Interview mam Paddy Hopkirk
De Paul Origer hat de legendäre Rallyefuerer a Gewënner vun der Monte Carlo 1963 begéint.
De leschte Weekend war nees den traditionellen Autojumble vun der Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun. Dëst Joer huet sech alles em de Mini gedréint an zu dëser Geleeënheet hat sech ee ganz speziellen Invité um Kierchbierg afonnt, de Paddy Hopkirk.
Et war net dem Mister Hopkirk seng éischt Visitt am Lëtzebuerger Land. 1964 ass hie mat sengem Mini bei enger Roadshow iwwert de Glacis geflitzt an huet seng Fuerkënschten dem Public zum beschte ginn. An déi konnt hie laang trainéieren, well seng Passioun fir d’Autofuere koum scho fréi zum Virschäin.
Paddy Hopkirk: Et war ee Gehierschued. Ech war a soss näischt richteg gutt. An ech hat eng uerg Dyslexie. Ech sinn an d’Schoul gaangen a war ni e richteg gudde Schüler. Och spéider wollt ech op der Uni zu Dublin fir Ingenieur studéieren. Mat 9 Joer, nach virum Krich, hunn ech ugefaangen Auto ze fueren. Et hat ee mer een zweesëtzege Rollstull mat engem Motorradmotor un der hënneschter Achs hannerlooss, domat sinn ech an de Staate ronderëm gefuer. Et ass e bësse wéi mat Ski fueren oder anere Saachen, wat een éischter ufänkt, wat een herno besser gëtt.
Seng éischt Erfolleger hunn deemno net op sech waarde gelooss. 1953 goung et lass mat der Victoire bei enger Biergcourse um Steier vun engem VW Käfer. Duerno ass dem Paddy Hopkirk seng professionell Renn-Carrière richteg lassgaangen. Beim Circuit of Ireland wënnt hien dräimol hannerteneen a gëtt 55 zum erfollegräichsten Iresche Rallyefuerer. De Choix vun den Autoen houng vill mam Budget zesummen an esou koum de Mini an dem Paddy säi Liewen. Dem Alec Issigonis säi Meeschterwierk hat him et direkt ugedoen, dem Public anscheinend och.
Paddy Hopkirk: Wéi mer 1963 fir d’éischte Kéier mam Mini den Tour de France gewonnen haten, waren d’Fransousen alleguer an dee klengen Auto verléift. Schliisslech si mer jo och all Dag domat wärend 20 Minutten op der Tëlee defiléiert. Déi grouss amerikanesch Autoen hunn eis an der Course op de riichte Strecken all fäerdeg gemaach mee am klenge Gekéiers hu mir se nees geschloen. De Mini huet d’Strooss einfach besser gehalen. Et war wéi de Kampf vum David géingt de Goliath op der Tëlee.
Deen ursprénglech als spuersamen a kompakten Auto fir ënnert anerem Krankeschwëstere konzipéierte Mini war natierlech net op eng Rallye ausgeluecht. Deementspriechend héich war den Challenge, fir dee klengen Auto fit ze maachen.
Paddy Hopkirk: Dat wichtegst war, dat d’Wischeren net erofgefall oder d’Sëtzschinne gebrach sinn. Eis Autoe waren zwar anescht wéi déi aner, mee dofir ganz gutt preparéiert an zesummegebaut. Mir waren immens gutt organiséiert, hu méintelaang fir d’Monte Carlo trainéiert, de Copilot huet all d’Kéieren notéiert an esou virun. Mir ware gutt Chaufferen, mee et huet einfach alles matenee geklappt. Ech ka mech nach erënneren wéi mer zum Schluss vun der Monte ukomm sinn a mäin Teamchef mech gefrot huet ob alles gutt wier. Ech hu just gesot: ech weess dat net, mir sinn net vun der Strooss ofkomm oder iergendwou agerannt, mir hunn einfach eist bescht ginn.
Zanterhier huet sech vill verännert, de Mini natierlech, mee och de Rallyesport.
Paddy Hopkirk: D’Autoen, déi haut Rallye fuere, si Formel-1-Ween mat Karosserien drop. An ech bewonneren déi modern Chaufferen, d’Vitesse an d’Gefore mat deene si ënnerwee sinn. Mee dat kritt haut iergendwéi kee méi mat, et ass einfach ze vill an der Welt lass. D’Technik huet sech därmoosse verännert, d’Autoen hunn en onwarscheinleche Gripp, mee se entspriechen natierlech och net dem Auto, deen een am Showroom gesäit. An d’Pilote sinn immens wëssenschaftlech an organiséiert, vill besser wéi mir deemools. Mir waren éischter méi onbekëmmert.
Mat bal 87 Joer ass de Patrick Barron Hopkirk nach ëmmer immens aktiv. E fiert zwar net méi esouvill Auto, mee gëtt Nowuesschaufferen Tipps an ass ee vill gefrote Gaascht bei Charity-, Oldtimer- oder Rennsportevents. Säin deemolege Mini steet haut am British Motor Museum zu Gaydon an England. Eng immens gutt gemaachte Réplique Mini Cooper S konnt een als Highlight um Autojumble bewonneren.