Renault Clio

© Renault
-
De PLUS
- Design
- verbesserten Interieur
-
De MINUS
- Verbrauch
- Luuchten-Steierung
- Tempomat mat Ofstandsreegelung
Renault huet säi Clio erneiert, och wann dat op den éischte Bléck net wierklech opfält.
Vu bausse kinnt ee mengen, dass et nëmmen e Facelift ass. Am Interieur huet sech méi gedoen. De Serge Pauly huet de Renault Clio Generatioun 5 probéiert.
Ech ka mech ieren, mä ech hunn den Androck, wéi wann am Automag am Moment méi kleng Autoen wéi soss um Menü stinn?
Dat ass net ganz falsch: bei verschiddene Marken gi grad déi méi kleng Modeller erneiert. Dat ass awer rengen Zoufall, ech mengen net, dass een do elo en Trend, dass kleng Autoen elo besonnesch "in" wieren, erausliese kann. Ech fanne kleng Autoen wéi ebe Corsa, 208 oder de Clio, iwwert dee mir haut schwätze, ganz spannend. Si si mat 4-Meter an e puer zerquetschener grouss genuch, fir se ouni Problem am Alldag notzen ze kënnen, kënne bei den Equipementer duerchaus mat deene Grousse mathalen, an dat awer zu Präisser, déi nach eenegermoosse räsonabel sinn.
Däin Testkandidat vun haut ass also de Renault Clio. Wierklech nei gesäit deen net aus?
Effektiv! Et wierkt e bësse wéi e Facelift. D'Gesiicht gouf elo un d'Linn vum Haus ugepasst, de Clio gesäit elo vir aus wéi de Mégane, och mat de grousse sichelförmegen LED-Dagesluuchten, déi hënnescht Luuchte sinn elo manner schmuel wéi déi vum Virgänger, mä alles an allem kënnt engem deen neie Clio wierklech zimmlech kënneg vir. Dat muss awer keen Nodeel sinn, et ass nach ëmmer e flotte moderne Look.
Bannen huet sech schonn e bësse méi gedoen, do fält op den éischte Bléck de groussen Ecran an der Mëttelkonsol op. Deen steet elo héichkant, e bësse wéi wann ee seng Tablette op den Tableau gepecht hätt. Soss hunn ech den Androck, wéi wann alles eng Grëtz méi héichwäerteg wéi beim Virgänger wär. Och den Design ass e bësse méi soignéiert, d'Commande vun der Klimaanlag, oder eng schmuel LED-Bande ronderëm de Schalthiewel. Et ass net grad esou recherchéiert wéi Peugeot oder DS, mä et mierkt een, dass sech hei ee Gedanke gemaach huet, wéi een den Interieur opwäerte kann.
Huet een op 4 Meter an eppes da genuch Plaz bannendran?
Vir jo. Hannen ass et e bësse limite. Ech souz hannen net confortabel. D'Mall ass gréissteméisseg ok. Dat eenzegt wat mech do gestéiert huet, ass, dass de Malleknäppchen wäit ënnen, direkt ënnert dem Nummereschëlt verstoppt ass. Do muss du e fir d'éischt emol fannen, an et ass eng Plaz déi ëmmer knaschteg ass.Du kéins natierlech elo d'Télécommande benotzen, mä dat ass och net ëmmer praktesch... Dat nervt!
Wann dat dat eenzegt ass...
Et ginn nach zwee Detailer: beim Cruisecontrol muss du ëmmer erëm den automateschen Ofstand nei astellen. An d'Automatik vun de Pharen ass mat der Automatik vun den normale Luuchte gekoppelt. Also d'Geliichts ass entweder ganz manuell oder ganz automatesch. Nëmmen d'Luuchten automatesch an d'Phare manuell, dat geet net. An d'Pharen-Automatik funktionéiert net zouverlässeg. Et kënnt dacks vir, dass een aner Leit verblennt, an du kriss dann net einfach emol séier ofgeblennt. Dat huet mech nach méi genervt wéi d'Mall.
Elo ass eis Zäit scho bal eriwwer, a mir sinn nach ëmmer net mam Clio gefuer?
Do ass de Resumé och séier gemaach: eigentlech flotte Chassis, mä eng synthetesch Lenkung, déi all Soupcon vu Fuerspaass direkt killt. Eisen Testauto hat en 1300er mat 130 Päerd. Et ass nach e Véierzylinder, an dat ass einfach méi lafroueg wéi déi ganz Dräizylinder. Och d'EDC7-Boite schalt onopfälleg. Leider ass de Verbrauch mat 7.8 Liter (ouni ze rennen!) vill ze héich, zesumme mam klenge Tank suergt dat dofir, dass een dacks de Portemonni muss opmaachen.
Wa mir scho beim Portmonni sinn...
14'400 Euro Astigspräis fir e 75-päerdege Bensinner, eppes iwwert 21'000 fir d'Versioun mat 130 Päerd, 19'000 fir dee bëllegsten Diesel. Sensibel méi deier, awer bitt duerchaus en akzeptabele Géigewäert.