An e puer Deeg ass et nees esouwäit, da wäerten d’Garage gestiermt an d’Kontrakter ënnerschriwwe ginn – et ass nämlech Autosfestival!

 A wat wier den Autofestival ouni den Dossier vum RTL Automag deen deemnächst online geet.

Automag: Autofestival, den Dossier

Paul, et ass eng Traditioun a scho bal net méi ewechzedenken!
Do hues de Recht, schliisslech ass d’Offer un Autoen jo net méi kleng ginn a mat den héije Standarden, sinn d’Autoe haut bal alleguer d'selwecht perfekt. Mee de Festivalsdossier ass jo dann do fir ze hëllefen.

Wat kréie mer dann am Dossier gebueden?
Majo, mir halen déi Formule vun deene leschten 2 Joer bäi. Dat heescht mir hu fir all Autosmark, déi um Lëtzebuerger Marché present ass, eng Säit mat enger kuerzer knackeger Beschreiwung vun deene Modeller, déi zënter dem leschte Festival gewise goufen. Also quasi e Resumé vum Joer 2019. Dat kënne just Facelifts sinn, dat kënnen awer och ganz nei Modeller sinn. A fir de Festival huet esou munch Mark dacks och eng Iwwerraschung a Form vun enger Avant-Première oder, wéi dat bei verschiddene Marken de Fall ass, esouguer eng Weltpremière parat.

Jo, well am Fong hu mer jo zu Lëtzebuerg keen esou richtege Salon!
Nee, mee wann ech et mengen auslännesche Journalistekolleegen zielen, fanne si déi Lëtzebuerger Formule awer och ganz interessant. Esou oder esou ass eise Festival jo eng Fortsetzung vum Bréisseler Salon, dee gëschter op een Enn goung. An da gi vill nei Autoe vun do opgelueden a komme bei eis. Wéi eng dat sinn, dat kënnt der am Dossier liesen.

An domat ass et jo och nach net gedoen...
Richteg, de But vum Dossier ass et, esouvill wéi méiglech ze informéieren. Ech ginn dëser Deeg oder och soss vu Kolleegen dacks ugeruff wann et ëm de Kaf vun engem neien Auto geet. An d’Erstelle vun eisem Webspecial hëlleft mir natierlech och dobäi. Well et gëtt net nëmmen eppes ze liesen, et ass och bei all Mark eng Fotogalerie dobäi, de Lien zu eise Präislëschte un déi ech mech elo vif sëtze wäert, dann de Link op den offizielle Site vun der Mark a last but not least d’Adress vum Test op der Télé, falls de Pascal oder de Serge deen Auto gefuer waren.

Geschwënn geet den Autofestivalsdossier wéi gesot online,  dat ass ëmmer e ganze Batz Aarbecht!
Dat sees de gutt. Mee den Haaptproblem ass ëmmer deen, datt virum Festival ëmmer d’Feierdeeg sinn, spréch quasi jidderee vu mengen Informanten ass am Congé an dono sinn déi selwer déck am Stress wénkt dem Bréisseler Salon. Esou munches ass tatsächlech eréischt an deene leschten Deeg erakomm. Mee d’Internetekipp hei am Haus ass séier an dofir ass och alles séier up to date.

Gëtt et dann a punkto Nouvellen een Trend oder eng Ännerung wou s de erkenne konns?
Ech muss soen, et waren alt schonn emol Jore wou méi lass war. Kloer, déi grouss Marke wéi Audi oder Mercedes hunn nees wierklech de ganze Showroom voller Nouvellen, mee bei deenen aneren ass et deels e bëssen dënn. Vill Marken hunn einfach nëmmen nei Motoren erausbruecht oder guer näischt. Do sinn ech natierlech séier fäerdeg, mee spannend ass dat net. Mee déi nächst Woch sinn ech nees hei an zielen e puer Highlights op déi een op kee Fall verpassen dierf!

A bis dohinner ass eng gutt Lecture gewënscht, gitt eraluussen an de groussen Dossier vum Autofestival.