BMW X5 Hybrid
-
De PLUS
- Veraarbechtung
- Confort
- Hybrid-System
-
De MINUS
- Gewiicht
D’Thema Elektromobilitéit gëtt ëmmer méi wichteg, an och bei de groussen SUV’en kommen d’Autosmarken mëttlerweil net méi derlaanscht.
Op d'mannst emol Hybrid-Versiounen gëllt et unzebidden. Do mécht BMW keng Ausnam an den Andy Brücker aus der Automag-Ekipp presentéiert eis elo ee vun deene Modeller.
Richteg… Ech hat d’Geleeënheet den neie BMW X5 xDrive45e ze testen. Dat ass kee réngen Elektroauto, ma ee Plugin-Hybrid. Verbaut ass nieft engem 3 Liter Reie-6-Zylinder Bensinner mat 286 PS och nach en 113 PS Elektromotor, deen iwwert eng 24kWh-Batterie gespeist gëtt. Zesumme kënnt een dann op bal 400 PS a 600 NM Dréimoment. Dat kléngt fir sou e schwéiert Schëff wéi den X5 scho guer net sou falsch.
Du sees schwéiert Schëff?
Jo definitiv. Duerch de Lithium-Ionen Akku geet d’Gewiicht vum BMW natierlech an d’Luucht an et läit ee bei iwwer 2,5 Tonne beim neien X5 Hybrid. Dat Gewiicht mierkt een och, wann ee mam X5 emol op Landstroossen ënnerwee ass oder wann ee reng elektresch fiert.
Wéi ass dann däin 1. Kontakt mam Auto verlaf?
Majo ech muss soen, ech war nawell e bëssen iwwerfuerdert, wou ech déi éischte Kéier mam Auto gefuer sinn. Ech sinn dra geklommen, wollt den Auto starten… ma et huet sech näischt gedoen. De Verbrennungsmotor ass einfach net ugesprongen. Firwat? Majo den Auto war op Elektro agestallt… wat een awer duerch de komplizéierten Display net direkt erkannt huet. Nodeems d’Handbrems lass war, an ech d’Gaspedal geheemelt hunn, ass de BMW dunn awer ganz ouni Mucks direkt mam Elektromotor ugefuer… e ganz komescht Gefill bei sou engem groussen Auto a ganz ouni Geräischer.
Et soll ee niwwer 80km wäit reng mat elektrescher Energie fuere kënnen, an dat funktionéiert och tatsächlech, wann een et net iwwerdreift mat der Gaspedal. Bis 135km/h kann ee souguer reng elektresch fueren. Den Iwwergang wann de Bensinsmotor mat uspréngt, mierkt ee quasi net. Dat hu se gutt geléist a Kombinatioun mat der 8-Gang Automatik.
Et ginn jo awer verschidde Modusen, an deenen ee fuere kann?
Ganz gutt Erfarungen hunn ech am normalen Hybrid-Modus gemaach. Do berechent den Auto vum selwen, wéi en am spuersaamste fuere kann. Wann ee bremst oder vum Gas geet, gëtt Energie recuperéiert. Wann ee just cruised, fiert ee reng elektresch, a wann ee Gas gëtt spréngt de Verbrennungsmotor mat un. De Sprint vun 0 op 100 soll an ënner 6 Sekonnen iwwer d’Bün goen…wat ech awer net getest hunn. Am Sportmodus leeft de Verbrennungsmotor ëmmer mat, wat dann och de Spritverbrauch an d’Luucht dreift.
Bei engem Plugin-Hybrid, kann een den Akku jo och iwwer eng extern Stroumquell lueden. Wéi funktionéiert dat dann?
Do war ech nawell zimmlech enttäuscht. Ech hunn doheem keng Luedstatioun fir en Elektroauto stoen, wéi wuel déi meescht vun de Leit dobaussen. Ech hunn dofir probéiert via de matgeliwwerte Luedkabel vu BMW den X5 Hybrid iwwert eng normal Steckdous ze lueden. Beim 1. Versuch ass meng Verlängerung iwwerhëtzt an de Luedvirgang gouf ofgebrach. Un enger anerer Steckdous huet et du funktionéiert. Allerdéngs gaaaanz lues. No 4 Stonne luede war den Akku mol nach net hallef gelueden. Do ass definitiv nach Loft no uewen… aner Hiersteller kënnen dat besser.
A präislech… wou beweege mer eis do?
Den X5 Hybrid huet e Basispräis vun 78‘225 Euro. Eisen Testauto war an engem wonnerschéinen Tansanitblo mat ganz villen Optiounen… vum Kit M Sport, BusinessPack Plus, Innovation Pack, iwwer BMW Laserlight, Soundsystem asw… domat stoung um Präischëld déi stolz Zomm vun 101‘056,27 Euro.
Wee sech et leeschte kann a keen ze schwéiere Gasfouss huet, ka mam X5 Hybrid mat Sécherheet e perfekten Allrounder säin Eegen nennen, mat deem ee ganz wäit Strecke bequem a spuersam fuere kann. A wann een emol an d’Gelänn muss, huet ee mam Allrad och nach en Ass am Ärmel.