• De PLUS

    • Look
    • Plaz
  • De MINUS

    • Schwéier Mall ouni Elektromotor

0, tjo dat ass gemenkerhand net vill. Mee wann di 0 an der Mëtt tëscht Zuele steet, dann ass dat schonn eppes anescht.

Wéi bei Peugeot, wou beim 208 eng 0 bäi kennt an dann hu mir den 2008 an enger neier Oplag. En Auto, deen de Christian Schmit fir eis gefuer ass.

Automag: Peugeot 2008

Well och deen Testauto war schonn am Land, éier di ganz Restriktioune lass goungen. Viru kuerzem sinn ech jo den 208 gefuer, elo dann eng Nummer méi grouss den 2008. Dee gouf et schonn, mee dat war awer eng ganz aner Nummer. Den 2008 awer elo méi SUV, a réckelt elo méi no un di aner Modeller aus der Gamme erun. En ass 14 Zentimeter an der Längt gewuess, an och der 3 an der Breet, a spillt och elo definitiv an der SUV-Ekipp. Net wéi säi Virgänger, deen 2013 nach stilistesch méi esou en héichgeluechte Crossover-Break war.

Do hate Konkurrenz Modeller, net nëmmen aus Frankräich scho méi ze bidden. Elo da wéi gesot de radikale Changement vum Modell, deen iwwregens net am Hexagone, mee zu Vigo a Spuenien vum Band leeft.

Déi Kéier war den Test Auto net voll gestoppt mat Optiounen. Den Ausstattungsniveau louch am Mëttelfeld, bei Peugeot heescht dat dann Allure. Optesch also elo méi no un deenen anere Modeller an der Gamme? Vum Design hir, geet et elo méi a Richtung vun engem 3008, y inclus dann och déi iwwerdimensional LED Luuchten am Pare choc. Affaire de gôut, mee egal wéi, si droen zur Eegestännegkeet bäi. E bësschen Off Road Look dann och nach, mee eng 4X4 Traktioun ass net am Programm.

A wéi presentéiert sech dann den Interieur ?

Jo och hei gesäit een de radikalen Ënnerscheed zum alen 2008. De futuristeschen a modernen I-Cockpit am 3D Look huet ee viru sech, mat zwee Ecranen. Dee fir Navi an Entertainment ass zum Chauffer hin ugewénkelt. Den 10 Zoll Ecran ass tactile, an heiansdo wëllen d’Funktiounen e bëssche gefléift kréien, fir dat gewënschte Resultat.

Mam mëttlerweil gewinnte klenge Steierrad léisst sech den 2008 gutt manövréieren. Deen hannert dem Volant muss sech awer grad mat deem arrangéieren, fir dass alles am Bléckfeld bleift.

Bannenan ass och elo méi Plaz. Vir an hanne mierkt ee schonn, dass den 2008 richteg erwuesse gouf. Do schauere keng Knéie méi um viischte Setz vrun engem.

Sollte mir deemnächst erëm dierfen e gréisseren Ausflug ënnerhuelen, oder op d’Rees, de Peugeot erlaabt dat.

Well och an d’Mall passt elo méi wéi beim Virgänger. Si huet en duebele Buedem, an esou sinn et jo no Konstellatioun 405, oder 434 Liter. Kloer dass di hënnescht Sëtzrei sech ëmklappe léisst, an da sinn et iwwer 1400 Liter. Oder anescht ausgedréckt, passt alles dran, fir de Familljenausfluch. Wat nervt ass dee schwéieren Hayon. Hei hätt ee sech en Elektromotor fir op a virun allem zou gewënscht.

An esou a Saache Moteur, wat gouf do gebueden ?  

Net anescht wéi sengem klenge Brudder 208, ass den Elektro-2008 fest mat ageplangt. Um Internetsite vun der Mark mam Léiw am Küler kann een zwar schonn eng Offer ufroen, mee konkret Präisser ginn et nach net.

Esou war et den 1200er 3 Zylinder Pure Tech deen Déngscht hat. Eng Versioun, déi dacks bei Peugeot gewielt gëtt. Hei huet een dann nach de Choix tëscht 130 an 155 Päerd. Di lescht genannte Variant géif sécherlech e gudde Schotz méi Dynamik bréngen. Den 3 Zylinder hält sech am Ralenti zimmlech zeréck, mee leet awer dann vehement un Dezibel zou, soubal seng Leeschtung ofgeruff gëtt. Mee soss passt dee Moteur gutt zum 2008, an 230Nm Dréimoment bei 1750 Touren ginn eigentlech och duer. Déi Kéier si mir d’Versioun mat der 6 Gang manuell Schaltung gefuer. Ass net onagreabel, mee ech mengen den Investment an d’Automatik wier sécher e Gewënn u Confort.

Apropos Confort. D’Fiederung kritt déi meescht Bossen um Makadamm gutt gefiltert, d’Lenkung kéint méi Réckmeldung verdroen. Mee den 2008 ass souwisou manner flénk ze beweege wéi den 208.

A punkto Sécherheetsequipement gouf et och e Progrès par Rapport zum Virgänger. Mee munches kascht Oppräis, an dat bréngt mat sech, dass et bei EURO NCAP 4 oder 5 Stären Zensure ginn.

A wéi fält dann de Fazit aus?
 

Ästhetesch ganz gelongen a präislech esou kalkuléiert, dass e säi Match am beléiften SUV-Segment dierft maachen. Zum Schluss nach de Präis vum gutt equipéierten Testauto: 27.800 Euro