• De PLUS

    • Luxus
    • Confort
    • Boite
  • De MINUS

    • Raue Motor
    • Iwwersiicht

Amerikanesch Marken hunn et net esou einfach an Europa.

Bei Chevrolet gëtt scho laang op déi nei Corvette gewaart a bei Cadillac war bis viru kuerzem net méi vill an der Gamme ze fannen. Elo start déi amerikanesch Luxusmark awer nees duerch a presentéiert den XT4. De Paul Origer hat dee kompakte SUV fir ee klengen Alldagstest.

Automag: Cadillac XT4

5 Meter-Schëffer mat Sänfte-Fiederung a Big Block-V8 ënnert dem Capot – dat ass scho laang eriwwer. Cadillac huet fir seng Relance an Europa op den Trend gelauschtert a bréngt als Nofollger vum XT5 den neien XT4.

Den Design

E Stéckche méi kuerz, den typesch zackege Cadillac-Stil wéi mer e vu virdru kannt hunn, an dat ganzt wierklech attraktiv verpak – den XT4 ka sech weise loossen a gëtt och net esou séier mat der Konkurrenz à la Volvo XC40 oder BMW X1 verwiesselt. Besonnesch d’Säitelinn ass hinne gutt gelongen a cachéiert déi wierklech Gréisst. Zwar ass en nëmme 4m60 laang, dofir awer mat de bombastesche Spigele gutt 2 Meter breet. Dat ka bei méi enke Garagen oder Parkhaiser emol kriddeleg ginn.

Den Interieur

Cadillac steet fir Luxus – eng Traditioun, déi zum Gléck bliwwen ass. Eisen Testauto, d’Equipementslinn Sport mat e puer Extras, hat alles wat ee sech gewënscht huet. E piekfein verschaffte Banneraum mat Carbondekor, top Soundsystem, edelem Nappalieder, alles elektresch astellbar, gehëtzt a gelëft an esouguer Massagefonctioun. Et fillt ee sech wuel am XT4, Sëtzpositioun, Plaz, hei gëtt et bis op déi relativ kleng Mall wierklech näischt ze meckeren.

Och d’Fonktionalitéit, net dacks eng Stäerkt vun den Amien, konnt am kompakten SUV Punkte sammelen. Alles läit do wou een et siche geet a vill Gimmicks waren och tatsächlech nëtzlech. Woumat mer bei enger typesch amerikanescher Dugend wieren... Cadillac ass bekannt fir Innovatiounen an esou ass et och am XT4. Vun nervegem Gepiips gëtt ee verschount, hei gëtt neierdéngs iwwert den Allerwäerteste kommunizéiert. Dat ass wierklech kee Witz. All Alerte, sief et de Kollisiounswarner, de Spuerassistent oder einfach nëmmen de Parksensor, piipst net, mee gëtt e Coup an d’Sëtzfläch. Wann een net drop gefaasst ass, da kéint een emol erféieren. Ob et wierklech effikass ass, dat ass déi aner Fro.

Beim präzisen Aparken hunn ech mech léiwer op déi exzellent an héich opléisend Kameraen hannen a vir verlooss, well Iwwersiicht ass net grad dem chic designten SUV seng Stäerkt.

Op der Strooss

Wa mer bei de Stäerkte sinn, de Cadillac XT4 ka virun allem eppes: Confort. Déi optional adaptiv Fiederung vun eisem Testauto fonctionéiert wierklech gutt. Mat hier kann entweder zackeg iwwert eng Landstrooss feegen oder d’Passagéier confortabel iwwer esou munch schlecht Stroosse féieren. Eenzeg déi chic a grouss 20-Zoll Rieder hu mat hirem haarden Ofrullen net esou richteg gepasst – also léiwer déi 1.200 Euro spueren. Zemools well am Banneraum bei Autobunnsvitesse eng agreabel Rou herrscht; Fuergeräischer goufe wierklech gutt eliminéiert. Allerdéngs gëtt et och hei erëm ee “Mee” an deen heescht 350D. Den 2.0 Diesel an eisem Testauto war ee raue Gesell. Egal op Leerlauf oder ënner Laascht, en huet ëmmer héierbar rumouert. Just bei héijem Tempo huet déi exzellent 9-Gang-Automatik d’Touren effikass reduzéiert a fir Rou gesuergt. Déi 176 Päerd haten allerdéngs mat gutt 1.9 Tonne Gewiicht genuch ze dinn. Tëschesprints beim Iwwerhuelen oder zackegt Beschleunege goufen trotz Zeréckschalten éischter gemittlech ausgefouert. Dofir huet, wéi scho gesot, déi gelongen Automatik alles erëm gutt gemaach. Passend an douce Gangwiessel, esou soll et sinn! E weideren Trouscht ass bei der Diesel-Motorisatioun d’Moyenne vun 8 Liter – kee Rekord mee sécherlech vill manner wéi beim Turbobensinner.

D’Präisser

Mol guer net esou iwwerdriwwen: ronn 36.000 Euro ass de Basispräis, eisen Testauto mat quasi allen Optiounen koum allerdéngs op ronn 56.000 Euro.