Subaru E-Boxer XV a Forester
De japanesche Konstrukteur Subaru hat Enn 2019 d’Auto-Press invitéiert, fir seng Hybrid-Versiounen ze presentéieren.
Direkt zwee Modeller sinn dat am Moment, den XV an de Forester. De Christian Schmit war fir eis mat dobai.
Subaru. Déi behaapte vun sech „From a company making things to a company making people a smile". Si hate fir hir Presentatioun an d’Buerglënster-Schlass invitéiert. An deem elegante Kader ass ee gutt opgehuewen, an do bleift e Smile net aus.
Subaru bréngt ee jo mat sportleche Victoiren a Rallye-Autoen a Verbindung. Mä déi kënnen och anescht. Den E-Boxer, de bekannte Boxer-Motor-Prinzip mat Elektropower. Bon Subaru ass bei eis eng vun deene Marken, déi net esou vum Erfolleg gekréint ass. Mat Ofstand beléiftste Modell ass de Forester. Vun deem konnten an Europa zanter sengem Debut am Joer 1997 schonn nobäi 340.000 Stéck verkaf ginn, ronderëm de Globus bal 3,4 Milliounen Exemplairen. A ganz rezent goufen och elo 5 Stäre beim EURO NCAP Crashtest verdeelt.
Den Undriff
Elo kritt de Boxer-Moteur dann Ënnerstëtzung vun engem Mild Hybrid System. Et versprécht ee sech besser Verbrauchswäerter. 10% manner sollen dra sinn. Et bleift ee senger Linn trei, nix Turbo, eng stufelos Boîte, Genre „Variomatic“, an natierlech eng 4X4 Traktioun.
Déi 2 Liter 4 Zylinder Boxer-Motrice leeft gewinnt zimmlech roueg, an hänkt gutt um Gas. 150 PS, 194 NM Dréimoment bei 4000 Touren stinn enger Masse vun 1600kg géintiwwer.
Den Elektromoteur(chen) fënnt am Geheis vun der Kupplung Plaz. Beim Ufueren a bei méi Leeschtungsbedarf kommen dann 17 PS a 66Nm Dréimoment dobäi, dat heescht e puer Kilometer sech reng elektresch beweegen. Wéi een dat kennt, luet sech den Akku dann nees beim Bremsen oder Ausrullen.
An der Mall fält op, dass de Buedem e bësschen méi héich ausfält, an esou passen do aplaz 385 elo nach 340 Liter eran. Schued, dass den Elektro-Power-Package nach méi Plaz brauch, an esou de Bensinstank vun 63 op 48 Liter verklengert. Dat gutt Gewëssen fiert elo mat, mee eng Plug-In Hybrid Versioun, déi an den USA schonn ugebuede gëtt, wirr vläicht dann dach méi sënnvoll a konsequent gewiescht.
De Mild Hybrid mat sengen 2 Batterien, bréngen 110 kg méi op d’Wo. Subaru annoncéiert 6,5 Liter beim Verbrauch, mee de grousse Forester kann dat Versprieche net halen, an ëm di 8 Liter si realistesch.
Wéi vill kritt een elo vum Mild Hybrid mat? Eigentlech näischt, mee um Infoscreen an der Mëttelconsole kann ee kucken, wat grad passéiert. An dat ass vläicht méi spannend, wéi op den den Elektrokick ze waarden. De Subaru E Boxer, ob elo am XV oder Forester Modell hält sech am Hannergrond, a verännert net sonnerlech de Charakter vum Boxer Prinzip.
Léiwer gemittlech wéi dynamesch. An am Terrain oder op verschneite Weeër weise wat ee kann. Dat ass a bleift seng Welt.
Am Resumé
„Unaufgeregte Alternative für Technik-Genießer“. Esou hat eng däitsch Autozeitung getitelt, an dat trëfft och zimmlech gutt. Nach e Wuert zum Ambiente bannenan. Dat ass gefälleg a presentéiert sech, esou wéi een et vun Subaru gewinnt ass. Op der Presentatioun zu Buerglënster gouf och e kamoute Gadget presentéiert. Subaru proposéiert e „Rear Camera Washer“, fir dass een eppes gesäit, wann een hannerzeg fiert.
Präisser goufen nach keng annoncéiert, mee deen oder aneren Dausender par Rapport zum Forester ouni Hybrid-Technik, muss mat agerechent ginn.