Een eenzege Substantiv „Fuusseschwanz“ geet duer an op d'mannst di méi eeler Generatioun weess, wéi e Modell gemengt ass: den Opel Manta.

De Christian Schmit iwwer 50 Joer Manta a méi.

Automag: 50 Joer Opel Manta

Happy Birthday Opel Manta. Virun 50 Joer gouf de Manta lancéiert. Et wollt ee Ford, déi mat hirem Modell Capri vill Succès haten, net de ganze Marché eleng iwwerloossen.

Et sollt e Coupé entstoen, dee bei ganz ville Gefale sollt fannen, an dat bis zu senger Ofléisung duerch de Modell Calibra am Joer 1989. Am Ufank ganz brav mat 1300er Moteuren, méi Macho-Manta koum méi spéit.

D’Mark mam Blëtz hat jo du schonn esou attraktiv Modeller wéi den GT, Commodore, Rekord Sprint a Rallye Kadett.

Eigentlech hëllt d’Entwécklung vum Opel Manta schonn 1966 hiren Ursprong. Tëscht Kadett a Rekord, do huet ee nach dunn den Modell Ascona an eben de Manta positionéiert.

Wat war esou faszinéierend un engem Manta? Mam Guy Lucius hu mir ee getraff, deen en absolutte Fan vun deem Opel ass.

Guy Lucius: En Auto, dee sech immens gutt fuere léisst. Et ass e schéinen Auto, et ass e Coupé, en huet "110 PS", wat jo fir haut näischt méi ass, awer trotzdeem, fir déi Zäit, war dat een Auto, wann dee beweegt ginn ass, do huet een och mussen e bëssen eppes an den Äerm hunn, well ee kee Servo huet. Et war einfach schéin, mat sou engem Auto duerch d'Géigend ze fueren.

E Coupé deen Opel esou ëmschriwwen huet: „Verführerisches Coupé, für junge Familienväter, denen der Opel GT zu klein ist und für Frauen, die sportliche Fahrzeuge mit Chic bevorzugen“.

Vum Design hir konnt e jo mat sengem schäerfste Konkurrent mathalen, mee ënnert der Hauf net. Déi hat schonn de V6 am Programm, de Manta krut eréischt 1975 e puer Päerdecher méi.

Awer wie kann da schonn vun sech behaapten, dass fir säi Modell e Film realiséiert gouf? Ah jo mat Manta Manta, Boah Ey a Fuusseschwanz goung et 1991 op de groussen Ecran. Dem Bernd Eichinger seng Produktioun mat ënner anerem dem Til Schweiger. Guy Lucius, de Manta Film och net verpasst?

Guy Lucius: Nee, Manta de Film, hunn ech net gekuckt. Ech hu puer Extraite gesi gehat, do hat ech genuch gesinn.

Gutt erhalen Exemplairen hu sech rar gemaach. Op der Lëtzebuerger Occasiounsplattform am Internet war grad mol 1 Exemplaire ze fannen.

Dee Manta sollt e Kultauto ginn. Jo an am „Haus der Geschichte“ zu Bonn sollt et souguer rezent eng Expo mam Thema: „Manta an d’Mënschen déi e beweegt hunn“. Och hei gouf sech un de Manta-Film mat de berüümte Clichéen erënnert. Di richteg Amateuren vun engem Manta hunn doriwwer ewech gekuckt a sech um Kultstatus vum Klassiker erfreet.

Anescht wéi bei de Konkurrenz Modeller huet och de Manta B weiderhin op Traction arrière gesat. Och wann antëscht am Haus Opel dunn och schonn Traction avant am Programm war.

Och am Motorsport sollt de Manta hanne gedriwwe bei Rallyen vill Stëbs opfléie loossen. Mat um Volant och e gewëssene Walter Röhrl. An do brénge mir de Guy Lucius dann erëm an d’Spill, well deen huet esou e Rallye Manta 400 mat Autogramm op der Carrosserie?

Guy Lucius: Jo, deen Auto steet dann och öfters op Ausstellungen, respektiv sou Autofestivaler wou mer fueren, wéi Costa Brava, wéi d'Eifel-Rallye an da sinn déi Leit dann och ëmmer do. Da schwätzt ee mat deene Leit, da geet dat dann automatesch, huet een dann op eng Kéier sou een Autogramm um Daach.

1984 konnte schonn 1 Millioun Manta gefeiert ginn. 1989 ginn déi lescht Opel Manta ugemellt, dat mat ongeregeltem Katysator . Kuerz drop war et dunn d‘Première vum Modell Calibra. De modernen aerodynamesche Coupé, deen awer ni un den Erfolleg vum Manta konnt uknäppen. Jo a pünktlech fir de 50. Anniversaire vum Manta stellt den Opel-Chef Michael Lohscheller elo d’Renaissance vum Kult Coupé an Aussicht... als Elektroauto.

O-Toun: „Wir wollen Dinge die Opel in der Vergangenheit sehr gut gemacht hat, und dazu gehört der Manta, in die Zukunft übersetzen“.