• De PLUS

    • Roueg
  • De MINUS

    • Präis

Am Automag geet et ëm d’Mark mam Stär um Küler. Mercedes-Benz. Mat dee wichtegste Modell an der Gamme, hir C-Klass.

Déi huet dëser Deeg hir virtuell Première gefeiert, a ka vum 30. Mäerz u bestallt ginn. Am Virfeld goufen et Detailer op eng virtueller Pressekonferenz. De Christian Schmit hat dat fir eis suivéiert.

Automag: Interview mam Britta Seeger iwwert déi nei C-Klass

An heifir hat d’Britta Seeger invitéiert. Si ass zënter 2017 am Conseil d’administration bei der Daimler AG. Als Optakt gouf an der Chronik a Statistik gebliedert. 1982 goung et lass mam Baby-Benz. Esou gouf den 190er vu Mercedes am Volleksmond gedeeft, den Ur-Enkel vun der C-Klass souzesoen.

10, 5 Milliounen Exemplairë konnte bis dato weltwäit verkaf ginn, eleng 2,5 Millioune vun deem Modell, deen elo ofgeléist gëtt.

A China an och a Südkorea léich den Undeel fir d’C-Klass bei nobäi 50 %. Grad bei der femininer Clientèle kéint dee Modell mam Stär extrem punkten.

Wéi feminin ass déi nei C-Klass, Editioun 2021 da geroden?

Britta Seeger: Et ass net esou wichteg op dës feminin oder maskulin ausgeluecht ass. Et geet méi dorëms, hu mir de Modell esou gestalt, dass jiddereen en attraktiv fënnt, an e fuere wëll. Ech perséinlech fannen e bannen a bausse gelongen, a sinn iwwerzeegt dass souwuel Mann a Fra wäerte begeeschtert dovu sinn. 

RTL

Britta Seeger / © www.mercedes-benz.com

An da gëtt preziséiert dass C-Klass vill vun der S-Klass DNA , also vum Spëtze Modell aus der Gamme, spendéiert krut. Deemno och vill Digitaliséierung mat groussen Ecranen u Bord.

Vun „zukunftssicherer Komfortzone in allen Dimensionen“ geet do Rieds.

Zu den techneschen Finessen zielen awer och Digital Light an d’Lenkung un der hënneschter Achs als Optioun.

Di klassesch Proportioune bleiwen erhalen.

RTL

© Mercedes

Op Effizienz a Nohaltegkeet gëtt grousse Wäert geluecht. Mild Hybrid mat 48 Volt Bordnetz mat integréiertem Starter Generator ass elo u Bord.

Bei de Plug-In Versiounen, als Diesel oder Bensinner, suergt en héich effiziente Batterie System fir eng reng elektresch Autonomie, esou d‘WLTP Norm, vun 100km. Kéim dem Co2 Fouss Ofdrock voll ze gutt.

Britta Seeger: Mir kënne, wéi gesot eise ganz staarke Plug-In mat 100km ubidden. Ech testen dat am Moment am Alldag. E groussen Deel vun der Woch fueren ech reng elektresch. E staarkt Argument fir d'Plug-In Versiounen.

Op d’Elektromobilitéit ugeschwat mengt d’Britta Seeger?

E puer Facteure musse stëmmen. D'Autoindustrie muss genuch Modeller ubidden, déi fir jiddereen a Fro kommen. 

Op der anerer Säit muss an all Land méi an d'Infrastruktur investéiert ginn. Wann de Client Problemer huet säin Elektroauto bequem opzelueden, da gëtt et schwéier fir d'Leit vun enger 100 % Elektromobilitéit ze iwwerzeegen.

Limousine an T-Modell, also de Kombi ginn zäitgläich lancéiert. An et ass och annoncéiert ginn, dass sech d’Frënn vu Coupé a Cabrio och op en Nofollger Modell dierfe freeën.

A mir freeën eis deemnächst de Volant vun der neier C-Klass am Grapp ze hunn, an dës dann net virtuell mee am reellen Alldag dierfen ze erliewen.