• De PLUS

    • Fuerspaass
    • Veraarbechtung
  • De MINUS

    • Verbrauch
    • Sëtzer ze schmuel

E richtege Liichtbléck a schwéieren Zäite gouf et fir eis Automag-Redaktioun.

D’Presentatioun zu Lëtzebuerg huet zwar missen annuléiert ginn, mä den neie Puma ST konnt de Paul Origer trotzdeem fir eis e puer Deeg fueren.

Automag: Ford Puma ST

Em Gottes wëllen... een SUV, op sportlech getrimmt an een opgeluedene klengen 3-Zylinder ënnert der Hauf – an dat soll Spaass maachen? An ob de Puma ST dat mécht. Mä fir d’éischt der Rei no.

Den Design

Virzestelle brauch een de Puma net, zënter dem Summer fiert dee klengen SUV schonn op eise Stroossen. Elo kënnt awer den ST, an dee soll, wann och dezent, vu baussen ze erkenne sinn. Ugefaange mat der Faarf vum Testwon: Mean Green – einfach herrlech fir dat wëllt Dëppen, déi eng fanne se schrecklech, fir mech passt se perfekt. Net feelen dierf natierlech dat üblecht ST-Ornat; grouss gro 19-Zoll-Felgen, schwaarze Grill mat groussem Logo, Spoiler a Schweller ronderëm. Bannendra geet et viru mat flottgemaachten Dekoläischten am Carbonrelief, grëffegem Sportsteierrad a Recaro-Sëtzer mat Schraufstackfonctioun. Hei huet Ford tatsächlech näischt vergiess.

Den Undriff

Mir erënneren eis: mat déi éischt ST-Modeller am Focus ware 5-Zylinder, duerno 4-Zylinder an elo kënnt bei Fiesta a Puma fir d’ST-Versioun een neien 3-Zylinder an den Asaz. Nëmmen 1,5 Liter grouss a gewalteg 200 PS staark. Dozou geselle sech 320 Nm Dréimoment, déi gefillt iergendwéi dauernd parat stinn! Well dee klengen Dräizylinder geet wéi d’Hell an, nom Drock op den S-Knäppchen, klengt en och esou. Douzou koum déi zweet erfreelech Nouvelle direkt beim Eraklammen... eng drëtt Pedall a folleglech Handschaltung. Déi sech net nëmmen ultraknackeg bedénge léisst, mee déi och nach perfekt ofgestuuft ass. Dat absolut Konschtstéck ass Ford awer bei der Traktioun gelongen. Kleng SUV gi gäre belächelt, well se no 4x4 ausgesinn, awer keen Allrad hunn. Esou och beim Puma, an d’Testkonditioune waren alles anescht wéi ideal: Schnéi, Matsch, Äis a Reen. An näischt konnt eis de Spaass verdierwen. Ni waren déi viischt Rieder mat der Kraaft iwwerfuerdert – am Géigendeel, et gouf alles 1 zu 1 a Virdriff ëmgesat. Grousse Verdéngscht vum Quaife Differential, Haaptbestanddeel vum Performance Pack.

Op der Strooss

D’Fuerwierk huet de Fiesta spendéiert, gouf fir dem Puma säi méi héije Schwéierpunkt awer nach emol 40% versteift. Ausserdeem hëlleft d’Fiederung mat torque vectoring massiv bei der Agilitéit. An der Praxis hunn all dës Moossnamen hir Friichte gedroen. De Puma läit sat op der Strooss, léisst sech bei egal wéi enger Beschafenheet net aus der Rou bréngen, mee follegt hoergenee all Uerder vum Steierrad. Kee Wanken, keng Ausbréch, esouguer déi wanterlech Stroossen am Norde vum Land konnten deen onheemleche Gripp net iwwerfuerderen. Dozou déi extrem harmonesch Leeschtungscharakteristik vum Motor, de Sound deen ee vu Freed jubiléieren deet an iergendwéi alles wat een upéckt, sief et Steierung oder Schaltung, wat extrem präzis fonctionéiert – fäerdeg ass de perfekte Fuerspaass-Cocktail. Mat de Virdeeler vun engem kompakte SUV, sief et déi gutt Iwwersiicht, dat uerdentlecht Raumgefill oder déi grouss Mall.

Just e puer Bemöll muss de Puma ST sech awer gefale loossen. Seng Recarosëtzer si wierklech nëmme fir extrem schmuel Chauffeusen a Chauffere gemaach, de Suchtfacteur ass extrem grouss an domat quasi ëmmer ee Fouss am Prisong an et entwéckelt een nei Frëndschafte mam Tankstellepersonal. Reizt een nämlech dem Puma ST säi Potential voll aus - an dat ass dacks de Fall - da schmëlzt den Downsizing-Effet wéi Schnéi an der Sonn: vu versprachene 7 Liter stinn op emol 11 a méi um Bordcomputer, e bësse méi geméissegt geet et liicht ënner 10. Mee dat ass alles egal. Ech soe just: Merci, Ford, dat dir nach esou Autoe baut.

D’Präisser

Knapps ënner 30.000 start de Puma ST, allerdéngs net a menger Wonschkonfiguratioun. Eemol Mean Green kascht scho ronn 1.000 Euro, de Performance Pack och, dann dat ganzt als Ultimate a schonn ass een mat anere Klengegkeeten op ronn 35.000 Euro – gemooss um Fuerspaass an esouguer um praktesche Wäert ass dat awer e ganz fairen Tarif!