Peugeot 208 GT
-
De PLUS
- Design
- Confort
-
De MINUS
- Verbrauch (op Kuerzstrecken)
Haut brëllt de Léiw am Automag: de Peugeot’s Léiw, well de Modell 208 war am Test.
De Christian Schmit war mam klenge Fransous ënnerwee, an dat ënner aneren Ëmstänn wéi soss.
Den Peugeot 208 ass jo zum Auto vum Joer gewielt ginn, an dat Joer 2020 dierft jo keen esou séier vergiessen. D’Kolleegen aus der Automag-Redaktioun hunn gemengt, ma dann vill Spaass mam Test, do fiers du jo dann just bei dir doheem d’Afaart erop an erof. Mee deem war net esou. De klenge Fransous mam Léiw um Küler soll sech als klengen „Held“ ervirdoen.
A wéi goung dat ?
Livraison à domicile! En héich appreciéierte Service an dëse schwieregen Zäiten, an esou war ech all Dag mam Testauto ënnerwee, fir Liewesmëttel ze liwweren. Jo och den héich gehandelten a raren Artikel, dir wësst schonn WC a sou, weider war och meeschtens mat u Bord. Just am Kanton wou ech wunnen, de Réidener, war ech ënnerwee, an nawell koumen do an iwwer 3 Wochen e puer Honnert Kilometer zesummen. Also ech kennen elo wierklech bal all Strooss an Ofkierzung.
Also meeschtens war den 208 dann en Zweesëtzer?
Richteg. Ech hat nach ni en Testauto, a mir haten der scho vill, wou quasi permanent d’Setzer ëmgeluecht waren, fir séier prett ze sinn, wann et erëm geheescht huet: liwwere w.e.g!
Tjeft duecht ee just. Elo hätt een emol eng Kéier esou en SUV gutt gebrauche kënnen, an dann huet een méi e klengen Exemplaire mat 265 Liter Mall. 1100 Liter bei ëmgeluechte Sëtzer. Egal, wéi heescht et sou schéin déi Säit der Musel „Platz ist in der kleinsten Hütte“, a gutt getässelt geet méi eran, wéi ee mengt.
Bon zeréck zum Auto a sech. Ënnert der Hauf genuch Power?
Den neien Peugeot 208 kann ee jo mat thermeschen an Elektromoteur bestellen. Eisen, an der GT Line, hat den 1200er 3 Zylinder Pure Tech ënnert der Hauf, deen 130 PS Leeschtung bréngt. Eng Motrice, déi ewell an anere Modeller aus dem PSA Grupp positiv opgefall ass, an esou och déi Kéier.
Hell ewech dréint de Moteur a via 8-Gang-Automatik kënnt e Whoaw beim Temperament iwwer d’Lëpsen. An Zuelen heescht dat: 230 Nm Dréimoment, 0 op 100 an ënner 9 Sekonnen, an 208 km/h Spëtzevitesse. Mir hunn et net ausprobéiert, och wann deen extrem rouegen Trafic a „Bleif Doheem an Télétravail“ Zäiten et emol erlaabt hätt.
Akustesch bleift de Moteur och zimmlech present.
A wéi gesäit et bannenan beim klenge Léiw aus…
Bannenan krut den 208 elo dee selwechte futuristesche Look wéi seng gréisser Bridder spendéiert. En dräidimensionale Cockpit, dee spréngt engem gläich an d’A. Wierkt alles héichwäerteg an un de Bonsai Volant huet ee sech och ewell gewinnt. Iwwer confortabel Liedersëtzer hu mir eis gefreet. Mat Massage Funktioun. Gutt fir de Chauffeur mat all deem Geschleefs. A jo an de Cupholder krut och eng nei Roll. Do passt nämlech och den Désinfectiounsgel eran.
E klenge Luxusliner, mee esou en 208 an der GT Versioun huet och säi Präis. 30.410 Euro si fir den Testauto affichéiert. Dat allerdéngs dann och mat allen ugekräizten Optioune fir Sécherheet, Entertainment a Confort.
Nach e Wuert zum Verbrauch. Enner 5 Liter sollen dra sinn. Bon bei eis stoung eng 7 virum Komma. Mee do muss een awer och elo fair bleiwen. Mir konnten jo, vue di speziell Situatioun, den 208 net esou am Alldag beweege wéi soss.
All Trajet war quasi eng Kuerzstreck. En plus war den Testauto fuschnei mat wéinege Kilometer um Tacho a mat Wanterpneuen equipéiert.
Däi Fazit?
En Auto deen ech, wéinst de besonneschen Ëmstänn, soubal net wäert vergiessen. Den 208 an der zweeter Generatioun huet net méi vill en commun mam Virgänger. Et goufe Komplimenter wéinst senger avantgardistescher Designlinn. Performant, dynamesch, an trotzdeem nach confortabel.
Un sacré numéro esou gouf 1982 de Peugeot 205 lancéiert, haut bal 40 Joer méi spéit passt dat mam „sacré numéro“ och nees ganz gutt. Sécher net fir näischt den Auto vum Joer ginn…