BMW 330e

© BMW
-
De PLUS
- clever Kombinatioun vun Navi a Motormanagement
-
De MINUS
- Net wierklech sënnvoll
Mam avantgardisteschen i3 ass BMW op d'Nues gefall. Déi bayresch Premiummark setzt elo éischter op Hybridversioune vun hire bekannte Modeller.
Den Auto doheem un der Steckdous oplueden, an esou ënnerwee Bensin spueren, dat ass d'Iddi vum Plug-In-Hybrid-Konzept. Nodeems BMW mam rengrassegen Elektroauto i3 e bëssen op d'Nues gefall ass, setzt déi bayresch Premiummark ëmmer méi op esou Plug-In-Hybriden. Haut am Test: de BMW 330e.
E ganz normalen 3er BMW, mä mat zwee Motoren: e 4-Zylinder-Bensinner mat 184 Päerd (dat ass déi selwecht Maschinn wéi am 320i) an dann nach en Elektromotor mat 68 Päerd. Déi zwee leeschten zesummen 252 Päerd, respektiv si mat engem Elektroboost och 292 Päerd méiglech.
Ech weess, dass an esou Plugin-Hybride ganz vill komplizéiert Technik stécht. Mä den 330e fiert sech wéi jiddwer aneren 3er BMW och?
Richteg: dra klammen, Gas ginn, an d'Elektronik gewäerde loossen, fir d'Zesummespill tëschent deenen zwee Motoren ze geréieren. Dat Zesummespill klappt wierklech stressfräi, virun allem well de 4-Zylinder-Bensinner éischter zu deene méi onopfällegen diskrete Maschinne gehéiert. Du kanns zwar dann nach den Hybrid-Modus astellen, méi Leeschtung, méi Autonomie, méi Elektro... mä dat ass éischter eng Spillerei.
Mä reng elektresch fueren ass och méiglech?
Absolut! Du kanns de Bensinner quasi op Knappdrock ganz ausschalten. 30 bis 40 Kilometer si reng elektresch méiglech, esouguer bei Vitesse vun 140 Kilometer an der Stonn, also och op der Autobunn kann ee reng elektresch am Trafic matschwammen. Mä d'Performance sinn da wierklech reduzéiert. Bis 50, 70 ass den 330e am rengen Elektromodus nach ganz dynamesch, driwwer acceleréiert en nëmmen nach ganz ganz zéi. Ech soen emol, fir op eng Autobunn eropzefueren, ass et scho besser, wann de Bensinner mathëlleft. Am beschte sinn ech am Automatik-Modus gefuer, a mat programméiertem Navi.
Wat huet den Navi mam Elektromotor ze dinn?
Wann den Auto weess wou et higeet, dann optiméiert hien d'Zesummespill tëscht den zwee Motoren an der Batterie. Zum Beispill: du fiers iwwert d'Autobunn, an duerno an eng Stad eran, da gëtt um Autobunn-Trajet Stroum gespuert, respektiv d'Batterie gëtt esou opgelueden, dass du genuch Stroum hues fir duerno reng elektresch duerch d'Stad ze fueren, fir do eben net ze polluéieren. Dat ass schonn zimmlech clever, wéi do déi verschidden Informatioune matenee kombinéiert ginn.
Vill Opwand, mä rentéiert sech deen och!? Wéi spuersam ass den 330e?
Am Katalog: 1.6 Liter op 100. Vläicht an engem aneren Universum. An der Realitéit, wann s de kuerz Trajete fiers, dacks luede kanns, si 4 an eppes Liter realistesch.
A mengem Alldag, mat 100 Kilometer Aller-Retour, dovunner bal alles Autobunn, Code de la Route gefuer, ouni Méiglechkeet fir a mengem Parkhaus hei um Kierchbierg ze lueden, kommen ech op 6.8 Liter. An do sinn ech dann um Punkt, wou ech mir soen... Esou agreabel wéi sech den 330e och fiert, mä wierklech sënnvoll ass dat alles net, virun allem, wann ech dann nach op den Uschafungspräis kucken.
Wéi vill kascht en dann?
Knapp 51'000 Euro virun Optiounen, do ginn nach emol 2'500 staatlech Primm erof, also eppes iwwert 48'000. Fir déi selwecht Sue kréien ech awer och den Diesel 330d, zwar net grad esou gutt equipéiert, mä wou an der Mall keng wäertvoll Plaz verluer geet, wou een d'Lafkultur vun engem 6-Zylinder huet, an deen op d'mannst a mengem Alldag nach manner wéi den Hybrid verbrauch.
Fir wien rentéiert sech den 3er Plugin-Hybrid dann?
Wann et en 3er muss sinn, ass de Plugin-Hybrid finanziell an ekologesch nëmmen interessant, wann ee kuerz Strecke fiert, mä da kënnt een mat engem méi klengen liichte Modell, en 1er? eigentlech nach besser ewech. Fir mech mécht den 330e nëmme Sënn als Déngschtauto, fir de strenge Car-Policen vu grousse Firme gerecht ze ginn. Fir Privatleit, déi hiren Auto an hir Energie selwer bezuelen, do ginn et definitiv méi sënnvoll Léisungen.