• De PLUS

    • erfrëschend sportlech
  • De MINUS

    • bëllege Plastik am Banneraum

Den 3er Touring bei BMW geet an déi 6. Generatioun.

Wat deen neie Kombi drop huet, weess den Akim Schmit.

Automag: BMW 3er Touring

Hiren Héichpunkt hate se wuel virun all deenen SUVen, déi den Autosmarché am Moment dominéieren. Rieds ass vum Kombi, dem Familljenauto par excellence. BMW huet elo säi Bestseller als Touring virgestallt.
D'3er Serie ass net d’Flagschëff, mee éischter de Goldiesel. Mt kenger anerer Baurei huet BMW esou héich Stéckzuelen opweises. Et war dann och keng Iwwerraschung, mee eng Fro vun der Zäit, bis den Touring kënnt. Elo ass en do, déi 6. Generatioun vum 3er Touring.

A wéi et bei Ierfstécker meeschtens ass, steet alles am Zeeche vun der Kontinuitéit. Oder brécht BMW mat der Traditioun?

Déi grouss Iwwerraschunge bleiwen aus – op d'mannst optesch. Wéi gewinnt  sinn den Touring  an d'3er-Limousine bis bei d'B-Säil wéi 1-Eeëg-Zwillingen. D'Limousine wierkt sportlech mat der grousser Nir an neie Luuchten, och dem praktesch ausgeluechten Touring steet de sportlechen Optrëtt. Den Design verstoppt dann och, dass d’Limousine an de Kombi ëm 7 Zentimeter an d’Längt gewuess sinn.

Méi Längt heescht awer och méi Plaz, oder ieren ech mech?

Richteg. Virun allem op der Réckbänk spiert een den Zouwuess. Beim Kombi geet et awer och ëm d'Mall. Do leet de Volume ëm 5 bis 10 Liter zou a läit elo bei 500 bis 1510 Liter. Dat ass net d’Welt, ma méi hunn d’Konkurrente vun Audi a Mercedes och net ze bidden. BMW wëll dohier mat prakteschen Detailer punkten. Elektresch Mall, eng Réckbänk, déi sech an 3 Deeler ëmklappe léisst, Anti-Rutsch Schinnen an en Trenn-Netz solle fir Pluspunkte suergen.

Fir esou Pluspunkte wäert bei esou enger Premium-Mark awer och de Rescht vum Interieur suergen. Stéchwuert Infotainment a clever Assistenten.

Se loosse sech einfach net méi ignoréieren a bidde bei wäitem méi Funktiounen, wéi just Navigatioun a Radio, wat awer net nei ass. Interessant gëtt et bei den Assistenz-Systemer. Den 3er Touring ass „Deelautomatiséiert“ an erfëllt Critèren vum „Level 2 Plus“. Funktioune wéi d’Parken, Spuerhalen, Acceleréieren an d‘Bremse gi vun den Assistenten iwwerholl. Besonnesch d’Vernetzung tëscht der Verkéiersschëld-Erkennung an dem Tempomat huet mer an der Praxis gutt gefall. Richteg autonoomt Fueren ass iwwregens vu Level 5 u méiglech.

Beim 3er Touring dierf de Chauffer d’Steierrad also nach selwer an de Grapp huelen. Wéi ass däin Androck?

Vläicht brauch et no all deenen SUVen, déi mer a leschter Zäit am Test haten och net vill, fir mech glécklech ze maachen ma fir e Familljenauto fiert e sech erfrëschend sportlech. Dat läit direkt un e puer Facteuren, wéi dem sportlech-straff ofgestëmmte Fuerwierk, der direkter Lenkung an de gutt doséierbaren, awer gëftege Bremsen.

Bei esou eng sportlech Ofstëmmung, gehéiert och e sportleche Motor huelen ech un.

Et ass net dat stäerkst, wat BMW am 3er Touring ubitt, den M340i spillt mat sengem 3-Liter-Sechszylinder Bensinner an enger anerer Liga. Eisen Testauto war mam 2 Liter Véierzylinder Diesel mat 190 Päerd och alles anescht wéi schwaach op der Broscht. D’Kiischt um Kuch ass sécher den xDrive-Allrad vum Testauto gewiescht. Dee konnt zwar net weisen, wat en am déifste Lëtzebuerger Wanter leeschte kann, mee dofir huet e seng Stäerkten bei dynamescher Fuerweis ausgespillt, an dat ouni ze iwwerdreiwen. Um Enn louch de Verbrauch bei 7 Liter Diesel/100km.

Dat kléngt alles zimmlech positiv, wann ech dir esou nolauschteren. Gëtt et dann och eppes, wat der net gefall huet?

Wann et eppes gëtt, wat mer net gefält, ass et bëllege Plastik. Plazeweis huet de Comptabel beim Interieur matgeschwat, an dat geet an der Autosbranche meeschtens schif. A wou mer scho bei den Zuele sinn, wier dat de Präis. Lass geet et bei 36.600 Euro fir den 318d mat 150 Päerd. Eisen Testauto huet, gutt equipéiert, 65.800 Euro kascht.