E Samschdeg goung se lass, déi 56. Editioun vum Autofestival, organiséiert vun der FEDAMO, der Fédération des Distributeurs Automobiles et de la Mobilité.

D’lescht Woch gouf op d’Pressekonferenz an Table ronde invitéiert. An deem Kontext war den Auto-Expert Dr Konrad Wessner fir e Virtrag zu Lëtzebuerg. De Christian Schmit hat Geleeënheet, sech mat him iwwert de Lëtzebuerger Autofestival ze ënnerhalen.

Automag: Interview mam Dr Konrad Wessner

„Autoanschaffung im Wandel“, dat war de Sujet vum Invité Dr Konrad Wessner. En ass zu Nürnberg doheem, a seng Firma Puls Marktforschung huet hien 1992 gegrënnt. Zënterhier ass hien e gefrote Personnage an der Automobilbranche.