Bentley Flying Spur

© Bentley
-
De PLUS
- Confort
- Plaz
- Veraarbechtung
-
De MINUS
- scho bal ze aggressiv (Motor)
De Bentley Flying Spur ass e richteg groussen Auto.
Haut gesi mir am Automag e bësse méi grouss. De Serge Pauly huet nämlech eng absolut Luxuslimousine probéiert. De Bentley Flying Spur. Do ass esou zimmlech alles grouss drun, net nëmmen de Präis.
215'000 Euro Basis, a wann een dann ufänkt mat individualiséieren, da sinn d'300 och net méi esou ganz wäit fort. Mä wéi soe se bei esou Marken: wann een nom Präis froe muss, kann een sech den Auto souwisou net leeschten. Dofir schwätze mir och léiwer iwwert de Flying Spur, ouni eis Gedanken ëm de Präis ze maachen. Et ass déi drëtte Generatioun vun der Bentley-Limousine, a si wäert fir déi englesch Traditiounsmark nach méi wichteg gi wéi virdrun. Well de Mulsanne wäert Enn vum Joer auslafen, an da muss de Flying Spur d'Roll vum Bentley-Flagschëff iwwerhuelen.
Elo hues Du eis nach net verroden, wéi grouss dat Flagschëff dann elo ass?
De Flying Spur ass 5m32 laang, dat ass e knappen hallwe Meter méi wéi säi Cousin, de Continental Coupé. An en ass och richteg breet, 2 Meter ouni Réckspigelen. Dat kléngt elo net esou besonnesch breet, mä wann s de mam Flying Spur beispillsweis bei eis an der RTL City parke wëlls, da mierks de: et ass einfach e risegt Schëff. Bon, déi Dimensiounen hunn natierlech och ee Virdeel: bannendran ass richteg vill Plaz. Net nëmmen tëschent de viischten an hënneschte Plazen ass vill Ofstand, mä och Chauffer a Bäifuerer sinn duerch eng breet Mëttelkonsol getrennt. Also et feelt net ganz vill, an da kéint ee bannen am Bentley schonn déi 2 Meter Mindestofstand anhalen, déi a Corona-Zäite virgeschriwwe sinn.
Wat huet sech dann ästhetesch beim Flying Spur gedoen?
E wierkt op den éischte Bléck vill méi laang gestreckt, vill méi elegant wéi säi Virgänger, obwuel en nëmmen e puer Zentimeter méi laang ass. Dat huet domadder ze dinn, dass de Radstand e gutt Stéck an d'Längt gezu gouf, doduerch wierkt de Flying Spur elo e bësse méi majestéitesch. Dat gefält mir gutt, soss sinn ech mir nach net ganz mat mir selwer eens, wat ech vum neie Flying Spur hale soll. En huet en extrem breede chroméierte Grill, och soss gouf relativ vill mat Chrom geschafft. Dat wierkt selbstbewosst, mä Bentley kraazt domadder och e bëssen um Blingbling. Also, ech weess et net... Och am Interieur fënnt een e bësse Blingbling, wéi beispillsweis déi grouss chroméiert Ofdeckunge vun den Hautparleuren. Soss ass de Cockpit awer ganz sober gehalen, e puer modern Spillereien wéi de rotativen Ecran, mä soss e luxuriéisen Interieur mat engem gewësse klassescheschen britteschen Touch. Vun der Bentley-Finitioun brauch ech net ze schwärmen, dat hunn ech hei schonn dacks genuch gemaach.
Wann alles grouss un deem Auto ass, wäert och de Motor elo kee ganz klenge sinn?
12-Zylinder, 635 Päerd... wat wëll ee méi... Mä ech hat den Androck, wéi wann d'Bentley-Touningénieuren de Sound e bësse geschäerft hätten. E kléngt scho bal aggressiv, an och d'Automatik, déi extrem séier a sec schalt, suergt fir e relativ aggressiven Undriff, scho bal iwwerdriwwen aggressiv. Och dat passt net onbedéngt bei de britteschen Understatement. Soss fiert sech de Flying Spur nämlech ganz gedigen. Dat adaptiivt Fuerwierk bitt zwar och e Sportmodus, mä domadder gëtt en einfach ze vill haart. En baséiert zwar op der Plattform vum Porsche Panamera, mä deem seng Sportlechkeet kënnt bei 2,5 Tonnen och un hir Limitten. Mä de Laangstreckeconfort op der Autobunn ass exzellent. Du schwiefs duerch d'Landschaft a kanns de ganze Wansinn ronderëm dech einfach vergiessen.