• De PLUS

    • Interieur
    • Méi Fuerspaass, wéi an aneren SUVs
  • De MINUS

    • Tempomat mam Ofstandsreegeler
    • Reprise ouni Turbo

Och Mazda erweidert seng SUV-Gamme. Tëscht CX-3 an CX-5 war nach Plaz fir den CX-30.

De Serge Pauly huet de japanesche Kompakt-SUV getest, an dat mat engem revolutionäre Motor.

Automag: Mazda CX-30

 Och bei Mazda sinn et d'SUV-Modeller, déi sech am beschte verkafen. Do huet een a seng Gamme gekuckt, a gemierkt, dass tëscht den zwee Modeller CX-3 an CX-5 ëmmerhin 28 Zentimeter respektiv 7'000 Euro leien, also dass do nach wierklech vill Plaz ass fir en drëtte SUV-Modell dotëscht ze placéieren.

Do hätt ech jo elo geduecht, dass deen CX-4 heesche géif, an net CX30?

Dat wär och logesch gewiescht, mä deen Numm war scho fort, fir e Modell, deen nëmmen a China verkaaft gëtt. Och wann et mat der Modellbezeechung net ganz geklappt huet, fir de Recht läit den CX-30 perfekt tëschent sengen zwee Bridder, gréissteméisseg e bësse méi no beim CX-3 wéi beim CX-5, och ästhetesch läit en do op enger Ligne, och wann een natierlech mierkt, dass et deen neiste Modell an der Gamme ass, dat heescht, d'Linne sinn e bësse méi schaarf gezeechent, esou wéi een dat scho vum Mazda 3 kennt. Op den éischte Bléck kéint een effektiv mengen, et wär en héichgeluechte Mazda3 mat e bësse schwaarze Plastik ronderëm.

Du sees op den éischte Bléck? Op den zweete Bléck ginn et also ënnerscheeder?

Jo, d'Daachlinn beim Mazda 3 ass extrem flaach, den CX-30 huet do méi klassesch Formen, an dovunner profitéieren d'Passagéier an der zweeter Rei, an d'Mall. Den CX-30 huet hanne scho wesentlech méi Plaz wéi den 3.

Soss sinn sech déi zwee awer ganz änlech, och am Interieur. Dat kuckt sech flott un, et ass an der Mazda-Gamme dee modernsten Tableau, net grad esouvill Plastik wéi een dat soss vläicht vu Mazda gewinnt ass, den Tableau ass uewe mat Lieder iwwerzunn, den Ecran dee fräi um Tableau steet ass méi flott integréiert. Klengen negativen Detail: d'Lüftungsdüsen op der Bäifuerersäit si relativ niddereg ubruecht, dat gesäit komesch aus a mäi Bäifuerer huet sech beklot, dass een sech doduerch e bëssen agëenkt fillt.

Du has mech virgewarnt, et kéint an dësem Test e bëssen technesch ginn: du häss hei e revolutionäre Motor probéiert!?

Skyactiv-X, 180 Päerd an 224 Newtonmeter Dréimoment. Ech halen et relativ kuerz, mir wäerten méi spéit nach emol am Detail nëmmen iwwert de Motor schwätzen, mä et ass e Bensinner, dee wéi en Diesel funktionéiert, also e Selbstzünder-Bensinner. Mazda wëllt d'Virdeeler vu béide Konzepter matenee verbannen. Mä an Zäite wou mir all Diesel- an Turbo-Dréimoment-verwinnt sinn, huet dee Motor e schwéiere Stand. Et ass e Sauger, also ouni Turbo, an do feelt et u Reprisen. Fir op der Autobunn e Camion z'iwwerhuelen, muss een alt emol zwee Gäng zeréckschalten. Du muss de Motor mat héijen Toure bei Laun halen, den Allrad huet sécher och e bëssen Dynamik gefriess a knapp 8 Liter Verbrauch, verstänneg gefuer, sinn elo och kee Rekordwäert.

Soss bitt den CX-30 awer genuch Fuerspaass?

Méi wéi déi meescht vu senge faden SUV-Konkurrenten. Also de Chassis ass relativ agil, d'Lenkung ass relativ direkt, do kéint ee vun engem Soupcon vu Fuerspaass schwätzen, och wann d'Ofstëmmung éischter confortabel geroden ass. Negativ opgefall ass mir den Tempomat mat Ofstandsradar, dee fiert zimmlech onkonstant, dat huet mech esou genervt, dass ech e ganz ausgeschalt hunn, obwuel ech eigentlech ganz gäre mat esou Systemer fueren.

Zum Schluss riskéiere mir nach e Bléck an d'Präisser?

25'300 fir e Basisbensinner, 2'000 Euro méi wéi dee méi klengen CX-3 respektiv de Mazda 3, e gutt Stéck méi bëlleg wéi dee méi groussen CX-5. Mam neie Skyactiv-X-Motor a mat Allrad, 34'000 Euro virun Optiounen.