Porsche Taycan

© Porsche
-
De PLUS
- Eckdaten
- Beschleunegung
- Spassfaktor
-
De MINUS
- Gewiicht
Sportswon an Elektroauto: passt dat wierklech zesummen? Porsche huet eng kloer Äntwert op dës Fro: Taycan!
De Serge Pauly huet den éischten Elektro-Porsche probéiert. Seng Conclusioun: den Elektrospaass ass effektiv garantéiert, mä mat "mobilité douce" huet dat net méi vill ze dinn.
Wéi vill Spaass kann ee mat engem Elektroauto hunn? A passe Sportswon an Elektroauto iwwerhaapt zesummen? Porsche huet zënter kuerzem eng kloer Äntwert op dës Fro, an déi nennt sech Taycan. Du hues e probéiert! Wéi vill Spaass has du dann?
Ganz kuerzen Test, mä ech hat vun der éischter bis déi leschte Minutt e Grinsen am Gesiicht. Also fir op deng Fro z'äntwerten: JO, mat engem Elektroauto kann ee sech och ameséieren! Och Am Autoquartett hätt ee mam Taycan effektiv gutt Kaarten.
Da lee d'Kaarten emol op den Dësch!
Testauto: Taycan Turbo, mëttelst Versioun. 626 Päerd Dauer a 680 Päerd Spëtze-Leeschtung, 850 Newtonmeter Dréimoment, zwee Motoren, deen hënneschte Motor esouguer mat enger 2-Gang-Boite, Allrad-Undriff, 3.2 Sekonnen vun 0 op 100, ofgeriggelt bei 260 Kilometer an der Stonn, optional Allradlenkung. Ech mengen déi Chiffere schwätze fir sech. Nach eng Versioun drënner: Taycan 4S mat 530 Päerd. An eng Versioun driwwer: Taycan Turbo S mat 760 Päerd Spëtzeleeschtung.
Dat kléngt effektiv spaasseg!
Acceleratioun an Traktioun souwisou, kënnt quasi un den Nissan GTR erun, eng Kéier méi zackeg bei enger rouder Luucht fortgefuer, selwer erféiert... Also Power am Iwwerfloss. Mä du kenns mech: PS an aner Zuele ginn net duer, fir mech z'impressionéieren. Wat mir direkt opgefall ass, nach iert ech de Startknäppche gedréckt hunn: déi niddereg Sëtzpositioun. D'Zuffenhausener Ingenieuren hunn d'Akkuen esou positionéiert, dass Chauffer a Passagéier quasi dotëschent sëtzen, an net uewendrop trounen.
Leeschtung, Sëtzpositioun... geet dat duer, fir dass sech den Taycan wéi e "richtege" Porsche ufillt?
Porsche huet groussen Tamtam gemaach, iert se den Taycan erausbruecht hunn. Du has den Androck, si hätten den Elektroauto nei erfonnt. Elo wou ech mam Auto gefuer sinn, muss ech soen: si hunn all Grond houfreg ze sinn. Si hunn et nämlech fäerdeg bruecht, dass den éischten Elektroporsche duerch an duerch e Porsche ass. En huet am ganzen Handling déi Schäerft, déi Prezisioun, déi einfach typesch Porsche ass. D'Allradlenkung suergt fir zousätzlech Dynamik... A grad ewéi de Panamera bréngt en et fäerdeg, nieft der Kategorie Sport och d'Kategorie Confort bal perfekt ze beherrschen. Wierklech flott, bis op e gewësse Punkt, an do kommen ech da bei de B-Moll: d'Gewiicht.
Wéi vill brénge mir dann op d'Wo?
Ech? 100 Kilo. Den Taycan 2.4 Tonnen... Dat bréngt Aschränkunge beim Fuerspaass mat sech. An et ass Gewiicht, dat beweegt muss ginn, an dat kascht Energie. 2.4 Tonne fir 4 Leit an e bësse Gepäck vun A op B ze bréngen, dat ass ekologeschen Nonsense, egal ob s de elo Stroum oder Bensin tanks. Den Taycan weist, dass ee sech och ouni Oktan perfekt ameséiere kann, mä et ass keen ëmweltfrëndlechen Auto, do däerf ee sech näischt virmaachen.
Fir iwwert dës philosophesch Froen nozedenken, huet ee jo da gutt Zäit, wärend den Taycan opluet?
Dat ass spéitstens no 370 Kilometer néideg, dat ass d'Autonomie bei normaler Fuerweis. Wien déi 680 Päerd ausreizt, gesäit wéi d'Autonomie schmëlzt. A wann déi grouss 84-Kilowattstonn-Batterie ganz eidel ass, dauert d'Oplueden un enger normaler Steckdous knapp 24 Stonnen. Dofir gëtt effektiv eng Wallbox recommandéiert fir d'Luedzäiten ze verkierzen. Klenge prakteschen Detail: den Taycan huet riets a lénks en Uschloss, du muss also net de Kabel duerch déi hallef Garage zéien.
Mir hunn elo vill iwwert den Undriff geschwat, an nach guer net iwwert déi praktesch Qualitéiten?
E puer Stéchwieder: e ganz moderne Cockpit, mat esouguer engem zweeten Entertainment-Ecran fir de Bäifuerer (éischter iwwerflësseg Optioun). D'Raumgefill ass gutt, d'Mall ass ok, d'Vue no hannen ass eng Katastroph. D'Finitioun ass meeschtens gutt, ech hunn awer och bëllegen haarde Plastik fonnt, beispillsweis déi hënnescht Ofdeckung vum Steierrad. Fir en Auto, dee minimum sechsstelleg kascht, ass dat e bësse schappeg.
Apropos Präisser...
Basis 4S kascht minimum 103, den Turbo 150, den Turbo S 180.000 Euro, plus Optiounen ass eng 2 vir also duerchaus realistesch. Vill Suen, mä Elektrotechnik a Batterien kaschten. Ech géif warscheinlech awer en 911 bestellen, esou laang wéi dat nach erlaabt ass.