Hyundai Kona Hybrid
-
De PLUS
- Gutt Zesummespill vun Elektro a Verbrenner
-
De MINUS
- Verbrauch
- Präis
- Keng Primm
Hybrid - dat muss et elo sinn. All Konstrukteur iwwerschléit sech elo bal, esou Modeller an de Showroom ze stellen.
Fuere mat guddem Gewëssen souzesoen - mä, ass dat dann och esou? De Christian Schmit hat fir eis de Hyundai Kona Hybrid am Test, a wollt dat mat deem erausfannen.
Eppes muss een dem koreaneschen Konstrukteur loossen. Zu engem Moment, wou der vill nach driwwer nogeduecht hunn, huet Hyundai scho geliwwert. De Modell Ioniq als Elektroauto, Hybrid a Plug-In Hybrid koum schonn am Summer 2016.
De Modell Kona hate mir well als 100% Elektroauto am Test, elo dann an der Hybrid-Versioun. Mild-Hybrid wéi dat bei där Gréisst un Elektromotrice heescht. En Auto deen sech dem Trend zu Eco compatiblen SUV Modeller upasst.
Den Undriff
Op der fiche technique steet en 1600er 4-Zylinder Bensinner mat 105 PS. D’Kraaft vum Lithium-Ion-Polymère Elektromotor, déi leit bei 43.5 PS. Am Zesummespill vun deenen zwee erginn sech 265 Nm Dréimoment. Eng Leeschtung, déi am Alldag wierklech duergeet. Beim Ufueren spiert een d’Kraaft vun den zwee Häerzer, eh natierlech Moteuren. Reng elektresch léisst sech de Koreaner awer nëmme mat ganz wuel doséierten Trëtt op d’Gaspedal beweegen. Nom Start dauert et eng Sekonn, an dann annoncéiert den Hyundai Kona Hybrid, dass e prett ass.
Mat de Fuerleeschtungen kann ee liewen. Mir haten e mat op d’Essen Motor Show, an op däitschen Autobunnen op engem Freidegmëtteg goungen déi 160km/h an 11,5 Sekonnen vun 0 op 100 och méi wéi duer.
Den Interieur
…do fält op, dass den Ecran fir den Affichage vun Navi a Multimedia op 10,25 Zoll gewuess ass. Um Tableau de bord gëtt den Tourenzieler duerch eng Batterie-Charge Skala ersat.
Déi pendelt dann hin an hier an informéiert deen hannert dem Volant, ob een am Modus Charge Battery, Economy oder Power ënnerwee ass. EV a grénge Buschtawen liicht dann och op, wann een, wann och nëmme vu kuerzer Dauer, sech reng elektresch fortbeweegt.
Vum Zesummespill tëscht deenen zwou Motrice kritt de Chauffeur näischt mat. Den Dezibelpeegel läit fir en Auto aus där doter Klass an engem agreabele Level.
Wéi gesot, um Testprogramm stoung och en Deplacement op Essen an Däitschland. Doraus huet sech e gudde Mix tëscht Iwwerland, Stad an Autobunn erginn, an et huet ee sech gefrot, wat soll de Hyundai Kona Hybrid dann esou verbrauchen? Abbé 7 Liter op 100 km waren et da schonn, den Auteur vun dësen Zeilen war eleng u Bord, a géing mol behaapte moderat ënnerwee gewiescht ze sinn. Dat ass vill, a wéi leider üblech wäit méi wéi vun Hyundai annoncéiert. Ass de Bensinner oder Diesel vläicht ënnert dem Stréch awer di besser Alternativ?
Am Resumé
Et dierft ee gespaant sinn, wéi vill Cliente sech fir d’Hybrid-Versioun decidéieren. Eisen Testauto, Hyundai Kona 1.6 GDI 6-DCT Sky, an der Topversioun koum op no bäi 33.000 Euro. Dat ass e Pak, a gläich e puer Dausender méi wéi d’Alternativen aus der Kona-Gamme.
Do muss een da wierklech e gréngt Gewëssen un den Dag leeën, well mat senge 90 Gramm CO2 Ausstouss als Mild-Hybrid gëtt et keng Primm vum Pappa Staat. Do tréischten dann nach just di grad mol 30 Euro fir d’Steiere vum Auto.