• De PLUS

    • Design
    • Fuerwierk
    • Immens roueg
  • De MINUS

    • Säitenhalt vun de Sëtzer

Schonn iwwer 10 Joer ass Ford mat hirem kompakten SUV am Geschäft. Elo start de Kuga an déi drëtt Generatioun.

An déi markéiert e ganz neie Schrëtt an der Ford-Geschicht – et ass nämlech deen Auto an der Modellgamm, deen am meeschten elektrifizéiert ass. Wat et genee domat op sech huet, dat huet de Paul Origer an engem Alldagstest erausfonnt.

Automag: Ford Kuga

2008 koum deen éischte Kuga eraus an deen hat direkt grousse Succès – mat engem kompakten SUV loung Ford deemools voll am Trend, en plus war de Kinetic Design richteg gutt gelongen. No enger bësse manner charakterstaarker zweeter Generatioun ass et elo um Kuga Nummer 3, an deen huet net nëmmen am Design, mee virun allem an der Technik evoluéiert.

Déi gréisste Changementer

Normalerweis fänke mer net mam Motor un, mee hei schonn. De Kuga laut nämlech d’Ära vun der Elektrifikatioun an. Jo, Hybrid-Modeller goufen et schonn, mee beim Kuga ass dëst méi konsequent ëmgesat. An der Plugin-Versioun kann hien nämlech reng elektresch fueren, an dat esouguer relativ brauchbar 50 km wäit. Bei eidele Batterien iwwerhëlt een 2,5 Liter Saugbensinner bis déi nächst Steckdous fonnt ass oder, wärend dem Fuere via Charge-Modus oder bei der Rekuperatioun einfach erëm opgeluede gëtt. An dat ganzt fonctionéiert wierklech extrem onopfälleg. Wann een net grad am Display ugewise kritt, wéi een Undriff de Moment schafft, da kritt een dat emol net mat. Well besonnesch un der Rou bannenan gouf vill verbessert. Wand, Motor oder Fuerwierk – dat alles ass quasi net, oder wéi bei der Topversioun Vignale mat Noise Cancelling System, iwwerhaapt net ze héieren. Perfekt also, fir déi exzellent B&O-Anlag ze genéissen.

Den Design

Dat ass deen nächste grousse Changement. Ford huet seng Linn fonnt. De Kuga reit sech perfekt an deen neie Stil, esou wéi e vu Fiesta a Focus agelaut gouf, an. Eng stëmmeg Silhouette, gutt Proportiounen ouni ze déck opzedroen – do hat den Designer eng gutt Hand. Iwweregens och bannenan – ech erënnere mech nach un deemools, wou de Kuga 1 einfach tel quel dem C-Max säi latzegen Interieur iwwerholl hat. Elo gesäit dat, besonnesch an der Topversioun, richteg gutt aus.

Den Interieur

E puer Zentimeter manner wéi zum Beispill ee Focus Kombi heescht an deem heite Fall awer vill méi e lëftegt Raumgefill. Plaz ass masseg am Kuga, hannen esouguer luxuriéis Beefräiheet an och vir sëtzt de Chauffeur richteg gutt. E bësse méi Säitenhalt kéinten d’Sëtzer nach bidden, och war an eisem ST-Line relativ vill haarde schwaarze Plastik am Asaz, dat ass elo net esou schéin. Minimum 475 Liter passen an d’Mall, beim Hybrid esouguer nëmmen 411, dat kéint beim grousse Familljenausfluch knapp ginn.

De Fuerspaass

Kann ee mat engem SUV Fuerspaass hunn? Am Fong hätt ech direkt nee gesot. Mee bei Ford wësse mer, Fuerwierker bauen, dat kënne se. An do mécht de Kuga keng Ausnam. Trotz héijem Gewiicht läit en immens gutt, den Hybrid wéngt dem déiwe Schwéierpunkt esouguer nach besser. An een heefege Kritikpunkt, nämlech déi ze liichtgängeg Steierung kënnt hei och net op, am Géigendeel. Scho laang gouf et an engem SUV keng esou matdeelsam an direkt Steierung méi. Mee net eleng d’Stroosselaach, och den Undriff mécht Spaass, an do ass de PHEV den däitleche Favorit. D’Kombi aus Elektresch a Bensin ass spontan an total ruckfräi. Maximal 225 PS si genuch Leeschtung fir virunzekommen, esouguer och op der Autobunn. Eenzeg déi liicht Dréihmomentschwächt vum Bensinner eleng, an déi stufelos Automatik suerge bei Vollgas dann awer emol fir een Ophurelen. Déi aner Testmotorisatioun, een 2 Liter Bensinner Mildhybrid mat Startergenerator mécht dat méi souverän, allerdéngs waren deem seng 150 PS op der Autobunn e bësse just.

D’Präisser

Gestart gëtt ënner 30.000 Euro, nämlech ronn 27.300 kascht dee klengen EcoBoost Bensinner als Trend. Fir de Plugin Hybrid sinn 10.000 Euro méi ze berappen, bei 37.300 geet et un an hält beim Vignale a vollem Ornat bei knapp 50.000 op. Fiert ee vill elektresch, da weist de Bordcomputer fantastesch 3 Liter Verbrauch un, do kann ee jo dann eventuell e ganze Batz Suen nees erafueren.