Autofans kënnen opootmen, de Festival 2021 dierf stattfannen, dat esouguer méi laang wéi déi Jore virdrun.

Wat egal wéi net feelen dierf, ass den Online-Special op rtl.lu, de Paul Origer huet sech nees ëm de groussen Dossier Autofestival gekëmmert.

Automag: Dossier Autofestival op rtl.lu

Och wann d’Ëmstänn dëst Joer e bëssen anescht waren, de Festivalsdossier ass ëmmer nees eng Erausfuerderung.

Do hues de vollkomme Recht. Am Fong hat ech geduecht, et wier bei allen Autosmarke méi eng roueg Zäit gewiescht. Dat heescht manner nei Modeller an domat och manner neit Material fir mech fir de Festivalsdossier. Ma de Contraire hunn ech festgestallt. Vill Marken hu monter weidergeschafft an nei Modeller lancéiert. Dorënner natierlech déi grouss däitsch Marken: un éischter Plaz VW, déi jo elo endlech mam ID.3 hir Interpretatioun vun Elektromobilitéit weisen. An dann awer de Rescht vun hirer Gamme net vernoléissegt hunn. Et ginn awer och Marken, wou schonn e puer Joer laang net vill leeft, déi sinn och wéinst der Kris massiv um Struewelen an et bleift spannend, wéi laang deen een oder anere sech nach kann iwwer Waasser halen.

De Festival zu Lëtzebuerg ass jo meeschtens parallel mam Salon zu Bréissel gefall, dëst Joer ass d’Situatioun awer eng aner?

Jo, et war am Fong ze erwaarden, dass de Bréisseler Autossalon géing ofgesot ginn. Ech perséinlech sinn elo net all Joers dohinner kucke gefuer, mee besonnesch bei eise belsche Kolleegen huet dat awer Spueren hannerlooss. Vill Marken hunn dofir ee klenge perséinleche Salon, sief et virtuell oder reell, bei sech doheem organiséiert. E bëssen am Stil wéi eisen Autofestival zu Lëtzebuerg.

Mir haten also schonn ëmmer eng zukunftsweisend Iddi! Wat kritt den Autosgeck dann am Festivalsdossier vun dësem Joer gebueden?

D’Linn, déi an de leschte Joren ageschloe gouf, bleift méi oder manner déi selwecht. Dat heescht, de Besicher soll an eisem Dossier einfach a séier gesinn, wat e sech um Festival erwaarden dierf. Wat fir eng nei Modeller huet déi entspriechend Mark zënter dem leschte Festival presentéiert, wat kënnt elo wärend deenen 3 Wochen nei dobäi, ginn et eventuell och Iwwerraschungen oder Avant-Premièren, déi exklusiv wärend dem Festival an deem engen oder anere Showroom ze gesi sinn – jee, dat alles steet dran. Obligatoresch dobäi ass och erëm eng Billergallerie vun deenen erwäänte Modeller, grad ewéi de Link fir op de Site vun der Mark an - scho bal Traditioun - eis Säit vun de Präislëschten.

Et gëtt fir den Dossier 2021 awer eng Nouvelle?

Genee, an do huet eise Chef de Rubrique Andy Brücker déi lescht Woche vill Zäit investéiert. Bei all Mark fënnt een elo och de Link zu de Modeller, déi mir am Automag um Radio am Test haten – sief et well mer op der Presentatioun waren oder well mer den Auto eng Zäitchen am Alldag gefuer sinn. Do kann een dann den Text nach emol noliesen oder nolauschteren, a gläichzäiteg déi dozougehéiereg Billergallerie ukucken.

Wann’s de den Dossier 2021 emol graff zesummefaass, wat huet dech dann do besonnesch markéiert?

Frappant ass effektiv, wéi séier sech awer d’Elektromobilitéit ausbreet. Quasi all Mark huet een Auto mat Stecker am Programm, sief et reng elektresch, als Plug-in Hybrid oder als Mildhybrid. Ech muss soen, dat huet beim Schreiwen e bësse seng Nodeeler, well d’Synonymer fir Elektroauto si mer bei der 4. oder 5. Mark schonn ausgaangen. Wat awer och schued ass, an dat hunn ech scho virdrun ugeschwat, dat ass natierlech d’Entwécklung bei Verschiddener: zum Beispill zitt sech ee relativ groussen Acteur, nämlech Mitsubishi, aus der europäescher Automobilzeen zeréck. Do denkt een als Autosfan dann awer nach u fréier Modeller wéi Colt oder Galant, oder déi grouss Erfolleger am Automobilsport zeréck. Da ginn et awer och Autosmarke wou d’Rumeuren dat ganzt Joer einfach net ophale wollten; z.B. déi mat vill Tamtam nees reaniméiert däitsch Traditiounsmark Borgward. An der Chefetage gouf vill ausgetosch, den Haaptaktionär zitt sech nees zeréck – dat si keng gutt Aussiichten. Dat selwecht gëllt fir smart; ee gutt geduechtent Konzept, wat allerdéngs ni richteg rentabel gouf. Elo si se zur Hallschent a chineesescher Hand – hoffe mer och do op besser Zäiten.

Deemno also vill interessant Informatiounen, déi der liese kënnt; klickt bis eran an de Festivalsdossier op auto.rtl.lu