• De PLUS

    • Reegelbar Recuperatioun
  • De MINUS

    • Traktioun

Virun e puer Woche war et nach ee vun den Highlights vum Autofestival deen an der Blackbox zu Hollerech Avant-Première gefeiert huet...

Kuerz drop duerft eis Automag-Ekipp deen neie Mercedes EQA exklusiv fir zwee Deeg op de Lëtzebuerger Stroossen testen. Wéi eng Impressiounen den neien Elektro-Mercedes hannerlooss huet, verréit eis de Paul Origer.

Automag: Mercedes EQA

An enger Rei mat AMG a Maybach steet se, déi nei Sous-Mark fir Elektrogefierer: EQ. Groussen Début mat vill Tamtam hunn déi zwee Buschtawe virun iwwer 2 Joer mam EQC gefeiert, elo lancéiert Mercedes mam EQA deen zweete Member vun der Elektrofamill.

Den Design

Man nehme: 1 mol GLA, en neie Grill vir an eng nei Blend um Mallendeckel hannen, en Elektromotor ënnert d’Hauf – fäerdeg ass den EQA. Okay, ganz esou einfach ass et net mee de kompakten Elektro-Crossover ass optesch awer zimmlech no u sengem Verbrennercousin bliwwen. Wat jo kee Feeler muss sinn. Den EQA ass wéi de GLA kompakt a geraimeg a virun allem och gefälleg. Fräi vun Design-Experimenter oder Blingbling ouni langweileg ze sinn. Un der glater Kalander mat den an den Design integréierte Pharen erkennt een d’Gesiicht vum EQC, d’LED-Luuchtebänner iwwert déi ganz Breet vu Front an Heck markéieren nuets dat hei Stroum fléisst. Speziell Emblemen, de Logo als Mallegrëff oder extra Felgen si fir den EQ reservéiert.

Den Interieur

Hei gëtt et keng Ënnerscheeder zum GLA: d’Plazoffer ass vir wierklech exzellent – virun allem iwwert dem Kapp ass et lëfteg, eng perfekt Sëtzpositioun séier fonnt. Hanne kann een och net kloen esoulaang Chauffer a Bäifuerer keng ze laang Been hunn. Anerefalls gëtt et fir Knéien a Féiss an der zweeter Rei e bësse méi knapp. 340 Liter Mall si kee Rekord mee, mat Récksiicht op déi déck Batterie am Ënnerbuedem, nach okay.

Den Undriff

140 Kilowatt leescht dat elektrescht Aggregat am EQA 250 un der viischter Achs, fir richteg Wuppes suergt awer d’Dréimoment vun 375 Nm, wéi gewinnt aus dem Stand eraus. Gespeist ginn dës vun enger 66,5 Kilowatt-Stonne-Batterie déi sech am ganze Buedem bis ënnert d’Mall breet mécht. Dee groussen Akkupack versprécht dann eng Autonomie vu 424 – 398 km, an der Praxis waren et der éischter 330 mee déi waren am Alldag absolut brauchbar. Zemools den EQA je nodeems nees séier ka geluede ginn. Sief et per Supercharger an enger hallwer Stonn op 80% oder un der Borne a 6 Stonnen. Just vun der normaler 220V-Dous ass ofzeroden. Eemol plattgefuer muss den EQA mindestens een Dag Paus maachen, fir nees voll ze sinn. Villäicht hat och dofir Mercedes guer keen 220V-Chargeur mam Testauto matgeliwwert.

Op der Strooss

Elektroautofuere mécht Spaass, dat wësse mer. An dat och mam EQA. Sief et well en duerch seng kamoud Fiederung an dat enorm nidderegt Bannegeräisch immens confortabel ka sinn, oder den dréimomentstaarke Motor an déi réckmeldungsfreedeg Steierung och mol zu engem méi dynamesche Fuerstil motivéieren. Besonnesch ervirzehiewen ass déi reegelbar Recuperatioun, déi mat bis zu 80% d’Bremse schounen a mam One-Pedal-Feeling d’Fueren zum Kannerspill maachen. Sportlech fuere soll een allerdéngs mat Moossen. Léisst een dat vollt Dréimoment op nëmmen 2 Rieder lass, da freet sech bekanntlech just de Pneuenhändler, am EQA war d’Traktioun schonn am Dréchenen un hire Grenzen. An de Speck op de Rëpper, spréch déi schwéier Batterien am Ënnerbuedem hunn zwar bei der gudder Stroosselaach gehollef, d’Biergcourse zu Eschduerf géing ech awer net domat fueren. Schliisslech muss den EQA 250 iwwer 400 Kilo méi matschleefe wéi ee gläich staarke GLA 220d. An 2040 Kilo fir ee kompakten Auto sinn eng Uso. Trotzdeem huet sech de Stroumverbrauch nach a Grenze gehalen. Déi versprache 17 Kilowattstonnen hunn ech zwar net erreecht, d’Moyenne vun 22 – 23 war awer, gemooss u mengem schwéiere Gas-, pardon Stroumfouss, nach e gudde Schnëtt.

D’Präisser

Ronn 48.000 Euro rifft Mercedes als Basispräis fir den EQA 250 op, agreabel Optioune wéi Designo-Lack, AMG- oder Premium Plus-Package schloe wéi ëmmer direkt an d’Geld, esou dat eisen Testwon mol labber ob iwwer 60.000 koum. Ëmmerhin awer nach iwwer 10.000 Euro vum grousse Brudder EQC ewech. Spéitstens d’Versiounen mat Allrad a méi Leeschtung wäerten deen Ofstand awer weesentlech verkierzen.