• De PLUS

    • Look
    • Individualitéit
  • De MINUS

    • Digitale V8-Sound
    • Verbrauchswäerter

Am Automag haut eng Mark, déi 2018 eréischt an d’Liewe geruff gouf: Cupra. Et ass a sech de sportleche Pendant vu Seat.

Wéi eegestänneg presentéiert sech den Testauto dann? De Christian Schmit war mam Cupra Leon Sportstourer ënnerwee.

Automag: Cupra Leon Sportstourer

Cupra, steet fir Cup Racer. Den ultimativen Ausdrock vu Sportlechkeet. Eng besonnesch Mark, fir besonnesch Mënschen. Esou de Slogan beim Lancement. Majo dann. Mir haten de Cupra Leon Sportstourer am Test. Dat an der Plug-in Hybrid Versioun. Optesch stécht e Cupra ervir mat Spoiler, eegestännegem Küler Grill, an natierlech Logo, Felgen an Auspuff an der Faarf "Koffer". Vu dass beim Testauto Wanterpneuen oplouchen, waren hei d’Alu-Felgen net mat Koffer iwwerzunn. Egal, e mécht och esou eng gutt Figur.

Den Undriff

D’Mark Cupra gehéiert natierlech zu der grousser Famill vu VW, an déi Plug-In Hybrid Kombi si mir och schonn an anere Versioune gefuer.

E 1400er mat 150 PS + E-Power vun 115 PS, do kënnt dann eng System-Leeschtung vun 245 PS zesummen. Esou soll de Cupra Sportstourer net nëmmen dat Bescht aus zwou, mee gläich aus dräi Welte sinn. E sportlechen Transporter, deen och emissiounsfräi duerch d’Stad ka beweegt ginn, an och knéckeg mam Bensin ëmgeet.

400 Newtonmeter Dréimoment gi gebueden. 7 Sekonnen op 100 an 225 km/h, dat passt zum Cup Racing Look. Um Supersport Multifunkiouns Steierrad, dat top ausgesäit, mee e puer Honnerter extra kascht, léisst sech villes astellen an ofruffen. Och de Fuerdynamik Programm „Sport“. Da kënnt och gläich via Soundkaart e pseudo V8 Motor Geräisch an den Interieur. Reaktioun vu menger besserer Halschecht: "Wat ass dat doten dann + Kapprëselen". Brauch kee Mënsch.

Dat nervt

Komme mer zum Kapitel Elektromobilitéit. Wéi esou dacks och beim Cupra Sportstourer, leien d‘Annonce vum Konstrukteur, 67 km reng elektresch, a Realitéit mat knapps 45km e gutt Stéck auserneen.

Also reng elektresch duerch eng Stad dat misst klappen, virausgesat déi 13 kw/h Batterie ass voll opgelueden. Mä och bei zeréckhalender Fuerweis war de Jus an der Batterie dach séier opgebraucht. Ergo, wéi bei Hybrid üblech, besser bei all Geleeënheet lueden, fir tatsächlech di deeglech Trajete mat E-Power kënnen ze absolvéieren. Mee méi wéi 3,6 kw komme pro Stonn net zesummen. Hunn et ausprobéiert a no 1 ½ Stonn waren et grad mol 23 km Autonomie.

Den Interieur

Bannena falen engem mol direkt d’Sportsëtzer op. Op deenen hëlt e gär Plaz. Si bidden den néidege Säitenhalt a sinn nawell bequem. Vir an hannen ass Plaz fir 4 Leit bequem op d’Rees ze schécken. Allerdéngs muss di eng oder aner Posch dann doheem bleiwen. Well d’Batterie brauch Plaz, sou sinn et an der Plug-In Versioun 470 Liter Volume, 150 manner wéi soss.

Och en Touch Cupra-Feeling um Amaturebried, wat mir awer soss aus der VW Family kennen. Digitaliséierung mécht sech och am Cupra Leon Spotstourer breet, mat de bekannte Vir- a Nodeeler.

Mee mam Hola Hola Kommando mellt sech di virtuell Hostess, virausgesat, et schwätzt ee kloer an däitlech. Well soss ass d’Madamm séier mat de Commanden iwwerfuerdert.

All erdenklech Assistenz-Systemer gi gebueden, Exit-Assist als Beispill, warnt de Chauffer fir net erauszeklammen, wa vun hannen e Vëlo gefuer kënnt. Manner begeeschtert war ech vum eegestännegen Ofbremsen virun Uertschaften a Kreesverkéier. Passt iergendwéi net zu engem Cup Racer Modell.

Am Resumé

Mam Cupra Leon Sportstourer Plug-In Hybrid hëlt e sech e Familljenauto mat sportlechen Ambitiounen an d’Garage, dee gutt ausgesäit, net op all Eck steet, gekoppelt mat guddem Gewëssen.

Leider konnte weder d’Verbrauchswäerter als Bensinner, nach d‘Autonomie am Elektro-Modus erreecht ginn.

Präis vum Testauto mat e puer Optiounen 46.500.- Euro.