Opel Corsa

© Opel
-
De PLUS
- Motor
-
De MINUS
- Finitioun
Den neien Opel Corsa schwätzt franséisch. Ënnert dem Blech ass et nämlech e Peugeot 208, och wann Opel dat no bausse relativ gutt verstoppt krut.
De Serge Pauly huet déi franséisch-däitsch Co-Produktioun getest.
Et gi Saachen, déi vergësst een net esou séier. Déi éischte Léift, oder den éischten Auto beispillsweis. An de Serge huet bei sengem Autotest vun haut eng Rees zeréck a seng Jugend gemaach...
Keng Angscht, mir schwätzen elo net iwwert meng éischt Léift, mä mäin éischten Auto war effektiv en Opel Corsa, ee vun der éischter Generatioun. Dat si mëttlerweil iwwert 20 Joer hir, ech hunn e puer Kilo méi, bei Opel hu mëttlerweil d'Fransouse vum PSA-Konzern d'Soen, a beim Corsa sinn se mëttlerweil bei Generatioun F ukomm.
Wéi war dann Deng éischte Rencontre mam neie Corsa?
Schonn e bësse wéi wann s de deng éischte Léift erëm begéins. Du mierks, dass der allen zwee e bësse méi al gi sidd, dass et eben net méi esou labber wéi deemools ass. Och de Corsa kënnt mëttlerweil zimmlech erwuessen dohier. Do wou seng franséisch Cousinen 208 an DS3 Crossback nach op jonk a peppeg maachen, ass de Corsa e bësse méi langweileg geroden, virun allem an där Versioun wéi mir en getest hunn. Dem Corsa feelt einfach déi franséisch Kreativitéit. Och den Interieur vun eisem Testauto war net besonnesch spannend geroden: vill schwaarz, nëmmen eng schmuel chroméiert Baguette, alles propper mä näischt wou een sech nach Joren duerno géif sentimental zeréck erënneren. Wien e méi frëschen a freche Corsa wëllt, dee muss schonn d'GS-Line bestellen...
Wéi gutt ass en da verschafft?
Ass ok, relativ vill haarde Plastik, e puer Spaltmoossen déi net ganz exakt waren. Ech hunn den Androck, dass Opel a Saache Finitioun virun e puer Joer scho méi wäit war. An de sëllege Oflagen feelt beispillsweis eng Gummisbeschichtung, dat heescht Schlësselen etc rëtsche vill hin an hir a maache Kaméidi. A wat mech och gestéiert huet: de Mix vun Opel a Peugeot-Knäppercher a Commanden. Do feelt (nach) eng kloer Linn.
Du hues et schonn ugedeit, mam Alter wiisst och e bëssen den Ëmfang. Ass och den neie Corsa méi grouss?
4m06 laang, e puer Zentimeter méi, och méi breet, mä e bësse méi flaach. Gréissteméisseg an der Moyenne vun der Klass. Bannendran huet ee wierklech gutt Plaz, vir e gutt Raumgefill. D'Mall ass zwar e bësse méi kleng wéi beim Virgänger, läit awer nach ëmmer an der Moyenne vun der Klass. Schued: wann een d'Sëtzer ëmklappt, huet ee kee riichte Mallebuedem méi, do hunn d'Fransousen de roude Bic ugesat.
Wéi vill Spaass huet de Corsa Dir beim Fuere gemaach?
Vum Chassis hir ass de Corsa relativ onspektakulär. Ofstëmmung ass neutral, och do hätt ech mir e bësse Pepp a méi Feedback gewënscht. Als Motor hate mir den 130-päerdegen 3-Zylinder-Bensinner. Dat ass éischter e raue Gesell, vibréiert net wéineg an ass akustesch och net besonnesch diskret. Mä e geet gutt, huet vill Dréimoment, an harmonéiert och gutt mat der 8-Gang-Automatik. Nëmme beim Ufuere ruckelt et heiansdo. De Verbrauch ass mat 7 Liter awer relativ héich.
Wat kascht d'Rencontre mat Denger éischter Autosléift dann?
Eisen Testauto eppes iwwert 24'000 Euro. Dat ass net geschenkt. D'Präislëscht fänkt bei 13'000 Euro un, eng Präislëscht op där mam Corsa-E och eng reng Elektroversioun steet, iwwert déi schwätze mir hei an engem separaten Test.