Haut geet et mam Automag an de Sultanat Oman. De Christian Schmit huet en Tour duerch de Wüüstestaat gemaach.

An dat zu engem Zäitpunkt, wéi reesen nach agreabel a méiglech war. Hei seng Impressiounen.

Automag: Oman on- an offroad

Sultanat Oman, esou grouss wéi Däitschland, mee just eng Populatioun vun em déi 5 Milliounen. Dovunner di meescht an der Haaptstaad Muscat.

Eng Rondrees vun em déi 1500km stoung um Programm. On Road an Off Road inclus. Dowéinst war eise Partner dann och en 4X4, an zwar där richteger een, mat deem ee sech wierklech iwwerall hin traut, an déi sech op der ganzer Welt duerch deck an dënn wullen, Toyota Landcruiser.

Mee bleiwe mir mol nach op der Strooss a mierke séier, hei gëtt net gerannt, an alles leeft zimmlech ziviliséiert. Ursaach, all 2 Kilometer steet e Radar, genee déi selwecht déi mir och vun heiheem kennen.

Och bei roude Luuchten ass de Flash schonn Standard.

Dat loossen sech d’Landsleit och gefalen. Mee op Barrikade sinn se gaangen, wéi de Peage op den Autobunne sollt kommen. Bei deem Räichtum mat Pëtrol a Gas eng Frechheet, an huet de Peage boykottéiert. Mam Resultat, déi stinn elo ongenotzt um Autobunnsreseau ronderëm Muscat.

Am Moment leeft dann och eng Campagne, den Omani d’SMS oder soss Messagen um Volant ofzegewinnen. De Singer/Songwriter Pharell Williams weist op groussen Affichen drop hin.

Vu di gënschteg Spritpräisser si Vëloen, Motoen a kleng Citadinnen tabu. Léiwer e bësse méi Power ënnert der Hauf. A wann de Budget et erlaabt, och gären déi selwecht Luxuscarosse wéi bei eis.

Vum Walid, Chauffer a Guide an enger Persoun, kréie mir esou munch Kuriositéit verzielt. Beispill, et gëtt e Protokoll fir e knaschtegen Auto bannenan. Onvirstellbar, mee Realitéit. Oder wie geblëtzt gëtt, kritt de Protokoll net direkt heem geschéckt. Neen, wann den Auto an di technesch Kontroll muss, respektiv de Führerschäin verlängert muss ginn, da kënnt d’Quittung, oder di béis Iwwerraschung.

A Propos Führerschäin. Och dat anescht wéi bei eis? En Aendokter Attest, a beim Examen sëtzt d‘Police mat am Auto. Iwwregens gesinn Auto-Ecolen am Oman aus wéi en Zebra. Fält gutt op am Stroosseverkéier.

An da weist den Wadi wat en am Offroad Drive drop huet a verréit mir, wat wichteg ass fir net stiechen ze bleiwen? Et brauch ee vill Leeschtung, an et muss ee stänneg a Kéieren iwwert déi bis zu 300 Meter héich Düne fueren, an net einfach riichtaus, soss bleift ee stiechen.

Selwer hannert de Volant, jo dat dierf een, awer di meescht loosse sech am Oman kutschéieren, fir d’Schéinheeten ze erliewen.

Den Oman ass eng touristesch Destinatioun, déi een, wie weess erëm eng Kéier wäert besichen kennen, wéi esou vill Destinatiounen am Moment. Wëllkomm sidd dir do op alle Fall.