Jaguar gëtt zum Elektroauto-Hiersteller, an Holland hëlt den 1. Handy-Blëtzer säi reguläre Betrib op ...

... an zwou däitsch Stied verbidden Elektroautoen den Accès an hir ënnerierdesch Parkhaiser. Den Detail vun den Automag-News mam Akim Schmit.

Automag: News vum 18. Februar 2021

Déi brittesch Traditiounsmarque Jaguar gëtt zum Elektroauto-Hiersteller. Vun 2025 soll all verkaafte Jaguar en Elektroauto sinn. Dat huet de Jaguar-Landrover-Chef Thierry Bolloré bei der Virstellung vu Zukunftsplang „Reimagine“ ugekënnegt. Land Rover soll doriwwer eraus iwwert déi nächst 5 Joer 6 reng elektresch ugedriwwe Modeller op der Marché bréngen. Den éischten ass fir 2024 ugekënnegt. Ronn 60 Prozent vun de Vente sollen bis 2030 elektresch ugedriwwe sinn. Doriwwer eraus well de Groupe bis 2039 a senger Liwwerketten a bei Produktioun komplett ouni Kuelendioxid-Emissiounen auskommen. En Deel vum Plang si Brenstoffzellen-Modeller, déi op Waasserstoff zeréckgräifen. D’Entwécklung hannert de Kulissen leeft op Héichtouren, déi éischt Prototyppe sollen an den nächsten 12 Méint hir éischt Testkilometer ofspullen. Ronn 2,8 Milliarden Euro wëll Jaguar Land Rover all Joer an d’Elektrifzéierung investéieren.

D’Nofro no Plug-In Hybriden a rengen Elektroautoen ass esou grouss wéi nach ni. Ee Grond dierften déi enorm Primme beim Kaf vun esou engem Auto sinn. Mee nieft de Suergen ëm d'Autonomie, an der Fro nom Notze fir d’Ëmwelt, stellt sech op ëmmer méi Plazen d’Fro no der Sécherheet. No der däitscher Stad Leonberg bei Stuttgart huet elo och Kulmbach a Bayern eng Decisioun geholl, déi bei Elektro-Automobilisten op wéineg Géigeléift stéisst: béid Stied verbidden Elektroautoen den Accès an hir ënnerierdesch Parkhaiser. Wéi et heescht, hätt een zu Kulmbach d’Decisioun no engem Brand an enger Déifgarage am September zejoert geholl – dobäi war allerdéngs keen Elektroauto, mee e gewéinleche Verbrenner a Brand geroden. Hannergrond vun der Decisioun ass d’Problematik, déi sech de Pompjeeë beim Läschen vun Elektroautoen stellt. Et bleift also ofzewaarden, ob nach aner Stied nozéien an den Zougang zu hiren Déifgaragen aschränken.

Holland setzt op kënschtlech Intelligenz, fir Juegd op Autofuerer ze maachen, déi den Handy um Steier benotzen. 2019 haten australesch Autoritéiten eng éischter Kéier esou e System agesat. No enger Testphase vun engem Joer kënnt elo och an Holland e sougenannten Handy-Blëtzer zum Asaz. Héichopléisend Kamerae fotograféieren vun Uewen duerch d’Frontscheif an den Auto eran. Eng kënschtlech Intelligenz analyséiert d’Biller an erkennt, ob a wat de Chauffeur an der Hand hält oder um Schouss leien huet. Erkennt de System en Handy oder aneren elektroneschen Gadget, gëtt et deier: 240 Euro kascht de Verstouss. Net ze fäerte brauchen awer Automobilisten, déi moies hire Kaffi am Auto drénken: erkennt de System e Becher, eng Fläsch oder eppes Z’iessen, ginn d’Biller erëm geläscht. Experte schätzen, dass ass an Holland all drëtten Autosaccident op d’Oflenkung vum Chauffeur duerch en Handy oder aner mobil Apparater zeréckzeféieren ass.

Ford a Google hunn hir strategesch Partnerschaft bekannt ginn. Geplangt ass eng Zesummenaarbecht iwwer 6 Joer, bei där den Autohiersteller am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz an dem maschinelle Léiere mat Google zesummeschafft. Zil ass Transformatioun vum rengen Autohiersteller zu engem Ubidder vu Mobilitéitsléisungen, d’Aféierung vu moderne Produktiounsofleef an d’Entwécklung vun neie Systemer, fir vernetzt Autoen op Basis vun der Google-Cloud. Vun 2023 u soll all neien Auto vu Ford mam Betribssystem Android ausgeliwwert ginn. Mat u Bord sinn dann d’Sproochsteierung Google Assistant, d’Navigatioun Google Maps, esou wéi Google Play, fir den Infotainment. Ford ass net den eenzegen Hiersteller, deen op Android am Auto setzt: nieft Volvo a Polestar, hunn och d’Allianz vu Renault-Nissan-Mitsubishi an General Motors schonn ugekënnegt, an Zukunft op Android ze setzen.