En Auto op d’Mooss! Dat wier et. Kënnt dir kréien, mat der exklusiver Auto-Schmëtt Touring Superleggera aus Italien.

Zanter 1926 gëtt et dës Auto-Manufaktur no bei Mailand, an déi hat elo kierzlech an e Luxus-Hotel an d’Stad invitéiert. De Christian Schmit war fir den RTL Automag mat derbäi.

…an huet, genee wéi aner Gäscht, net schlecht gestaunt wéi an der Lobby en extravagante Sportswon stoung. Eben déi neiste Creatioun vun Touring Superleggera. De Grupp Ginion, déi och esou nobel Marke wéi Rolls Royce a Mc Laren am Import-Portfolio hunn, hat fir déi Première invitéiert.

Automag: Touring Superleggera