• De PLUS

    • Motorisatioun a Kombinatioun mam Allrad
  • De MINUS

    • Veraarbechtung am Interieur

SUV sinn nach ëmmer In. An dat selwecht gëllt fir d'Hybrid Technik an och de 4 Rad Undriff.

Déi 3 Saache ginn gëtt et bei Opel mam Grandland  X Hybrid4. De Rich Simon war dee viru kuerzem testen.

Automag: Opel Grandland X Hybrid 4

Hybrid dat heescht ee Verbrennungsmotor an zousätzlech och elektronesch Ënnerstëtzung. Wéi gesäit dat konkret an Zuelen aus?

Zesumme sinn dat 300 Päerd. 200 aus dem 1,6 Liter Turbobensinner. An dann 2 Mol 80 kW aus den elektresche Motoren.

160 Kw dat sinn awer ongeféier 217 Päerd. Da geet déi Rechnung net op.

Do hues du Recht. Erklärung ass awer relativ einfach. D'Batterie ka maximal 90 kW liwweren aus deene zwee Elektromotoren, an doduercher kënnt Opel dann op déi ronn 300 Päerd bei 520 Nm.

Dat kléngt gutt.

Dat ass och gutt. Den Auto weit zwar 1.900 Kilo, mee wann déi 300 Päerd zu Verfügung stinn, da geet et richteg virun. Et ass awer esou, dass se net all ze laang zu Verfügung stinn. Mee offiziell just 59 Kilometer. Ech muss awer soen, dass och déi 200 Päerd déi ee permanent huet, fëlleg fir deen Auto duerginn.

Dat heescht den Auto fiert sech gutt.

Dozou ee ganz kloren Jo. 1,9 Tonnen dat ass net näischt. De Grandland fiert sech awer net wéi ee schwéiere Luppes. Ganz am Géigendeel. D'Testfaart, déi war am Schwarzwald wou mir esouwuel iwwer Autobunn wéi och Serpentinnen  Biergop respektiv Biergof fuere konnten. Dobäi koum, dass et deen Dag ronderëm de Feldberg an Hinterzarten anstänneg geschneit huet an hei war de 4 Rad Undriff komplett a sengem Element. An déi 8 Gang automatesch Boîte huet och bei schwéieren Konditiounen komplett iwwerzeegt.

Ir mir bei déi praktesch Saachen kommen, musse mir awer och nach iwwer d'Opluede schwätzen. Schliisslech brauchen d'Elektromotoren jo Energie...

Dat Oplueden dauert mat der normaler Steckdous doheem 7 Stonnen. Fir ronn 500 Euro kritt een awer och een Onboard Ladegerät an hei huet een d'Batterie dann an 2 Stonnen gelueden. Fir ronn 900 Euro kann een sech och eng sougenannten Wallbox fir doheem kafen an dann ass d'Batterie och an 2 Stonnen nees voll.

Wéi gesäit et bannen am Auto aus?

Alles ass iwwersiichtlech. Esouwuel vir wéi och op der Réckbänk hues de, bei enger normaler Kierpergréisst genuch Kapp an och Beefräiheet. Allerdéngs muss ech soen dass fir dee Präis deen den Auto kascht, dach nach ëmmer vill haarde Plastik verschafft ass. An dat ass Schued. Dat gëllt och bësse fir den Display am Auto. Do hätt e bësse méi kënnen investéieren.

Op de Präis komme mir zum Schluss nach ze schwätzen.....Een SUV keeft een sech jo och dacks wéinst der Mall.

Déi huet 1.528 Liter wann d'Sëtzer ëmgeklappt sinn. Dat sinn der 124 Liter manner wéi bei Grandland net Hybrid. Dat ass bedéngt duerch d'Plaz déi d'Batterie brauch.

Däi Fazit vum Opel Grandland Hybrid X4?

D'Motorisatioun ass Top. D'Fuere mécht Spaass. Bei der Verschaffung bannen am Auto ass nach Loft no uewen. Virun allem wann ee weess, dass den Grandland Hybrid X4 ee Basispräis vu 47.430 Euro huet. Dat ass eng Staang Geld an dofir hätt ee schonns gären ee perfekten Auto.