• De PLUS

    • Finitioun
    • Ergonomie
  • De MINUS

    • Produktioun 2021 schonn ausgebucht

De Mokka an der Gamme vun Opel gouf et bis 2019. No engem kuerzen Intermezzo ass de Mokka elo nees do.

An engem komplette neie Look, an de Christian Schmit hat Geleeënheet, dësen dann och schonn ze fueren.

Automag: Opel Mokka-e

1 Millioun Exemplairen a 7 Joer, pas mal fir de klengen SUV. Elo steet deen Neie virun eis, an huet absolut näischt méi mam Virgänger Modell ze dinn. Eng nei Ära mat neier Technologie.

Steet elo op där Plattform wou och aner Modeller aus dem grousse PSA Grupp vum Band lafen. Opel gehéiert jo och mëttlerweil zu där Famill.

Op der Presentatioun bei Bréissel gouf awer schonn op d’Eegestännegkeet gepocht.

„Less Normal, more Mokka“

Seng Missioun

Den neie Mokka soll seng Plaz tëscht senge Schwëster Modeller Crossland a Grandland fannen.

Mam neie Mokka gëtt och di nei Design-Signature vum Marc Adams lancéiert. Dat nei Gesiicht gouf jo Vizor gedeeft, a weist wéi d'Design-Philosophie an Zukunft bei der Mark mam Blëtz ausgesäit.

Méi kompakt mat 12cm manner an der Längt, an awer 1 cm méi breet. Dowéinst och 120kg manner op der Wo.

Den X verschwënnt, keng 4X4-Traktioun méi, dofir dann elo de Mokka-e. Jo esou e Mokka kann anno 2021 als rengen Elektroauto bestallt ginn, awer och als Diesel oder Bensinner.

Den Undriff

Bon dat hänkt dovun of, wat e bestellt. Mir ware mam Mokka-e ënnerwee. Mat deem wëll Opel besonnesch gär punkten.

Dat wieren dann 136 PS an 260Nm Dréimoment. Di Lithium-Ione Batterie mat 50 kw-Leeschtung ass déi, wou och an engem Corsa, respektiv bei Peugeot an DS Déngscht huet.

Iwwer 300km Autonomie sollen do dra sinn. An deem vum Organisateur ausgeschaffte Roadbook vun 1 ½ Stonn ronderëm di belsch Haaptstad, waren et emol 100 Kilometer ze absolvéieren.

Trotzdeem ass eis net entgaangen, wéi dynamesch de Mokka sech mat sengen 1,6 Tonne Gewiicht beweege léisst. Am Sport-Modus sinn déi fuerdynamesch Qualitéite besonnesch ze erkennen.

Vun 0 op 50 ginn et, wéi sou dacks bei Elektroautoen, bei der Acceleratioun laang Gesiichter vun deene ronderëm engen. Mä e kann och ganz brav EcoModus mat Effizienz-Äiffer. Mam regenerative Bremssystem komme Kilometeren un Autonomie dobäi. A bei 150 km/h ass Schluss.

Den Akku-Package, am Buedem vum Mokka placéiert, suergt fir en niddrege Schwéierpunkt, an d’Karosserie gëtt esou em 30% méi steif.

Op flamänneschem Pavé konnt de Mokka seng Top-Finitioun ënner Beweis stellen. Fält engem jo bei Elektro-Gefierer mat 0 Dezibel besonnesch op. Eng Balance tëscht Confort a Prezisioun, déi ze gefale weess.

En Onboard-Charger mat 3 Phasen ass de série.

Den Interieur

Detox am Interieur. Et gouf gestëbst an opgeraumt. Modernen digitale Cockpit jo, mä net all Knäppercher goufen a Pensioun geschéckt. Gutt esou.

Iwwer Ergonomie gëtt et näischt ze meckeren, och d’Sëtzer an der éischter an der zweeter Rei si confortabel. Kommen aus dem PSA Regal. Infotainment a Navi "up to date".

D’Präisser

Eng gutt Noriicht virop, d'Faarf Matcha-Green kascht keen Oppräis, a steet dem Mokka ganz gutt.

Di schlecht, de Succès ass schéngt es enorm. Quasi di ganz Produktioun fir 2021 ass schonn ausverkaf.

Bon, soss misst engem e Mokka-e op d'mannst 35.000 Euro an der Versioun "Editon" wäert sinn. Den Top an der Gamme, Ultimate, fir 39.900 Euro.

Am Moment, ass jo dann nach eng Primm vun 8.000 Euro dran, an da kënnt ee ganz no drun, wat och de Bensinner oder Diesel Mokka kascht.

Mam Mokka, als E-SUV, ass Opel e gudde Worf gelongen, an di sëllege Bestellungen ënnersträichen dat jo schonn.

UPDATE August 2021

Den Opel Mokka E hate mir am Januar op der Presentatioun an der Belsch kennegeléiert. Déi Kéier konnte mir just 100 Kilometer domat fueren.

An der Versioun „100 % éléctrique“ war dësen och elo am Grand-Duché, a mir wollten erausfanne wéi wäit mir am Alldag domat kéimen?

Mat senger opfälleger Faarf „Macha green“ goufe mir dann och dacks op de klenge Rüsselsheimer ugeschwat. Mir ware gespaant, wéi vill Kilometer mir da mat him géife packen.

Bon di 50 kw/h Batterie ass déi selwecht, déi a villen anere Modeller ënnert de Capot kennt. 136 Ps Leeschtung an 260 Nm Dréimoment.

Wéi dir wësst, gehéiert Opel zum Stellantis Grupp. Do dierfe sech dann och vill aner Marken a Modeller am Batterie Regal zerwéieren.

Maache mir et kuerz. Bei 300 ass Schluss. 300km Autonomie, am Alldag hei zu Lëtzebuerg geet dat sécherlech duer fir seng Trajeten ze absolvéieren. Do misst de Mokka da warscheinlech net all Dag un d’Steckdous. Well dat brauch Zäit. Déi vum Konstrukteur mat geliwwert „Free2 Move“ Kaart war och alles anescht wéi liicht ze aktivéieren.

Do wënscht ee sech wierklech fir d'Zukunft, wann elo jiddereen op e well oder net op Elektro ëmklamme muss, dass e wéi op engem Peage ganz einfach mat enger Kreditkaart „de plein“ kéint maachen.

Esou Beispiller konnte mir jo schonn am Ausland mat Erfolleg ausprobéieren.

Den Testauto, Opel Mokka-e an der Topversioun kënnt op ronn 40.000 Euro ouni Primmen, déi nach vläicht dra sinn.

Eng Staang Geld fir de Mokka mat 4 Dieren, dee sech awer net fir 4 Erwuessener eegent. Well fir op di hënnescht Sëtzer ze kommen, muss e gewieweg sinn, an all ze grouss am beschten och net.

Iwwerzeegt iech selwer an eiser Fotosgalerie. Den Opel Mokka-e ënnerwee am Grand-Duché.