En Auto deen och ka fléien? Jo, dat gëtt et tatsächlech!

Mir wësse jo net wéi genee är Uspréch un de nächsten Auto ausgesinn. Mat deem, dee mir Iech an de nächste Minutten presentéieren, faalt Dir op alle Fall op. An dat Gefier huet och nach en anert Talent wéi just op der Strooss vun A op B kommen - de Won kann och fléien. Klengt verréckt, mee de Christian Schmit souz schonn dran.

Automag: PAL-V Auto dee flitt, Fliger dee fiert

Mir schwätze vum PAL-V. Dat steet fir "Personal Air and Land Vehicle". Oder anescht ausgedréckt: A car that flies a plane that drives. Den Dram dem Stau ze entkommen, oder an dësem Fall dann ze entfléien, kéint geschwë Realitéit ginn.
Zu Bréissel um Salon Auto Moto Mobilité, do war de PAL-V ze gesinn. An Holland gëtt e produzéiert, den eleganten a futuristeschen Design kënnt aus Italien.

2008 gouf PAL-V schonn an d’Liewe geruff, mee fir d’Homolgatioun fir esou en Auto ze kréien dee flitt, a gläichzäiteg och nach e Fliger, deen ech op der Strooss sech ka beweegen, do muss ee ganz vill Critèren erfëllen. 10 Joer muss een do op d'mannst rechnen. Et wier een elo an de leschte Schrëtt, an et rechent een domat, 2021 op de Maart ze kommen domat.

Mat senge 4 Meter an der Längt an 2m breet kann ee sech mam Zweesëtzer duerchaus op d’Strooss trauen. E soll 160 bis 170 km/h séier sinn. Fir ze starten, brauch een eng Streck vu ronn 200 Meter, an da kann ee 500km wäit fléien, bei enger Maximalvitess vun 180 Stonnekilometer. E sinn 2 Motore vu Rotex agebaut, mat jeeweils 100 PS. Fir ze fléie ginn déi 2 gebraucht, fir ze fuere just 1. Fir ze fueren huet een en normaalt Steierrad, fir ze fléien e Flight-Stick.

D’Carosserie ass aus Carbon, fir esou liicht wéi méiglech ënnerwee op der Strooss, a virun allem an der Luucht ze sinn. 660kg bréngt de Flight-Car aus Holland op d’Wo. Wann en ofhieft huet et den Uschäin, wéi wann et en Helikopter wier, oder? Dorop ass et d'Äntwert, dass en zwar wéi en Helikopter ausgesäit, awer net wéi en Helikopter flitt. Et ass e Propeller hannen um Gefier, deen de PAL-V souzesoen an der Loft dréckt. De Rotor ass just fir d’Stabilitéit an der Loft zoustänneg.

RTL

© PAL-V

Wann dir elo sot, dat do ass eppes fir mech, da misst der op d'mannst 300.000 Euro parat hu bis d’nächst Joer an de Permis fir de Sportsfliger maachen. Well fir de PAL-V ze beweegen, muss een di zwee Permisen hunn.

„Mir wellen d’Mobilitéit esou wéi mir se elo kennen änneren“, esou de Marketing-Manager Joris Wolters. Eleng an Holland hu schonn 30 Leit ee bestallt, an d’Commande ginn a 70 Länner entgéint geholl.