Den Autofestival 2021 geet an déi lescht Woch – Zäit fir beim Paul Origer aus der Automag-Ekipp emol nozefroen, wéi hien dës Editioun fonnt huet.

Wat ware seng Highlights?

Automag: Festival-Highlights

De Paul Origer verfaasst jo net nëmmen eisen Online-Dossier ,ma hie mécht och all Joers een oder méi Touren duerch d’Garagen!

Genee esou ass et, natierlech maan ech deen aus Firwetz mee awer och fir ze kucken, ob tatsächlech déi ugekënnegt Neiegkeeten ze gesi sinn oder ob ech meng Texter upasse muss – schliisslech soll eisen Dossier jo och een zouverlässege Guide sinn.

2021 huet de Festival jo aussergewéinlech laang gedauert, en huet allerdéngs och ob e bëssen eng aner Manéier stattfonnt.

Dat huet mech, éierlech gesot, dëst Joer och e bësse méi zécke gedoen fir mäin traditionellen Tour ze maachen. Et huet jo deelweis geheescht; nëmmen op Umeldung oder a limitéierter Zuel géingen d’Leit eragelooss ginn, d’Autoe wieren all zou an esou virun. Ech muss awer soen dat et herno net esou schro war wéi erwaart; ech koum iwwerall ouni Problem eran a gouf no der obligatorescher Hänndesinfektioun direkt informéiert dat ech just brauch ze froe wann ech een Auto wéilt vu banne gesinn. An et war agréablerweis manner Gedrécks wéi soss, esouguer leschte Samschden ongewéinlech roueg. Wat awer net heescht dat d’Geschäfter schlecht gelaf sinn, d’Unzuel vun ausgestallte Gefirer mam Schëld “Vendu” an der Fënster loossen éischter op de Contraire schléissen. An d’Vendeure waren, op d’mannst emol do wou ech e Samschden op Besuch war, och alleguer gutt beschäftegt.

Du wars jo am Fong beschtens informéiert wat et géing ze gesi ginn – has du dir dann e puer Korinten erausgepickt?

Ech hat mer effektiv virgeholl, aus dem Dossier e puer Highlights erauszepicken, hunn awer herno éischter ee spontanen Tour gemaach. A sinn doduerch zoufälleg op e puer net ugekënnegt Highlights gestouss. Wéi zum Beispill eng nei grouss Multimarkegarage zu Leideléng déi hir Ausstellung vun de PSA-Modeller Peugeot, Citroën, DS an Opel mat e puer legendären Oldtimer opzepeppen. Esou stoung dann nieft engem neie Peugeot e-208 ee 402 Eclipse aus den 30er Joeren, ee Citroën GS nierft dem neien C4 oder de fonkelneie Mokka hat Bopa Opel GT am Réck. Eng ganz flott Iddi fir déi grouss Ikonen aus vergaangenen Zäiten net ze vergiessen. A wa mer vun Ikone schwätzen, esou hate mer um Festival als Iwwerraschung ee Modell dee staark polariséiert; de Mustang Mach-E; agefleeschte Fans vum Ponycar aus de 60er hu villäit de Kapp gerëselt, ganz vill Tesla- an aner E-Auto-Chauffere sinn awer bei Ford virwëtze komm.

Woumat mer beim Stéchwuert Elektromobilitéit wieren – déi war op dësem Festival bestëmmt nach méi präsent wéi 2020?

Nawell, schliisslech lackelen d’Primmen nach bis Enn Mäerz fir sech een Hybrid oder Elektroauto zouzeleen. Wat een elo schéin oder nëtzlech fënnt, ass Affaire de Goût. Zum Gléck sinn d’E-Autoen net méi esou skurril wéi an der Zäit. Bescht Beispill ass deen neie Fiat 500e; besonnesch d’Dammewelt ass vum klengen Italo-Charmeur beandrockt, déi méi sachlech Hären wäerte sech bestëmmt iwwert déi brauchbar Autonomie freen. A propos sachlech; typesch niichtere VW-Stil ass bei de Wolfsburger natierlech deen neien ID3. Vill Marke versichen dann am SUV-Segment d’E-Mobilitéit salonfäheg ze maachen; zum Beispill de guer net esou ellene Skoda Enyaq, deen exklusiv während e puer Deeg ausgestallten Nissan Aryia, de präiswäerte Mazda MX-30, deen éischten Elektroworf vu Lexus, den UX, de Volvo-Bestseller XC40 als Recharge P8 oder nach BMW déi hir i-Gamme mam iX3 erweideren.

Gouf et och e Coup de Foudre?

Kloer an do muss ech alt erëm zouginn dat bei mir awer Bensinn, an zwar vill Bensinn am Blutt matschwëmmt. Gefreet hunn ech mech dat trotz allem awer och nach de Fuerspaass bei verschiddene Marken héichgehale gëtt; wéi mam Toyota Yaris GR; carrément de klenge Course-Auto fir d’Strooss. Dann e bësse méi erschwénglech an trotzdeem eng Fuermaschinn: den neie Ford Puma ST. Oder wa Sue keng Roll spillen; firwat net de BMW M3, den Alfa Giulia GTA oder, wann et op de Wellness ukënnt, déi nei Mercedes S-Klass? Et wiere schonn e puer Kandidate gewiercht mee wéi esou dacks ass d’Léift beim Bléck op d’Präisscheld nees séier verflunn. Ab enger gewëssener Gréisst ass tatsächlech ënner 50.000 Euro net méi vill lass. Dann dreeme mer eben nach e bësse virun...