• De PLUS

    • Veraarbechtung
    • Motor
  • De MINUS

    • Tounlag am Sport-Modus

Haut beweege mir eis am Automag am Beräich vun de Superlativer. Iwwerschrëft: Millionär, oder VIP fir een Dag.

Esou ass et dem Christian Schmit um Volant vum Bentley Bentayga Speed ergaangen.

Automag: Bentley Bentayga Speed

Jo esou kéint een dat ëmschreiwen. Mir si jo gewinnt op ville Plazen an Europa Neivirstellungen ze fueren. Mee wann d’Invitatioun kënnt fir zu München bei Bentley deen neie Bentayga Speed ofzehuelen, an deen dierfen op Lëtzebuerg ze fueren, do seet een net neen.

Ech ginn zou, bis dato mäin deiersten Testauto iwwerhaapt. De Präis léich bei iwwer 300.000 Euro, huet de Representant vu Bentley gemengt. Abbé merci…

De 6 Liter W12 ënnert der Hauf bréngt et fäerdeg den nobelen SUV an 3,9 Sekonnen op 100 ze katapultéieren, a wa gewënscht an erlaabt, och op iwwer 300 à l’heure. 306, fir genee ze sinn. Whoaw.

Dat ass dowéinst vu Bedeitung, well bei Lamborghini, déi jo och zum VW Grupp gehéieren, den Urus steet, an deen „nëmmen“ op 305 kënnt.

Also ass de Bentayga Speed elo erëm dee séiersten Serien SUV vun der Welt. Am arabesche Raum, China oder Russland, wou di superräich sech fir esou Kaliberen interesséieren, kéint dat schonn mol e Kaf-Argument sinn.

Bon fir de Push vun 608 op 635 PS beim 12 Zylinder hinzekréien, dat war elo kee grousst Konschtstéck. De Software-Update huet och beim Dréimoment nach zougeluecht.

Vu baussen erkenne mir e just um Spoilerkleed, wat komplett aus Carbon ass, an dass dezent Speed drop steet. Ech denken, dass dat wierklech just där agefleeschtener Bentley-Clientèle opfalen dierft.

Bentley huet 2019 säi Centenaire gefeiert. 100 extraordinary years war de Motto. Bon da géing ech mol soen, de Bentley Bentayga Speed an de Grand Duché ze bréngen: 1 extraordinary day.

Leeschtung sat ass ee Punkt, mee den Interieur beim brittesche Konstrukteur en aneren. Tatsächlech hunn d’Britten de ganzen Interieur, awer wierklech bis an dee leschte Wénkelchen mat Lieder an Alcantara agekleet.

An dat deierst ass grad gutt genuch. Ob Holz oder d’Kouhaut, näischt gëtt dem Zoufall iwwerlooss, an nëmmen e Grapp voll Fournisseure kommen do a Fro.

An du goung et lass. Duerch München op eng Plaz wou de Bentayga Speed eng gutt Figur mécht, de Bayrescher Hof. Hei war hie wärend eisem Lunch a gudder Gesellschaft, mat der crème de la crème am Automobilbau.

Op bayresche Landstroosse hu mir festgestallt, dass sech den 2-Tonne-Luxusliner ganz easy op Kurs hale léisst. E souveräne Cruiser beweege mir do, dee schéngt es, Chauffeur a Passagéier a Watt apaakt. Fuere wéi am 7. Himmel.

Mee e kann och anescht. Am Modus "Sport" ginn dann all Muskele gespaant, d’Loftfiederung an de SetUp adaptéiert, an de Sound wiesselt remarkabel Tounlag.

Mee éierlech gesot, passt dee Bass net sou richteg zu där komfortabeler „Buerg op 4 Rieder“. Et huet den Uschäin, wéi wa Grenze vun der Physik aus den Aangele gehuewe géife ginn.

Mee op kuerz oder laang, steet een och am tempofräien Däitschland am Stau. An dat mat deenen 300 um Tacho gouf näischt. Mee net schlëmm, et war awer en aussergewéinlech Dag um Volant vum Bentayga Speed, a mäi perséinlechen Highlight fir dat vergaangent Joer 2019.