• De PLUS

    • Design
    • Mega-Box
  • De MINUS

    • Wiessel tëscht Fuer-Modien

De Ford Puma gouf et schonn emol an der Ford-Famill, e krut awer elo e komplett anert Gesiicht.

Den Andy Brücker aus der Automag-Ekipp huet e getest, wann och ënnert zimmlech schwierege Viraussetzungen a mat Ulafschwieregkeeten. 

Automag: Ford Puma

Den Test fir déi gesamt Lëtzebuerger Auto-Journaliste war nämlech grad du geplangt, wou de Schnéi de Wee och op Lëtzebuerg fonnt hat. Leider waren d’Testautoe awer grad vun enger gréisserer Presentatioun aus dem waarme Süden op Lëtzebuerg transportéiert ginn, an haten dowéinst just Summerpneuen opleien. De Fuertest hunn ech du mussen e puer Deeg drop nohuelen.

Wat war dann däin éischten Androck vum Ford Puma… wann e sou do „steet“?

Majo wat direkt opfält… den neie Puma huet awer sou guer näischt mam ale Puma gemeinsam, dee vun 1997 bis 2001 als klenge Sportcoupé gebaut gouf, a souguer seng sportlech Optrëtter am Rallye hat. Den neien ass elo e sougenannte Crossover SUV. Dat heescht e steet méi héich op de Been.

Wat d’Baussekleed ugeet, muss ech soen, wat ech e méi laang gekuckt hunn, wat e mer besser gefall huet. Virun allem d’Front ass markant a wäert mat Sécherheet e sëllege Fans fannen. Et solle souguer Leit ginn, déi en als „klenge Porsche Macan“ bezeechnen. Do muss awer jidderee sech selwer seng Meenung dozou bilden. Mä wat stëmmt, ass dass en schonn zimmlech muskuléis wierkt an och d’Positioun vun de Luuchte gouf besonnesch ervirgehuewen. Et ass op alle Fall definitiv en neit Gesiicht an der Ford-Famill.

Vu bausse kann en also iwwerzeegen… wéi ass et da mat den ënnerleche Wäerter?

Do fänken ech mol direkt bei der Motoriséierung un, well hei geet Ford de Wee vum „mild-Hybrid“. Den Hybrid-System hëlleft dem 3-Zylinder-Motor entweder méi spuersam ze fueren, andeem den elektresche Motor bis zu 50nm Kraaft kann aspeisen an de Verbrenner dobäi entlaascht. Oder den Hybrid ka bei der Acceleratioun hëllefen an do dem Auto méi e sportlecht Fuerverhalen erméiglechen. Wat mer do negativ opgefall ass, war de Faite, dass wann ee vum normale Modus an de Sportmodus wiesselt, direkt emol de Verbrenner puer honnert Touren méi héich dréint an deementspriechend direkt acceleréiert, obwuel een d’Positioun vun der Gaspedal net geännert huet. Mä wann een et bis weess, kann ee sech jo drop astellen.

A wéi enge Motoriséierunge gëtt et de Puma dann?

Et kritt een en entweder als einfachen 1 Liter 3-Zylinder Bensinner mat 125 PS, oder als Mild-Hybrid mat 125 oder 155 PS. D‘155-PS-Variant gëtt et just mat manueller Boite. E 1500er Diesel mat 120 PS gëtt et awer och nach.

Bei der Ausstattung geet Ford dann och en neie Wee a bitt just de Choix tëscht Titanium oder ST-Line, wat béides ganz héichwäerteg Ausstattunge sinn. Domat ass e Basis-Puma scho ganz gutt equipéiert.

E spezielle Feature huet de Puma dann awer och nach… an dat ass eigentlech grad sou simpel, wéi och genial?!

Jo do hat een eng gutt Iddi bei der Entwécklung vum Puma… an der Mall huet een nämlech eng sougenannte „MEGA-Box“. Den Numm eleng versprécht scho Grousses. Heibäi handelt et sech ëm eng Këscht vun ronn 76x76cm an enger Déift vun 30cm, déi ënnert dem eigentleche Buedem vun der Mall verstoppt ass. Déi Këscht faasst bis zu 80 Liter oder 50kg an huet als absolutte Clou, e Stopp, wou ee Flëssegkeet, déi sech do gesammelt huet, einfach ënnert dem Auto kann erauslafe loossen.

Dat Kompartiment ass also z.B. perfekt fir seng naass Schong no engem Wandertour dran ze stellen. Et kann een awer z.B. och méi e grousse Blummestack dra stellen, bis zu 1m12 héich, ouni dass en uewe widdert de Mallendeckel kënnt. Alternativ passt selbstverständlech och e Gedrénkscagot dran… Sou eppes gouf et menges Wëssens bis ewell nach bei kengem aneren Auto. Mä dat wäerten aner Hiersteller elo bestëmmt bei nächste Modeller kopéieren, well praktesch ass et allemol!

Komme mer da bei de Präis… wou leie mer do?

Lass geet et do beim 1 Liter Ecoboost mat 125 PS an der Titanium-Ausstattung bei ronn 22.400 Euro. Den Testauto deen ech hat, war en ST-Line X mat 155 PS-Hybrid, dee mat allen Extraen dann awer scho knapps iwwer 32.500 Euro kascht huet, ma et kritt een och vill Auto fir seng Suen, mat vill Sécherheetsfeaturen, enger gudder Veraarbechtung… an net ze vergiessen enger „Mega-Box“.