Citroën AMI als Avant-Première

© Akim Schmit
-
De PLUS
- Gënschteg
-
De MINUS
- zimmlech plakeg
Den Autosalon vu Genève fält dëst Joer an d’Waasser, ma Citroën hat am Virfeld ënnert dem Motto „Electric 4 All“ op eng Avant-Première op Paräis invitéiert
Den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp war mat dobäi, an huet éischt Andréck vum Citroën „AMI“ matbruecht.
„E groussen Optrëtt fir e klengen Auto“ léisst sech d’Première vum Citroën Ami an der „La Défense Arena“ wuel am beschte beschreiwen, an den Opwand ass verständlech. Mam Ami wëll Citroën de Marché vun de klengen Elektroautoën opmëschen.
An dat mécht Citroën net iwwert d’Performance vu sengem neie Modell. Well déi ass zimmlech iwwersiichtlech.
45 km/h Topspeed, grad emol 70 Kilometer Reechwäit an e Präis vu 6.900 Euro sollen den Auto engem breede Public zougänglech maachen. Zwou Zilgruppen huet Citroën am Aen: Zum enge Leit, déi an enger Groussstad wunnen a fir déi en deieren Elektroauto wéineg Sënn mécht a wou d’Ufuerderungen un en Auto relativ niddereg sinn. Zum anere wëll Citroën bei Jonke Leit punkten. Den Ami dierf een nämlech scho vu 16 Joer u fueren.
Ech schléissen doraus, dass den „Ami“ keen XXL-SUV ass…
Den „Ami“ rangéiert genee um aneren Enn vun der Gréisste-Skala. Citroën selwer schwätzt bei sengem neie Modell och net vun engem Auto, mee vun enger „Mobilitéitsléisung“ fir den urbane Raum. An déi soll virun allem praktesch sinn. E Beispill ass den Akku, deen zwar just 70 km Autonomie bitt, dofir awer un enger normaler Steckdous an dräi Stonnen erëm voll gelueden ass. Awer och beim Design geet Citroën eege Weeër. Op den éischte Bléck wierkt den Ami e bësse wéi eng Spillsaach... eng zmimlech kleng Spillsaach, mat sengen 2m41 ass e méi kuerz wéi e Smart a bitt ëmmer nach Plaz fir zwee Erwuesse Passagéier.
Mäi Gefill seet mer, dass bei engem Präis vu 6.900 Euro iergendwou de roude Bic ugesat ginn ass.
D’Spuermoossnamen hu scho beim Design ugefaangen. „Industriellen Design“ ass de Begrëff, deen ëmmer nees gefall ass. Iwwersat: den Auto ass esou konstruéiert, dass e méiglechst bëlleg an onkomplizéiert ze bauen ass. Dat fänkt scho beim Fuerwierk un, wat duerch déi méi niddereg Vitesse méi eng einfach Konstruktioun erlaabt huet. Spuerpotential huet och d‘Karosserie ze bidden. Net just déi zwou Autosdieren lenks a reits sinn identesch, mee och de viischten an den hënneschten Deel vum Auto bestinn aus deem selwechten Stéck Plastik. An d’Fuerwpalette ass mat engem gro-blo Toun och iwwersiichtlech.
Bei esouvill Spuerpotential wäert et bannendran och méi puristesch zougoen.
Puristesch, minimalistesch trëfft et op de Punkt. Den Interieur besteet virun allem aus groem Plastik. Eenzege Luxus sinn de Panoramadaach an d’Heizung. Eng Klimaanlag gëtt et net emol géint Supplément, wat net just déi spuenesch Journaliste verwonnert huet. Dofir kriss de awer – ganz ewéi fréier bei der 2CV – Fënsteren, fir no uewen opzeklappen, wat säin eegene Charme huet.
A wéi gesäit et am Kapitel „Multimedia a Fuerassistenz“ aus?
Do këmmert sech den Ami-Fuerer am beschte selwer drëm. Amplaz vun engem Radio gëtt et eng Halterung fir e Bluetooth Lautsprecher an d’Navigatioun muss iwwert däi Smartphone lafen. Fir dee gëtt et eng Citroën App – an eng Halterung. Modern Fuerassistenten oder en Airbag sinn net verbaut.
D’Kafargument dierft awer och den extrem gënschtege Präis fir en Elektroauto sinn.
6.900 Euro kascht den Citroën Ami an do ass nach keng Primm ofgerechent ginn. Nei ass awer net just de gënschtege Präis, mee och wéi den Auto verkaaft gëtt. Wann et Citroën no geet, soll e virun allem Online mat Liwwerung bis virun deng eegen Hausdier bestallt ginn. A Frankräich kann en och a Butteker vun der FNAC bestallt ginn.
Mee et muss een den Ami net direkt kafen?
Proposéiert gëtt parallel och e Langzäitleasing fir 19,99 Euro de Mount oder eng Locatioun op d'Minutt. Virbild sinn do déi elektresch Trottinetten, déi zu Paräis an anere Groussstied un all Eck stinn. Ob eng entspriechend Offer och hei am Land ugebuede gëtt, ass nach net gewosst.