Am Automag léiere mir haut e Personnage kennen, deen dacks als „homme hors norme“ betitelt gëtt.

Keen Extremsportler, obschonn dat Wuert "extreem" ganz gutt passt. E Mann, deen en automobilt Konschtwierk geschafen huet, de "Krugger FD". De Christian Schmit mat den Detailer.

…an dat ass de Frédéric Betrtrand, alias Fred Krugger. Säin Unikat war den absolutten Highlight vun der Ausstellung „Dream Cars“ am Kader vum Autosalon zu Bréissel. Zu Basse Bodeux ass en doheem, engem klengen Duerf an de belschen Ardennen. Deen huet schonn mat spektakulären a rare Motorrieder op sech opmierksam gemaach, elo dann en Sportswon.

Automag: Krugger FD