Policeautoen zu Lëtzebuerg (Buch)

© editions Revue
Wa mir si gesinn, dann ass een entweder erliichtert well d'Hëllef dann do ass...
... oder awer et gëtt ee liicht nervös, well eng Verkéierskontroll virun engem ass, an et hofft een, dass alles an der Rei ass. Rieds geet vun de Gefierer vun der Police. Déi hunn am Laf vun de leschte Joerzéngte staark evoluéiert, an dat kann een elo an engem Buch noliesen. De Christian Schmit huet dra gebliedert…
“Fahrzeuge der Gendarmerie Grand-Ducale un der Police Luxembourg“, dat den Titel vun där Publikatioun, déi bei der Editions Revue erauskoum. D’Iddi heifir hat de Camille Diener. Den Auteur hat scho fréi e Faible fir d’Mobilitéit vun eise Forces de l’ordre.
Ëmmer nees huet hien d’Asazween geknipst, am Ufank just sporadesch, mee no a no gouf et eng Passioun.
2010 war hien och Mat-Grënnungsmember vum Policemusée, an esou war de Wee bis zu dëser Publikatioun net méi wäit.