Jonk Leit an Oldtimer

© Paul Origer
Lëtzebuerg huet eng immens grouss Oldtimer-Communautéit an deemno och eng ganz Rëtsch Clubs wou d’Fans vum alen Auto sech zesummendinn.
Allerdéngs fäerten dës Associatiounen ëm hir Zukunft. D’Altersmoyenne geet erop an den Nowuess feelt. Wéi gesäit et aus? Interesséiere sech jonk Leit fir Oldien oder wéi kritt ee se dofir begeeschtert? De Paul Origer huet sech bei engem vun de grousse Lëtzebuerger Oldtimer-Clubs informéiert.
Iwwer 200 Memberen zielt de Veteran and Vintage Car Club Lëtzebuerg. De Fuerpark deelt sech deemno a verschidde Gruppen op. Déi zwou gréisst sinn déi vun de Virkrichsautoen a vun de Gefierer déi nom Krich gebaut goufen – zu enger ganz klenger Zuel sinn d’Chauffere vun de Youngtimer. Deementspriechend läit beim VVCCL d’Altersmoyenne méi no bei 60 wéi bei 50. Fir de President vum Club Jean-Paul Felten ass kloer, wou de Problem läit:
Jean-Paul Felten: Vun deene Jonken, déi hu keen Attachement zum Virkrichsauto. Et ass eng ganz aner Welt, vun der Technologie hir, vum Auto, vun der Performance vum Auto. Déi Jonk erënnere sech nach un d’Autoe vun hiren Elteren an do war jo dann awer schonn e bësse Performance an deene Maschinnen. Net wéi haut, mee domadder konnt ee liewe wéi een esou schéi seet. An do hu mer villäicht eng Dose Leit, déi do wierklech attachéiert sinn.
Woumat mer beim Nokrichsauto wieren, virun allem Gefierer aus de 60er Joren wéi Ford Mustang a Co si beim gewënschten Nowuess héich am Cours – awer leider och am Präis.
Jean-Paul Felten: Wann ech elo déi Jonk kucken, déi mat esou eppes kommen, déi da stolz sinn op hiert Gefier, déi dann 10 – 15.000 Euro ausginn hunn, dat ass schonn e Pak Geld. Dat sinn dann e puer Monatsléin fir déi se hu misse “malochen”, fir déi Suen eranzekréien. An da stinn anerer niewendrun aus de 50er, 60er Joren mat 40-, 50-, 60.000 Euro Maartwäert, dat ka sech e Jonken net méi leeschten. A wann do eppes drukënnt, da gëtt et wierklech schwiereg. Well awer um Maart och d’Reservedeeler bëssen ufänke knapp ze ginn a wat ech dann nach gesinn, dat ganz wéineg Mecanicienen a Garagisten sech domat wëllen ofginn.
Also hëlleft nëmme selwer dru schrauwen. An hei kënnt d’Erfarung vun de méi eelere Semester an d’Spill. Reegelméisseg bleiwe jonk Oldtimerfans virum Jean-Paul Felten senger Garage halen, fir wäertvoll Tipps mat op de Wee ze kréien. An esou gi si och mat viru geholl. Och Autosméisseg muss an de Clibb ëmgeduecht ginn, well och den Oldtimer gëtt am Fong ëmmer méi jonk.
Jean-Paul Felten: Dat den Oldtimer méi al wéi 30 Joer soll sinn, fir een Oldtimer ze sinn – bon, ok, d’accord. Awer et ginn och ganz flott aner Alternativen, firwat soll een déi net zouloossen? En Auto aus den 90er ass no bei 30 Joer, mir mussen dat emol esou gesinn. Wa mer een vun 91, 92, 93 huelen, dann ass deen an 2 – 3 Joer laut Definitioun een Oldtimer.
Um Autojumble vun dësem Joer huet de Veteran and Vintage Car Club versicht, d’Besicher schonn e bëssen op de Goût ze bréngen. Firwat net ee Mini vun 89, eng 2CV, oder eng R4 – och e Ford Fiesta aus den 80er ass fir vill jonk Leit den Auto aus der Jugend. Esou Autoe wëll de VVCCL op jidde Fall an Zukunft matfuere loossen ewéi och mat spezielle groussen Treffen jonk Memberen unzéien:
Jean-Paul Felten: Dat éischt wat meng Iddi war, dat war jo fir Renconteren ze maachen, wou jo jonk Leit ugesprach ginn: “kommt dohinner, kommt op e Patt emol ganz einfach” oder mer treffen eis iergendwou a mir grillen. Dat mer emol ee soziale Kontakt kréien tëschen deene bësse méi alen an deene jonken. Dat war elo mäin éischten Usaz, deen natierlech elo duerch déi aktuell Zäit komplett an d’Box gaangen ass. Doduerch huet een natierlech och keng Leit méi kënnen uspriechen. Wann ech elo zeréck kucken op dat lescht Joer, d’LOF huet hiren allmonatleche Breakfast do gemaach, dat war bomme besicht a vu ganz, ganz ville méi jonke Leit.
D’Corona-Pandemie huet also och dem Club-Liewe keng Faveur gemaach. Eent ass op jidder Fall sécher; den Oldtimer-Fans, egal op jonk oder al, kribbelt et am Gasfouss a si wäerte geschwënn nees mat hire Schätzeger ënnerwee sinn.