Wien definéiert eigentlech de Wäert vun engem Automobil? Eng Fro, där de Christian Schmit nogaangen ass.

Den Autofestival 2021 ass anescht ewéi soss. Froen, déi sech bei deem Festival ëmmer gestallt ginn, sinn déi: Wéi ee soll et da sinn? Wéi eng Faarf? an net zu lescht: Wat kréie mir nach fir deen Alen erëm?

Automag: Wat ass mäin Auto nach wäert?

Schonn als Kand wann ech mam Papp um Sonndegmëtteg duerch d’Garage gepilgert sinn, an ee sech d’Nues un deem engen oder aneren Dramauto platt gedréckt huet, da louch beim Vendeur um Pult e schlaut Bichelchen, an deem reegelméisseg gebliedert gouf. An där „Bibel“ war alles ze fanne fir ze definéiere wéi e Präis herno fir eisen Ale konnt ermëttelt ginn. An Däitschland ass dat di berüümt „Schwacke Liste“, déi et zënter 1957 gëtt. Läit déi och bei eis an de Garagen? Dozou de Philippe Mersch, President vun der Fédération des Distributeurs Automobiles et de la Mobilité, kuerz FEDAMO.

Philippe Mersch: Bei eis gëtt et Euro Tax als Basis. Euro Tax ass eng Donnée, wou een den Akafspräis vun engem Auto ka consultéieren. Wat flott ass, do huet een och en Abléck iwwer e Prix de vente am Internet. Haut ass et esou, dass de Prix de reprise op e puer Elementer baséiert. Mee d'Cotatioun keeft net. An eisem Milieu ass et wichteg, dass mir eng Offer an eng Demande hunn. Mir sichen also en Acheteur fir den Auto. Mir orientéieren eis op engem méigleche Prix de vente fir e Prix d'achat ze definéieren.  

An och hei scho laang keng klassesch Lëscht méi, mee eng base de données mat Algorithmen. Firwat leien da Virstellung vum Keefer a Realitéit vum Vendeur dacks esou wäit auserneen?

Philippe Mersch: Ganz einfach, wann ech als Garage den Auto weiderverkafen, muss ech e preparéieren, Service maachen, a virun allem eng Garantie drop ginn, an eng marche de manoeuvre natierlech. Sou dass tëscht dem Akafspräis an deem vum Verkaf eng Differenz läit.

Eng Partie Critèrë spillen eng Roll, an hei kënnt och ënner anerem erëm d’Faarf an d’Spill beim Kalkül?

Philippe Mersch: D'Faarf ass e ganz wichtegt Kafargument. Et ass manner de Cliché vun der Autosmark. Den Auto muss an enger gudder Ausstattung sinn, dat ass wichteg zu Lëtzebuerg, d'Faarf muss passen, an de Kilometrage. Natierlech si verschidde Modeller awer méi gefrot wéi anerer.

2021 d’Joer vum Ëmbroch beim Kaf vum Auto. Hybrid an Elektro soll et elo sinn. A la longue spigelt dat sech sécherlech och bei den Occasiounen erëm. Momentan, esou de President vun der FEDAMO, wier et awer nach ze fréi, fir dat festzestellen.

Wéi wichteg ass de Marché mat Occasiounsautoen eigentlech bei eis?

Philippe Mersch: Dee Marché spillt erëm méi eng grouss Roll. Dat gesi mir bei den Immatrikulatiounen, dass erëm méi Occasiounen ugemellt ginn. De Fuerpark zu Lëtzebuerg ass nach relativ rezent, dat heescht, do ass nach Sputt no uewen, fir méi eng laang Liewensdauer vun deenen Autoen. Als Concessionnaire ass et wichteg, gutt Occasiounen um Haff ze hunn, well Demande do ass.

Vill vun de méi eelere Modeller fueren an hirem zweeten oder drëtte Liewen dann a méi exotesche Länner.

Philippe Mersch: Dat féieren ech mol einfach op d'Offer an Demande zeréck. Bei Autoe mat engem gewëssene Kilometrage, do ass d'Offer vun auslänneschen Händler esou attraktiv, dass et méi Sënn mécht, si dann dohinner ze verkafen, wéi si hei zu Lëtzebuerg unzebidden. 

Virun der Ënnerschrëft um Kontrakt, wäert de Vendeur och weiderhin d‘Fro nom Präis fir säin Ale gestallt kréien. Feilschen ëm deen een oder aneren Dausender inclus. Iwwregens 1 vun 2 Clientë kéimen ouni Reprise esou de Philippe Mersch, de President vun der FEDAMO.