Highlights vum Autofestival 2020

© Paul Theisen
Zenter leschtem Weekend ass den Autofestival am Gaang – villäicht hat nach net jiddereen Zäit fir ze goen.
Dofir gëtt et elo am Automag e klenge Best Of vun deem, wat Dir op kee Fall verpassen dierft. De Paul Origer huet säin Tour vum Festival gemaach.
Genee, ech war leschte Sonnden en Tierchen dréinen, allerdéngs net bei all Mark, déi an eisem Festivalsdossier opgefouert ass – dat aus deem einfache Grond, well ech elektresch ënnerwee war an tjo, no 100 km hat ech kee Jus méi.
Stéchwuert Festivalsdossier an Elektromobilitéit – do geet et dëst Joer kloer an eng Richtung?
Jo, du sos et, Elektromobilitéit ass bei all Mark een Thema an esou huet och quasi jiddereen seng Gamm ënner Stroum gesat, spréch Hybriden oder E-Autoen an de Programm geholl an eng Rëtsch dovunner feieren op eisem Festival dëst Joer Première. Ugefaange mam éischten elektresch ugedriwwene Mini, dann d’Zwillingskoppel aus dem Haus PSA: de Peugeot 208 an den Opel Corsa. Allenzwee fuschnei an Allenzwee zwee reng elektresch ze kréien. Zwee ganz gelongen Autoen an, anescht wéi mäi Gefier vum leschten Sonnden, mat genuch Autonomie ausstafféiert. Iwwerhaapt ass bei de Fransousen den E-Auto een Thema. Beispill DS déi eis den DS3 Crossback E-tense weisen oder den DS7 Crossback als Plugin Hybrid. Dann huet ee vun de Pionéier, nämlech Renault, deen neie Zoé am Showroom stoen, aner Modeller wéi de Captur kommen och als Hybrid.
An et geet och nach méi exklusiv!
Jo, an do ass sécher deen neie Porsche Taycan den Highlight, dee sécher jidderee gesi wëll. Mee ganz exklusiv a kuckeswäert ass och de Bäitrag vun Honda am flotten Retrodesign, den Honda e. Mercedes huet, nom EQC als rengen Elektro lescht Joer, elo A- a B-Klass als Hybrid am Programm. Och Audi a BMW, grad wéi Skoda, VW, esouguer Subaru a vill aner Marken presentéieren op dësem Festival nei Hybriden.
Mir wëssen awer och, datt vill Passionéierter wéi’s du op de Festival ginn, well awer och nach Bensin an hiren Odere fléisst...
A Bensin oder Diesel fléisst och nach a ganz ville lëtzebuergesche Premièren. Bei Mercedes sinn et direkt 3 Modeller, déi esouguer an enger Black Box verstoppt ginn: GLA, GLB a GLE Coupé – du gesäis, den Trend geet nach ëmmer a Richtung SUV. Keen SUV, dofir eng Avant-Première bei VW: den neie Golf ass do. Bei Ford komme mer nees zeréck bei d’SUV, do sinn et direkt och 3: Puma, Kuga an Explorer kann een do am Showroom gesinn. Och Mazda weist eis mam CX-30 een neie SUV an dee géing ech och probéieren, well ënnert dem Blech stécht ee revolutionäre Motor. De Konkurrent Nissan Juke feiert och säin éischten Optrëtt, e bësse méi eppes Grousses fanne mer bei Cadillac a Form vum neien XT4.
An dreeme wëlle mer jo och nach...
Jo, dat kann ee jo ëmmer an et kascht net esou deier. Am Hotel Le Royal sinn nees RollsRoyce a McLaren ausgestallt, bei Porsche géing ech mer op jidde Fall den Cayman GT4 a Boxster Spyder ukucke goen. Ferrari huet och eppes exklusives, nämlech den SF90 matbruecht.
Mee, mäin Highlight bei de Luxusmarken steet awer definitiv bei Aston Martin. An, stell der vir, et ass een SUV. Mee den neien Aston Martin DBX ass dee Schéinsten. Apropos dee Schéinsten... kuckeswäert ass och deen neie Jaguar F-Type, deen am Kader vun engem gréissere Facelift elo eng nei Nues krut. A fir ofzeschléissen a bei Jaguar Landrover ze bleiwen, ee Monument an der Autosgeschicht, de LandRover Defender kritt no gefillten 100 Joer säin Nofollger – deen däerf een natierlech net verpassen.