• De PLUS

    • Design
    • Fuergefill
  • De MINUS

    • Soundgenerator
    • Autonomie

Als eng vun deene wéinegen onofhängegen Autosmarken huet sech Mazda bis elo nach all Trend wéi Hybrid oder kleng Bensinner mat Turbo widdersat.

Bei der Elektromobilitéit schéngen d’Japaner awer matzeschwammen a presentéiere mam neien MX-30 deen éischten Elektro-Mazda. De Paul Origer huet e fir eis am Alldag getest.

Automag: Mazda MX-30

Komplett Neiland ass et net. Viru 50 Joer gouf scho mat elektresch bedriwwenen Autoen wéi dem Hybrid-Konzept EX 005 experimentéiert. Elo ass den Tour um MX-30, wou ee scho beim Numm e bësse staunt. Schliisslech stoung MX bis elo ëmmer fir hiren erfollegräiche Roadster MX-5 oder déi fréier Coupé-Modeller MX-3 an MX-6. D’Erklärung ass ganz einfach, et huet mam Ausgesinn ze dinn.

Den Design

Den MX-30 ass een SUV-Coupé an dierf sech dofir déi zwee Buschtawen MX op de Mallendeckel pechen. Vun den Dimensiounen hir ass en identesch mam CX-30, contraire zu der bulleger Front fält d’Daachlinn no hanne staark of a betount domat de Coupé-Design. Dobäi kommen och nach speziell Faarfkombinatioune mat 2 oder 3 Téin. Am opfällegsten an e klenge Clin d’oeuil un den RX-8 sinn awer d’Freestyle Doors. Déi hënnescht Diere sinn nëmmen hallef esou grouss a ginn dee verkéierte Wee op. Déi fréier “Suicide Doors” genannte Portaler goufen et och scho beim éischte Mini Clubman oder BMW i3 a sinn am Alldag leider nach ëmmer immens onpraktesch. Net nëmme well ee se just mat deene viischten Dieren opkritt, mee och well se, zemools an enke Parklücken enorm Plaz brauch.

Den Interieur

Hei freet ee sech iwwert dee sachlechen Design a gutt verschaffte Matièren, wou et och net un Innovatioune feelt. Wéi déi schwiewend Mëttelkonsol mat villen Oflagen, Korkverkleedungen als Erënnerung un eng fréier Aktivitéit vu Mazda oder veganem Lieder. Sëtzen deet een och optimal, Verstellméiglechkeeten a Plaz ginn et genuch. Just op der Réckbänk am gemittleche Canapé-Design ass quasi keng Plaz fir Kapp, Been oder Féiss. Wéi bei engem Coupé üblech, sëtzen hei am beschte just kleng Mënschen. Dofir ass d’Mall mat 360 Liter absolut brauchbar a léisst sech, wéi esou dacks, mëttels ëmklappbare Sëtzer op ronn 1.200 erweideren.

Den Undriff

145 PS leescht dee klenge Motor an deem risege Motorraum, zesumme mat direkt disponibelen 271 Nm geet den MX-30 gutt virun a gëtt bei 140 km/Stonn ofgerigelt. Bei der Batterie huet Mazda op 35,5 kW-Stonnen zeréckgegraff, laut Wierksdonnéeë sollen domat 262 km Autonomie méiglech sinn. Bei wanterleche Konditiounen schéngen op d’mannst 100 km an der Heizung ze verpuffen. Voll geluede ware maximal nach just 160 km méiglech, am Duerchschnëtt huet sech den E-Mazda 20,5 kW-Stonnen op 100 km gegënnt. Am Verglach: ee VW ID3 soll mat tëscht 15 a 17 zefridde sinn. Ofhëllef kéint natierlech méi eng grouss Batterie schafen, mä Mazda schwätzt vu Battery Right Sizing, heescht: nëmmen dat wat muss, fir manner CO2 bei Produktioun, Verbrauch a Recycling ze verursaachen, an dobäi de Kafpräis niddereg ze halen. Dee schonn ugeschwate risege Motorraum deit awer un, wéi Mazda dat léise wëllt: nämlech mat engem Wankelmotor-Range Extender, genee wéi deemools 1970 am Konzept EX 005.

Op der Strooss

Oder soe mer am Alldag... déi 160 km Autonomie sinn awer iergendwéi duergaangen. Vollgeluede war esouguer een Aller-Retour bis an d’Éislek méiglech. An um Wee dohinner, grad wéi op de Landstroosse ronderëm, konnt den MX-30 weise wat e kann. Komfortabel fueren an de Chauffer mat sengem kompletten Equipement wéi dem top Soundsystem bezirzen. Och d’Fuergeräischer goufen immens gutt ewechgefiltert, perfekt wier et, wann een elo nach deen nervege Soundgenerator, deen no futtissem Radlager kléngt, ausschalte kéint. D’Fuere geschitt dank astellbarer Rekuperatioun entweder am One-Pedal-Modus oder mat ganz laange Seegelmomenter. An zackeg ëm den Eck geet den MX-30 och. D’Batterien am Buedem an den E-G-Vectoring suerge fir eng sécher Stroosselaach, d’Steierung gëtt erstaunlech vill Réckmeldung an d’Fuerwierk koppelt Confort an Dynamik richteg gutt.

D’Präisser

Nawell fair, bei 32.400 Euro geet et lass, eis voll equipéiert Testversioun läit bei 36.500. Domat läit hie liicht ënnert der Konkurrenz à la Nissan Leaf oder Hyundai Kona, déi hunn allerdéngs och eng méi grouss Batterie.