Vill Autosmarken a -modeller sinn an de Vergiess geroden oder et huet een tatsächlech nach ni eppes vun deenen héieren.

Genee dorëms goung et an der Haaptausstellung vum Interclassics Salon zu Maastricht. De Paul Origer huet eis e puer Raritéite matbruecht.

Automag: Vergiessen Autosmarken

Den Interclassics zu Maastricht ass am neie Joer quasi deen éischte Rendezvous fir Frënn vum klasseschen Auto!

Richteg, an zwar war ech virun 2 Wochen dohinner wëll mech besonnesch eng Ausstellung gelackelt huet: „Forgotten Classics“ - Autoen, a virun allem Marken, déi an hirer Zäit eng grouss Bedeitung haten a vun deenen haut – leider – kee méi schwätzt.

Een dovunner war awer an Europa nawell zimmlech bekannt.

Jo, a witzegerweis war dësen Auto d'Markenzeeche vun enger Musekssendung am däitsche Fernsee – Formel 1 huet se geheescht an am Mëttelpunkt stoung ee Studebaker Champion vun 1950. D'Mark Studebaker gouf et vun 1911 bis 1966 a war virun allem duerch hiren Designer gepräägt.

An dee misst bal jidderee kennen...

Op d'mannst emol déi, déi eng Colasfläsch am Grapp haten. Well do derhannert stécht de Raymond Loewy. Hien huet ënnert anerem, nieft den Äisschief vu Frigidaire och de Logo vu Lucky Strike an den Interieur vun der Concorde entworf. Op seng Kap ginn awer och vill charakteristesch Modeller vu Studebaker wéi den Hawk, den Avanti oder de Star vu Maastricht, den Champion Regal Deluxe Starlight Coupé mat senger typescher Bullet Nose.

A Studebaker huet spéider mat enger weiderer grousser Mark fusionéiert, déi mer haut och net méi kennen.

An dat war Packard. Vill luxuriéis a scho bal pompös Limousinnen goufe vun 1899 bis d'60er Jore gebaut a sollte virun allem Cadillac a Lincoln Konkurrenz maachen. Virun allem war dës Mark awer duerch hir vill Erfindunge bekannt, wéi z.B. koume vun hinnen déi éischt Serienautoe mat Kulisseschaltung, Klimaanlag oder V12-Motor op de Maart. Iwwerhaapt goufen et an Amerika vill Marken, déi verschwonne sinn. Eng dovunner ass Auburn, déi besonnesch mam Speedster vun 1935 am wonnerschéinen Art Deco Design sech ee Monument gesat huet.

Wéi gesäit et dann mat europäesche Marken aus? Do sinn der jo och eng Partie verschwonnen, wéi elo rezent nach Saab.

Voilà, do schwätz de effektiv eng vun deene leschte Marken un, déi opgehalen hunn. Oder loosse mer soen, si hu missen ophalen, well se eben net bei der grousser Mass, mee éischter bei Individualiste Succès haten. Vu Schweden gi mer mol eriwwer a Spuenien. Hei gouf 1904 eng Mark mam klangvollen Numm Hispano Suiza gegrënnt. Haaptmann war ee Schwäizer Constructeur, de Sëtz zu Barcelona. Nofollger war 1945 d'Mark Pegaso, déi mat extrem fortschrëttlech-gebauten Autoen a rassegem Design opgefall sinn. Mee och eis franséisch Noperen hu sech Ufanks vum 20. Joerhonnert mat grousse Marken een Numm gemaach, wéi zum Beispill Delage, déi sech op exklusiv Autoe fir Leit mat déckem Portmonni spezialiséiert hunn. Nach méi extravagant gouf et mat Talbot, besonnesch de Lago vun 1948 war deemools e Meeschterwierk vum Karrosseriebauer Jacques Saoutchik.

Natierlech ass Frankräich mat Paräis och d'Haaptstad vun der Haute Couture! Mee aner Länner haten och schéin Autoen.

An do staunt een, wat et alles gouf. Eisen aneren Noper, d'Belsch haten nämlech och hir eegen Autosmark: Minerva. Fir d'éischt hu se Vëloen a Motorrieder, duerno Autoen an esouguer Luxusween gebaut. Wéi de Vanden Plas vun 1921, dem Kinnek Albert I säi Privatauto. An da ginn et nach vill aner Marken, déi warscheinlech nach ni een héieren huet: Invicta, Isotta Fraschini, Spyker, Alvis, Bristol, Lagonda an ech kéint nach vill Sendungen domat fëllen.