé e bësse méi fléissend elegant. An de Coupé gesäit wierklech no Verschwendung aus: extrem vill Auto fir nëmmen zwee Leit. De Gran Coupé huet 4 Dieren, eng valabel Réckbänk, wierkt also e bësse wéi dee grousse, méi verstännege Brudder. Flott fannen ech se allen zwee, si polariséieren definitiv manner wéi den neie 4er Coupe, dee jo d'lescht Woch presentéiert gouf.
Eng valabel Réckbänk: wéi vill Plaz huet een dann am Gran Coupé?
Coupé: onméiglech hannendran ze sëtzen. De Gran Coupé bitt relativ vill Knéifräiheet. Mä d'Ligne ass relativ flaach, besser wann d'Hoer ganz kuerz geschnidde sinn. Och wann d'Schëllerfräiheet eigentlech gutt, fillt een sech duerch déi schmuel Fënsteren hannen e bëssen agëenkt. Soss ass et net dee prakteschsten Auto. D'Ouverture vun der Mall ass relativ schmuel, an och d'Diere si relativ laang. Op enge Parkplaze muss ee sech scho verrenken fir eran- an erauszeklammen. A propos Parkplazen. den 8er Gran Coupé ass richteg laang, richteg breet, richteg oniwwersiichtlech... vill Spaass beim Parken!
Du has den 850i am Test. Dat ass awer keen 12-Zylinder méi, wéi deemools bei dengem Dramauto?
Nee! Awer ëmmerhin nach 8 Zylinder. E 4,4 Liter. 530 Päerd, 750 Newtonmeter, en extrem sonore Klang, op d'mannst baussen, banne kritt ee leider net esouuuu vill dovunner mat. De Motor ass e Gedicht! Do sinn och nach genuch Leeschtungsreserven, dass déi 100 Kilo, déi de GranCoupé méi weit wéi de klenge Coupé, net weider an d'Gewiicht falen. Beim Fuere spiert een se op jiddwer Fall net, och wann op der Stoppauer de Sprint vun 0 op 100 zwou Zéngtel méi laang dauert.
Wat ech nach net ganz verstanen hunn: ass et e Sportswon, oder awer éischter eng bësse sportlech Limousine?
Definitiv dat zweet. Virun allem beim Coupé huet BMW déi sportlech Säit extrem betount, an do hat ech scho Krämpes dat ze gleewen. Bei knapp 2 Tonnen sinn déi sportlech Talenter dann awer zimmlech limitéiert. Den 8er ass einfach e Gran Tourisme, eng sportlech ugehauchten Auto mat den néidege Confortreserven. Dat wat fir de Coupé scho gëllt, gëllt ëmsou méi fir de Gran Coupé. Op der Autobunn e Genoss, och wann een d'Maximalvitesse net op däitschen Autobunnen ausreize muss, op der Landstrooss ok, ouni dass ech elo extra en Ëmwee géif maachen, fir mech z'ameséieren.
Dann d'Rechnung wannechgelift...
De Basispräis geet vun 90'000 fir de 6-Zylinder 840i bis 150'000 Euro fir den M8. Den 850i läit mat knapp 125.000 dertëschent, virun Optioune selbstverständlech.