• De PLUS

    • Confort
    • Banneraum
  • De MINUS

    • Präis

2020 war alles anescht, jo jo. Esouguer de Kleesche koum e puer Deeg éischter. Wat gelift sot dir?

Abee de Christian Schmit hat dat op alle Fall esou erlieft, um Volant vun engem ganz luxuriéise Bentley SUV.

Automag: Bentley Bentayga V8

Déi Kéier koum de Kleesche schonn den 2. aplaz de 6. Dezember. Well dunn hat ech Rendezvous bei Bentley fir d’Invitatioun anzeléisen, den neie Bentayga ze fueren. Wat e Luxusschlitt, dat mat engem V8 Motor, an no sengem Besuch bei der Visagistin an den IT Spezialisten. So nimools ni. Huet Bentley nach 2015 behaapt et kéime keng digital Armaturen u Bord, well de Bentley Owner dat klassescht ze schätze wéisst. Elo dann awer. Bréngt mat sech, dass dofir och elo d’Kartographie a Funktioune vum Navi up to date sinn. Connectivity an Infotainment um iwwersiichtlechem 11 Zoll Ecran inclus.

Jo och e Bentley kënnt net laanscht eng „Produktoptimierung“ wéi dat am Fachjargon heescht. Dat allerdéngs mat ganz vill Fangerspëtzegefill, wat ëmmer am Segment vun de Superlative gefrot ass.

Chrom, gesteppte Lieder, an Alcantara ginn nach ëmmer ganz opulent verschafft. An och wa Bentley jo zu der grousser VW-Famill gehéiert, esou ass een zu Crewe an England, wou de Bentayga gebaut gëtt, beméit dat ze cachéieren. Klenge bemol... déi selwecht Baussespigelen wéi bei Audi.

E Bentley ze beweegen, dat heescht souverän ënnerwee sinn, an zu engem elitäre Krees ze gehéieren. Hei hätt och de Kleesche seng Freed mat deem Luxus gehat.  A mat deene Päerdercher ënnert der Hauf, wieren d’Kaddoen och séier bei de brave Butze gewiescht. An d’Niklos Lidder wieren aus net manner wéi 20 Boxen aus der Naim Audio Anlag komm.

Den Undriff

Géint e 4 Liter V8, mat 550 PS, deen nach Ënnerstëtzung vun 2 Twin Scroll Turboe kritt, ass prinzipiell näischt ze soen. Mee dat Wuert „Downsizing“ huet och elo bei der brittescher Nobelmark Bestand. Den 12-Zylinder Sound ass passé, fir Europa op d'mannst. Gëllt och fir den Diesel. D'PlugIn-Versioun léisst op sech waarden, sou ass am Moment just d’V8-Versioun méiglech.

Ganz souverän ginn di 2,4 Tonnen a Beweegung gesat. A manner wéi 5 Sekonnen op 100, a bei der Endvitesse stéing dann di remarkabel Zuel vun 290. Whoaw.

Op Lenkung, Loftfiederung, elektromechanesche Wankassistent oder Carbon-Keramik Bremsscheiwen, all gi si hiert Bescht, fir dass een all Deplacement um Volant a vollen Zich genéisse kann. Den Tankstopp manner. Iwwer 13 Liter gënnt sech de 5m14 laange Luxus-SUV. Mee dat dierft hei manner an d’Gewiicht falen.

Di gréisste Changementer

Dozou zielen den ugeschwate Motor, an d'Digitaliséierung. Mee och optesch gouf et Retuschen. Besonnesch di nei hënnescht Luuchten, déi elo oval ausfalen, sprangen engem gläich an d’A. De Continental aus der Gamme huet déi och.

Vum Lamborghini Urus, deen op där selwechter Plattform steet, gouf et di hënnescht Achs, déi den Handling an d’Agilitéit positiv beaflosse soll.

Och an engem Bentley kann de Chauffer d’Fuerdynamik variéieren. Mee och am Sportmodus hält sech den Dezibelpegel “noblesse oblige“ nach dezent am Hannergrond.

Am Resumé

Och den iwwerschaffte Bentayga mam V8 a Plaz vum V12 ass a bleift en aussergewéinlechen Auto. Elo dann och mam Update a punkto Infotainment, Connectivity an Assistenz Systemer. Mat sengen 22 Zoll Rieder steet e wéi “my car is my castle” vrun engem.

Luxus pur, déi natierlech och säi Präis huet. An den Auteur vun dësen Zeile weess, sou bal parkt bei 230.000 Euro fir den Testauto, kee Bentley Bentayga V8 an deem senger Garage.

Ausser de Kleesche géif e bréngen.