• De PLUS

    • Temperament
    • Equipement
  • De MINUS

    • Präis

Haut fuere mir am Automag mat engem klenge koreanesche Modell, dee sech en Trainingskostüm geleescht huet.

Rieds geet vum Hyundai i10 an dat an der N-Line Versioun. De Christian Schmit war mam Bonsai Sportler ënnerwee.

Automag: Hyundai i10 N-Line

Trainingskostüm dowéinst well N-Line Modeller an der ganzer Gamme vu Hyundai sportiv ausgeluecht sinn. Elo dann och de Junior i10.

De Krees u klenge sportive Modeller an där Kategorie ass ganz iwwersiichtlech.

2008 hat de koreanesche Konstrukteur den i10 lancéiert, a mat der 3. Generatioun ënnersträicht Hyundai dann och seng Stammplaz an der Gamme.

Den Undriff

En Dréi um Zündschlëssel, an dann erwächt en 1000er Dräizylinder. Dee kritt Ënnerstëtzung vun engem Turbo an esou kommen da ronn 100 Päerd zesummen. Dat sinn der 16 méi wéi di „zivil“ Versioun vum i10.

De klengen knapps 3m70 laange Koreaner iwwerrascht mat sengem Temperament. 172 Newtonmeter bei 1500 Touren, net schlecht. Dat gëllt och fir de Sprint op 100 an 10,5 Sekonnen, an 185 km/h Spëtzevitesse. Ok e bréngt och just 1100 Kilo op d’Wo.

Op der Strooss

D'5 Gang Boîte ass gutt ofgestëmmt, an esou kënnt mam klenge Hyundai duerchaus esou eppes wéi Fuerspaass op. D'Stroosselag, och op engem Parcours mat ville Kéieren ass ganz ok, dat gëllt och fir d’Lenkung an där Kategorie vun Auto.

Den typesche Sound vum 3 Zylinder Motor ass omnipresent, an dat passt och zum Charakter fir een, deen de Sportler wëll markéieren.

A well sech den i10 N-Line esou flénk ëm de Block beweege léisst, fuerdert een dee Borscht dann och alt emol. Mam Resultat, dass da ganz séier eng 6 virum Komma steet beim Verbrauch op 100km. Do ass nach Loft no uewen.

N-Line heescht awer och, sech mat Accessoirë vun der normaler Serie ervirzedoen. Dat fänkt scho bausse mam Külergrill un. Cascade nennt dat sech, an ass e Virgeschmaach op di zukünfteg Design-Linn, wéi mir se elo beim Tucson gesinn. Di 16 Zoll Alu Felgen stinn dem i10 och ganz gutt.

Den Interieur

Bannenan gëtt et dann och nach Aluminium, Beispillsweis bei der Pedalerie. De Schalthiewel krut och eng Couche aus Aluminium.

An elo wësse mir och, dass een haarde Plastik duerchaus kreativ ka gestalten. Di rout Néit um Volant an un de Sëtzer peppen den Interieur dann och nach e bësschen op.

Zu 4 kann et eenegermoosse bequem op den Tour goen. An d’Mall passen 250 Liter fir op d'Rees. Eng Partie Assistenzsystemer fir d’Sécherheet bréngt de klenge Koreaner och mat. Och därer, déi een an där Kategorie, wou den i10 spillt, net selbstverständlech sinn.

Um 8 Zoll Touchscreen-Ecran, léisst sech alles ofruffen, wat mat Infotainment a Connectivity ze dinn huet, oder vu sengem Smartphone eng Navi-Destinatioun op den Ecran schécken.

D’Präisser

Dat ass e Kapitel, bei deem de Koreaner am Trainingskostüm net onbedéngt glänzt.Go big, ass de Slogan fir den i10 ze lancéieren. Dat gouf da vläicht beim Präis ze wuertwiertlech geholl.

Fir de Hyundai i10 N-Line wéilten d’Koreaner ëmmerhin nobäi 18.000 Euro. Dat an der Versioun Twist. Di nach besser equipéiert Versioun Sky kënnt esouguer op 19.300 Euro. Dat ass dann awer wierklech vill Geld, fir dee klenge Sprengerlek, och wann e seng Saach ganz gutt mécht.

Deemno fält d‘Sport-Abonnement e bësschen ze héich aus, an op d’Clienten esouvill ausginn, fir méi sportlech ënnerwee ze sinn, bleift ofzewaarden.