• De PLUS

    • Roueg
    • Zukunftsorientéiert
  • De MINUS

    • Plazverhältnisser

Mirai ass dat japanescht Wuert fir Zukunft. Japanesche Kascht gëtt et haut och am Automag.

Toyota huet e Modell am Programm deen och Mirai heescht a mat Waasserstoff ugedriwwe gëtt. Dee geet elo a seng zweet Generatioun. De Christian Schmit war bei der offizieller Presentatioun zu Bréissel dobäi.

Automag: Toyota Mirai

Grad emol zwee Autoskonstrukteuren, Hyundai an eben Toyota setzen op Zukunft mat Waasserstoff ugedriwwene Gefierer.

Zanter 2014 waren et grad emol 11.000 Mirai weltwäit, an 1.100 an Europa, déi verkaf goufen. De Mirai gouf elo komplett iwwerschafft. Anescht wéi bei de Koreaner, keen SUV, mee eng Coupé-Limousine. Keen exotesch skurrillen Design méi, mee eng elegant Form, déi sech op bal 5 Meter streckt. Op den éischte Bléck méi Lexus, wéi Toyota. Dat erkläert sech doduerch, dass de Mirai elo op der GLA Plattform steet. Déi selwecht vum Lexus LS.

Dat mam Waasserstoff loossen ech mir vum Vincent Varsegaere, Pressespriecher vun Toyota BELUX erklären. Do gëtt et elo e bësschen technesch.

Mir hunn eng Brennstoffzell, déi elektresch Energie u Bord produzéiert. Dofir brauche mir da Waasserstoff a Loft. Bon de Waasserstoff, deen tanke mir wéi de Bensin. An da kënnt dee Waasserstoff mat enger Membran an d'Brennstoffzell a reagéiert mat der Loft. Esou entsteet d'Elektrescht, fir den Auto unzedreiwen, et ass also en Elektroauto. Et entwuscht just H2O, also Waasserstoff. D'Energie geet awer och nach duer, fir den Auto ze hëtzen.

3 am Plaz vun 2 Tanken, esou passen elo 5,6 kg Hydrogen mat 700 bar Drock do dran. Ergo klëmmt d’Autonomie, déi elo 650km versprécht. An da behaapt een och nach, dass de Mirai e „purificateur d’air“ wier. Dat ass awer emol eng Annonce?

Fir eis Brennstoffzell ze protegéieren, muss di Loft, déi vu bausse kënnt, propper sinn. Well dat awer net de Fall ass, hu mir héich sensibel Filteren agebaut. Déi fänken eng 98 % vun all de Partikelen aus der Loft an. Wat hannen eraus kënnt ass extrem propper.

An dann dierfe mir hannert de Volant. Whoaw Luxus puer am Interieur. Lieder op Sëtzer an Tableau de Bord. Pianolack an eng top Veraarbechtung. Genee wéi beim Elektroauto ass beim Fueren näischt ze héieren. Déi 182 PS Leeschtung suerge fir Fuerleeschtungen, déi absolut duer ginn. 9 Sekonne vun 0 op 100, an 175 km/h.

Den neie Mirai léisst sech net aus der Rou bréngen, esou erfuer op enken a schlechte Stroossen a Flanderen. D’Balance vum Chassis ass am Verhältnes 50:50 ausgeluecht. Et gëtt och esou eppes wéi e Sportmodus, mä dat passt net esou richteg zum Mirai.

Et fält op, dass di Hydrogen Technik vill Plaz brauch, üppeg Plaz-Verhältnesser ginn et op den hënneschte Sëtzer, duerch e breede Mëtteltunnel net. Dat gelt och fir d’Mall.

Enn vum Joer soll de Grand Duché jo och eng Waasserstoff-Tankstell kréien. Well déi sinn am Moment nach ganz rar. Dat ass de gréissten Handicap fir den Erfolleg vum Toyota Mirai. Et gëtt nach quasi keng. Och an der Belsch sinn et der grad emol 2. Eis dätsch Nopere leie mat am Ablack 90 un der Spëtzt.

Schued, well Waasserstoff tanken dauert net méi laang wéi bei Bensin oder Diesel. E bësschen esou wéi beim Äerdgas.

Den Toyota Mirai ass direkt disponibel, an eng gutt Noriicht zum Schluss. De Präis fält elo 15.000 Euro méi niddereg aus, mä den Testauto an der Top-Ausstattung koum awer nach op nobäi 75.000 Euro.

Egal wéi, mat Waasserstoff fueren, eng interessant Alternativ, an derwäert, dass hei weider gefuerscht gëtt, an e vläicht net alles op eng Kaart setzt.

Toyota wëll mat der zweeter Generatioun 10 mol méi Mirai verkafen, et gleeft ee fest un de Waasserstoff als zousätzlech Alternativ bei de Brennstoffer fir d'Zukunft.