CO2-Emissioune reduzéieren - dat ass de Moment d’Haaptbeschäftegung vun all Autosmark.

A wéi erreechen déi meescht dat? Via Elektrifikatioun, an esou huet och Peugeot e gudden Deel vu senger Gamm ënner Stroum gesat. De Paul Origer war fir eis op der Presentatioun zu Barcelona dobäi.

Erfarung mat Elektromobilitéit huet Peugeot am Fong scho méi laang. 1941 hu si nämlech ee reng elektresche Stadauto, de VLV fir Véhicule oder Voiture Légère de Ville lancéiert. Och mat méi populären a bekannte Modeller wéi dem legendären 205 oder dem klengen 106 goufen éischt Kilometer mam Elektroundriff gemaach. De leschte Worf, den Ion, ass eng Koproduktioun mat Mitsubishi a scho relativ laang am Programm. Mee elo soll iwwer 50 % vun der Modellpalett elektrifiéiert ginn, spéider esouguer 100!

D’Missioun

Jo, déi heescht ganz kloer Emissiounen erofsetzen. 2 fonkelnei vollelektresch Modeller, de Peugeot e-208 an den e-2008 goufen dofir lancéiert. Mee net eleng wéinst den Emissiounen, mee och fir um Marché der Elektro-Konkurrenz à la Renault Zoé kënnen d’Stier ze bidden. Dat gëllt och am Segment driwwer. Engersäits bei de Limousinnen a Kombien, bei Peugeot beschtens mam 508 vertrueden. Déi gehuewe Mëttelklass kritt nämlech een Hybrid verpasst a kombinéiert Elektresch mat Bensin. Last but not least dierf natierlech och de SUV net feelen. Fir Peugeot hat den 3008 do genee déi richteg Mooss, fir vum grousse Brudder 508 d’Hybrid-Technik ze iwwerhuelen. Klengen Ënnerscheed awer hei, d’Zwittermotorisatioun erméiglecht och Allrad, wat et virdrun beim 3008 nach net gouf.

Den Undriff

Ënnert dem Blech sinn den e-208 a säin SUV-Brudder e-2008 quasi identesch. Béid Modeller benotzen de selwechten Undriff a Form vun enger 136-PS, pardon 100 kW-E-Maschinn. Typesch Elektro hu béid kleng Léiwen mat 260 Nm och relativ vill Dréimoment. Mee nach méi interessant ass d’Autonomie. 340 respektiv 320 km soll ee mat enger Charge packen, duerno heescht et oplueden, wat jee no Stroumquell awer bis zu 16 Stonnen dauere kann. Dat ass bei den Hybriden natierlech méi kuerz, schliisslech hu si jo och méi kleng Batterien u Bord. 508 an 3008 komme mat engem 80 respektiv 90 kW-Akku reng elektresch ëm déi 50 km wäit. Ass kee Stroum méi do, dann iwwerhëlt de Bensinner, bei 508 an 3008 ass dat ee 1600er Turbo mat 225 oder 180 PS.

De Fuerspaass

Een, dee schonn emol Elektroauto gefuer ass, dee weess, dass et kee Verzicht op Freed um Fuere bedeite muss. Déi zwee reng elektresch e-208 an e-2008 gefale schonn emol direkt duerch dat héicht Dréimoment an natierlech dat spontaant Uspriechen. Do dobäi kënnt eng sat Stroosselaach an ee sympathescht Fuerverhalen, wat de Batterien am Bueden ze verdanken ass. An e gewëssene Reiz huet ëmmer erëm dat nidderegt Fuergeräisch, just beim Ofbremsen an Ufueren an nidderege Vitesse kënnt liichte Metro-Feeling op.
Bei den Hybriden ass et änlech. Esou gutt et méiglech ass, gëtt de Maximum mam Elektromotor gefuer. Dat packt deen och esouguer bis 135 km/Stonn, et sieft, et gëtt méi Leeschtung gebraucht. Da gesellt sech de Bensinner dozou, wat meeschtens och ganz soft geschitt. Allerdéngs net wann een am Sportmodus ënnerwee ass, dee Moment sinn d’Gangwiessel einfach ze ruppeg, de Motor hault op, de ganzen Undriff ass net méi esou harmonesch. Mee souwisou gesinn ech de Sënn vun esou engem Modus net an, déi ugebueden 300 PS Maximalleeschtung muss een och net stänneg hunn. Am beschte beweegt een déi zwee am Hybrid-Modus a léisst d’Elektronik gewäerden. Ech hu vill vun der Recuperatioun am B-Modus profitéiert, do koumen esouguer niddereg Verbräich ënner 7 oder esouguer 6 Liter zustanen. Am 3008 Hybrid 4 ginn, en plus, wéi den Numm et seet, via een elektresche Motor un der hënneschter Achs och 4 Rieder ugedriwwen – dat esouguer ganz effikass wéi mer et op engem klenge Parcours teste konnten.

D’Präisser

Voilà, lount sech déi deier Technik, dat freet sech bestëmmt jiddereen. Ronn 31.500 fir een e-208 respektiv 34.000 Euro fir den e-2008 sinn net näischt. Zemools am Verglach mat engem gläich staarke Bensinner sinn et 8 – 10.000 Euro Oppräis. Och d’Hybride si keng Schnäppercher: de 508 Hybrid start bei ronn 45.000 Euro, dofir gëtt et och schonn de vollequipéierten Topdiesel. An ze Lescht den 3008 Hybrid 4, dee mat ronn 51.000 Euro hei d’Spëtzt markéiert.  E gréngt Gewëssen geet also zolidd un de Portmonni.