Lexus-Cabrio, Porsche 911, Fiat, Ford

© Lexus
Haut gi mer an den Automag-News eppes iwwert dee leschte Porsche 991 gewuer, dann chatte mer mat Fiat...
... fannen eraus, wéi bei Ford d’Autosproduktioun nees eropgefuer gëtt a freeën eis op deen éischte Lexus mat Stoffdaach. Den Detail elo mam Paul Origer.
Cabrio mat festem Daach, dat war zu den Zäite vu Peugeot 206 CC a Mercedes SLK de Renner. Elo sinn déi wéineg Marken, déi nach decapotabel Autoe bauen, nees bei de Stoffdaach zeréckkomm. Wéi och Lexus, déi hire Luxuscoupé LC deemnächst als Cabrio lancéieren an dem Klappdaach domat de Réck dréinen. Dat soll net nëmmen optesch, mä och praktesch Virdeeler bréngen. Eng gutt proportionéiert Form an d’Mall déi am open air-Modus net schrumpfe muss. Iwweregens ass a 15 Sekonnen d’Kaputz op oder zou – Lexus huet dat 18.000 mol getest, fir d’Zouverlässegkeet vu minimum 10 Joer garantéieren ze kënnen. No der Presentatioun vum Concept Car um Salon vun Detroit 2019 leeft elo d’Produktioun un.
Lues a lues fueren d’Autosmarken hir Produktioun nees an d’Luucht. Esou och Ford. Des Woch starten zum Beispill nees d’Bänner zu Köln, dëst allerdéngs ënnert spezielle Konditiounen. Prioritär ginn elo mol déi vun de Concessionnaire bestallten Autoe gebaut, éier lues a lues de Volume nees eropgeschrauft gëtt. Dat hänkt vu ville Facteuren of. Sinn d’Zouliwwerer prett, ginn national Aschränkunge respektéiert a wéini kënnen déi eenzel Sitten nees opmaachen? A virun allem: wéi ass d’Nofro? Selbstverständlech steet d’Gesondheet vun de Mataarbechter ganz uewen op der Prioritéitelëscht. Si kréie Masken a Gesiichtsschiermer, hir Temperatur gëtt beim Erakomme gemooss an hir Fitness all Dag gepréift. Natierlech ginn och d’Aarbechtsberäicher fir de perfekten social distancing ageriicht. Nom Start vun de Fabricken, wäerten da lues a lues och déi aner Employéen nees op hir Posten zeréckkommen, Ford betount awer dat vill Aarbechten, esou gutt et geet, och nach virun am Télétravail solle virugefouert ginn.
Fiat geet nei Weeër an der Kommunikatioun mat hire Clienten: “Chatting with Fiat” heescht dësen neie Format, bei deem de Luca Napolitano, responsabel fir Fiat an Abarth an Europa, perséinlech per Videochat op Froe vu Clienten äntwert. Dëse Video dréint hie per Smartphone doheem an der Stuff, d’Froe ginn am Virfeld vu Fiat gesammelt – zemools elo virum Lancement vum neie Fiat 500 ass et wichteg mat de potentielle Keefer a Kontakt ze bleiwen. Besonnesch vill Froe ginn zu der geplangter Elektroversioun gestallt. Do geet et dann ëm Theme wéi d’Autonomie, d’Präisser vun de verschiddene Versiounen an d’Liwwerdatumen. Publizéiert ginn dëst dann zweemol de Mount op de soziale Reseaue vun der italienescher Autosmark.
De Porsche 911 vun der Generatioun 991 ass mat 233.540 Unitéiten deen Eelewer mam gréisste Succès. 2018 koum de Wiessel op den 992, bis Dezember 2019 sinn d’Bänner awer nach gelaf. Dee leschte produzéierten 991 ass ee sëlwergroe Speedster. Awer keen hondsgewéinlechen. Porsche huet en nach emol richteg opgemotzt éier en den 22. Abrëll bei Sotheby’s an Amerika versteet gouf. 510.000 Euro huet deen allerleschten 991 abruecht – de Client kritt dofir net nëmmen ee 510 PS staarke Saugmotor mat manueller 6-Gang-Boite a Sportfuerwierk, mee als Bonus nach een exklusive limitéierte Porsche-Chronograph, souwéi en Tour duerch d’Porschewierk an d’Entwécklungszentrum zu Weissach. Dat bescht bei der ganzer Geschicht, déi hallef Millioun geet un eng COVID-19-Stëftung an den USA.