• De PLUS

    • Roueg
  • De MINUS

    • Präis

Ëmmer nees gi mir jo drop higewise méi dacks den ëffentlechen Transport ze notzen. Ma da maache mir dat dës Kéier och emol am Automag.

Fir d’MAN Lion’s City E-Roadshow war deen neien MAN Bus och zu Lëtzebuerg. De Christian Schmit souz fir eis mat am fuschneien Elektro-Bus.

Automag: MAN Lion's City Elektro-Bus

Fir d'Campagne Electrifying Europe an de Lancement vum MAN Elektro Stadbus Lion’s City war och de Grand Duché ausgewielt ginn. Zimmlech genee fir de 50. Jubiläum vum éischten Elektrobus vum Autobus Konstrukteur MAN ass et elo en neien Ulaf mat der Elektromobilitéit.

Dës E-Mobilitéit am Alldag koum du schonn an däitsche Stied zum Asaz. Mee deemools waren di politesch an technesch Viraussetzungen nach net ginn. Elo ass dat anescht.

War een deemools senger Zäit viraus, esou ass MAN haut spéit un. Aner Konstrukteure proposéiere schonn zënter 2 Joer den Elektro Bus am Linieverkéier. Firwat ass dat esou? Den Alex Riewers, Key Account Manager MAN Bus Lëtzebuerg erkläert?

De ganzen Lion's City Programm ass viru Joren decidéiert ginn, parallel mat engem Diesel Moto a Recuperatiounsmodul, a gläichzäiteg d'Entwécklung fir en Elektro-Bus. MAN proposéiert elo en Depot Charger, dat heescht iwwer Nuecht luede mat engem Chargeur. De Pantograph war och virgesinn, elo awer net méi.

En neit Gesicht an der Stad. An op eisem City Trip si mir dann och mat him opgefall?

Mat sengem Virgänger vu 1970 huet den neien MAN Lion’s City E Bus awer nach eppes en commun, an zwar den Usproch d’Zukunft elektresch ze gestalten.

De Lion’s City mat Elektro Kraaft leeft am MAN Wierk zu Starachowice a Polen vum Band.

2022 gëtt jo de RGTR Reseau am Grand Duché nei strukturéiert. 40 % vun de Busser sollen dann elektresch ugedriwwe sinn. E ganz ambitiéise Projet vum Transport Ministère, an en Challenge fir all Bedeelegt.

Vum Fuerverhalen hir, d’selwecht wéi Busser mat konventionellem Undriff?

D'Fuergefill, do gewinnt ee sech ganz séier drun, well d'Charakteristik ass quasi identesch wéi beim Bus mat Verbrennungsmotor. An dat ass och esou gewollt, fir dass de Chauffer sech net all ze vill muss ëmstellen.

An et ass elo Rou u Bord?

Dir hutt keng Moto-Geräischer, just e liicht Summe vum Elektromotor, an dat war et.

Wéi gutt ass ee bei MAN opgestallt, fir den Autocarist ze iwwerzeegen?

Mir hunn eng Batterie Kapazitéit mat 480kw, gekoppelt mat engem Stroumverbrauch dee gënschteg ass. Doraus ergëtt sech eng grouss Autonomie, an et ass dat, wat fir den RGTR wichteg ass. MAN garantéiert 270km wäit ze kommen.

A wéi vu verschiddene Bus-Entreprisen ze verlauschtere war, sinn an de leschte Méint eng Partie Modeller do am Alldag Test gewiescht, éier eng Decisioun geholl géif. Net zu lescht och wéinst dem Uschafungspräis, par Rapport zum konventionellen Diesel. Nach eng Kéier den Alex Riewers?

Den Oppräis vis à vis vun engem klasseschen Diesel zum Elektrobus, dee läit bei 220 bis 230.000 Euro.

D’Serieproduktioun ass ugelaf, a ganz geschwënn wäert den MAN Lion’s City E-Bus dann och ganz offiziell duerch eis Stad flüsteren.